LUXFILMFEST "Migrante si keng Refugiéen"

Si kommen aus dem Irak, Afghanistan, Syrien oder Eritrea. Hire Parcours war dacks geféierlech, laang an ustrengend. Dofir hu si d'Mier oder de Bësch net méi gären. A sengem pedagogesch schéinen Documentaire portraitéiert den Idriss Gabel den Alldag vu 12 Kanner am Flüchtlingsheem. Si waarden an der Belsch op Asyl. E Film iwwer Verloscht, Hoffnung a Frëndschaft. "Je n'aime plus la mer" leeft um Luxfilmfest an der Kategorie "Jeune Public". D'Maxi Pesch huet mam Realisateur geschwat.

Maxi Pesch

Idriss Gabel
De belsche Realisateur Idriss Gabel

Reegelméisseg erreechen eis Nouvellen, datt am Mëttelmier Mënschen ëm d'Liewe kommen. Sinn et dës Nouvellen, déi iech fir ären Documentaire inspiréiert hunn?

Jo, ech hunn dat och gelies. Viru ronn dräi Joer hunn ech mir ugefaange Froen doriwwer ze stellen. Mir ass opgefall, datt d'Medien an d'Politiker ëmmer iwwer "Migrante" schwätzen an net iwwer "Flüchtlingen". Dat sinn awer zwou verschidde Saachen. Der Definitioun no sinn ech selwer och e Migrant, mat franséischen Originnen, mäin Numm kënnt aus Däitschland. Europa besteet aus Migranten. Mee d'Wuert "Flüchtling" bedeit, datt Persoune fort gelaf si well si hëllef brauchen. Dat ass vill méi acceptéiert an der Gesellschaft. Dowéinst benotzen d'Politiker d'Wuert "Flüchtling" net. Et ass kee Film fir d'Mentalitéit vun de Leit ze beaflossen, mee e Film, deen d'Wieder soll op déi richteg Plaz setzen.

Bleiwe mir bei de Wierder. "Ech hunn d'Mier net méi gär, ech hunn de Bësch net méi gär". D'Kanner benotzen am Film dacks simpel Wierder fir schwiereg Situatiounen ze beschreiwen. Situatiounen, déi si selwer net onbedéngt verstinn.

D'Wierder vun de Kanner sinn immens staark am Film. Si beschreiwe sou vill. Ech wollt dëse Message an d'Emotioune verbreeden. Wéi ech déi éischte Kéier an esou ee Foyer vun der Croix Rouge komm sinn, ass mir opgefall, datt iwwer d'Hallschent dovunner Kanner waren. An ech hu mech gefrot, wéi déi Kanner hir Situatioun hei erliewen. D'Eltere sinn obligéiert, d'Kanner unzeléien, vun Ufank un. Et ass nämlech ze geféierlech, hinnen d'Wourecht ze soen. Et ass eng extrem Situatioun, wann ee flüchte muss. D'Kanner dierfen näischt mathuelen, keng Spillsaach, op engem Wee, wou si mol net wësse wouhinner et geet. D'Kanner kommen hei u mat verschiddenen Traumaen. An ech hunn dat gesinn, an dat huet mech immens markéiert.

Wéi hutt Dir d'Vertrauen zu de Kanner gewonnen?

Iwwer eng laang Zäit. Ech hunn ee Grupp gesicht, dee Loscht hat sech auszedrécken. Dat war wichteg. Ech hunn am Ufank dräi Foyeren erausgesicht a sinn an deenen dräi all kéiers dräi Méint laang bliwwen. Duerno sinn ech nach eemol dräi Méint laang an deem Foyer bliwwen, an deem ech filme wollt. Mir hunn zesumme Spiller gemaach a verschidden Aktivitéite fir e Lien ze kreéieren. Näischt, wat mat engem Film ze dinn hat. Duerno hunn ech e puer Méint laang kleng Kamerae matbruecht an hinne gewisen, wéi ee sech selwer filmt, fir datt si sech un d'Kamera gewinnen. Eréischt duerno huet den Tournage ugefaangen. An am Plaz vu véier bis fënnef Kanner waren der herno 12 am Film. Fir d'Kanner war et wichteg, einfach nogelauschtert ze kréien. Et sinn och ganz schéin Temoignagen dobäi iwwer d'Frëndschaft tëschent de Kanner.

Datt et e Film vu Kanner fir Kanner ass, erkennt een och zum Beispill un Hand vun der Relioun.

De Kanner sinn déi theologesch Froen zimlech egal. Am Film erkennt ee gutt, datt Kanner bereet si Jiddwereen unzebieden, sou laang eppes Positives dobäi erauskënnt. Zum Beispill gesäit ee Moslemen, déi de Jesus ubiede fir eng positiv Äntwert ze kréien. D'Kanner ginn eis eng grouss Lektioun ...

Reliéis ass och d'Musek, Dir hutt Mozart a Reggae ëmgewandelt ...

De ganze Film gëtt duerch Musek vum Mozart begleet. An diverse Formen. Jo, et geet vu Klassik bis Reggae. Fir mech symboliséiert Mozart och d'Relioun, an eng Rigueur an den Nouten. Dat ze re-interpretéieren heescht och dem Mozart nei Faarwen ze ginn, ethnesch Faarwen. De Reggae symboliséiert och d'Freed, déi Kanner hunn.

Hutt Dir nach Kontakt zu de Famillen?

Jo, ech probéieren ze hëllefen, wou ech kann. Verschidde Famille goufen zeréckgeschéckt, obwuel si a grousser Gefor sinn. Wie bleiwe kann a wien net, ass an Europa wéi eng Lotterie.

Méi zum Thema

Unit Still for Ray & Liz Luxfilmfest
Offiziell Kompetitioun

De renomméierte Fotograf Richard Billingham huet mat "Ray & Liz" säin autobiografescht Wierk a Form vu Fiktioun weidergefouert. Eng Kandheet an engem schappegen Ëmfeld, net ouni Häerzlechkeet.

Ghiath Ayoub Luxfilmfest
LUXFILMFEST

"D'Konscht ass eise Wee fir ze kämpfen". Am Interview schwätzt de syresche Realisateur vu "Still Recording" Ghiath Ayoub iwwer den Doud, d'Konscht als Waff an d'Hoffnung am syresche Biergerkrich.

THIRD WIFE (c) All rights reserved (11).jpg Luxfilmfest
Offiziell Kompetitioun

Déi am Vietnam gebueren Ash Mayfair huet mat "The Third Wife" hiren éischte Long-métrage gedréint. Ee Film iwwer d'Plaz vun der Fräiheet an engem vum Schicksal dominéierte Liewen.

THE ANNOUNCEMENT - all rights reserved  (2).jpg Luxfilmfest
Offiziell Kompetitioun

Eng minimalistesch Mise en scène a subtil-dréchenen Humor zeechnen "The Announcement" (Anons) aus. Den tierkesche Film iwwer ee versichte Militärputsch kéint duerchaus een aktuelle Bezuch hunn ...

De François Le Gall an de Vincent Ravalec Luxfilmfest
Filmfestival

Ee Film immersiv mat e puer Sënner erliewen. Eng Welt tëschent Fiktioun a Realitéit. Mat zéng Filmer kritt d'Virtuell Realitéit ëmmer méi eng grouss Plaz um Luxembourg City Filmfestival.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen