Invitéen am Moies-Magazin Michel Delage a Valerija Berdi

De leschte Weekend waren d'Valerija Berdi an de Michel Delage op der Leipziger Buchmesse. Déi zwee 100,7-Journalisten zéien de Bilan. Nieft de sëllechen Interviewen, déi si op der Plaz gemaach hunn an déi an nächster Zäit wäerten diffuséiert ginn, hu si zu Leipzig eng ganz Rëtsch Diskussioune mat Schrëftsteller a soss Buchauteure verfollegt.

Valerija Berdi / Michel Delage

Michel Delage Valerija Berdi
Michel Delage Valerija Berdi

Zeréckbehalen hu si Theme wéi den Zoustand vun der Pressefräiheet a Mëttel- an Osteuropa, Rietspopulismus oder och d'Fro, ob ee rietsextrem Auteure soll an däitsche Librairien ubidden.

Méi zum Thema

Michel Delage Valerija Berdi
Invitéen am Moies-Magazin

D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren op der Leipziger Buchmesse. Si schwätzen iwwer den Zoustand vun der Pressefräiheet, Rietspopulismus an der Fro, ob ee rietsextreem Auteure soll an däitsche Librairien ubidden.

Jaroslav Rudis
Jaroslav Rudiš

Mat sengem éischten däitschsproochege Roman "Winterbergs letzte Reise" war den tschecheschen Auteur fir de Leipziger Buchpreis nominéiert. Hien erzielt iwwer säi Roman a seng Vue op déi jonk tschechesch Literatur.

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen