Si "papillonnéiert", ass deemno fladdereg, spréngt vun engem Thema zum nächsten an nennt hir Expo "Minute Papillon!", also "Moment emol, eng Sekonn!". Effektiv gesäit d'Florence Doléac kee Widdersproch tëschent Onbestännegkeet a "gutt Déng brauch seng Zäit". Mat e Grond firwat déi ausgebilt Designerin hire post-universitäre Grupp "Radi-Designers" 2003 no zéng Joer Collaboratioun verlooss hat. Si wollt och emol eng Iddi einfach leien, Stëbs drop fale loossen, se spéider nach emol opgräifen. Dreemen, dat war am Kollektiv, ënner anerem duerch Contrainten, déi mat enger industrieller Design-Produktioun verbonne waren, net méiglech. Hir Astellung hätt mat hirer Kandheet ze dinn, sou d'Florence Doléac. Manner mam Fait, datt si 1968 op d'Welt koum, mee domat, datt si um Land, an der Natur, ouni vill Chichi opgewuess ass. Do wier hir Kreativitéit voll opgeblitt, a wärend deem hätt si net matkritt, datt ee misst erwuesse ginn.
Kreéieren, fir sech selwer ze therapéieren?
Dobäi géif d'Florence Doléac net stoe bleiwen. Si wëllt hir Konzepter deelen. Mat hire poeteschen, zum Deel absurden Aarbechten, hannerfreet si d'Funktioun vun Objeten, dacks vun Alldagsgéigestänn, déi mir all benotzen, wéi zum Beispill Klenschen, just datt bei hiren de Grëff net haart, mee mëll ass. "Intercepter le geste" sou nennt d'Florence Doléac hir Approche.
Billardskugele sinn haart wéi Steen, oder ebe wéi Phenolhaarz. Fir den Interview sëtze mir op iwwerdimensionalen, gemittlechen, mëlle Billardsbull-Puffen, ënner enger Zort Friichtercherluuchten: Also Designerobjeten. Mee am Zentrum vum Ratskeller huet d'Florence Doléac d'"chambre des rêves" opgeriicht, en Himmelbett mat Riddo, op dee si fréier Aarbechte printe gelooss huet. Dësen Universum steet fir den neie Projet "Maxi Dreams", eng Reinterpretatioun vun der Maurice-Sendak-Geschicht "Max et les maximonstres" vun 1963, an där e Bouf zur Strof op säin Zëmmer geschéckt gëtt, an do déi fantasteschst Monstere begéint. D'Florence Doléac huet wëlles, op verschiddene Plazen, an der fräier, wëller Natur, Better opzeriichten, déi d'Dreemer vun dëser Welt invitéiere sollen, eng Nuecht do ze verbréngen, an hir Dreem duerno ze deelen. Nach en Design- oder schonn e Konschtprojet? Si géif an de Poren tëschent deenen zwee sëtzen, sou d'Florence Doléac.
Ofschléisse vun engem Kapitel
"Minute Papillon" am Cercle Cité presentéiert en Deel vun enger 2017er Ausstellung, déi am Frac Grand Large zu Dunquerque, als Retrospektiv annoncéiert war. Ass dat net awer e bësse fréi? Nee, fënnt d'Florence Doléac, si wier am Gaangen, e Kapitel ofzeschléissen, en neien Ufank ze maachen.
Messagen, déi d'Floréance Doléac och als Enseignante op der Ecole Nationale Supérieure des Arts Décoratifs zu Paräis, weidergëtt. Fir dann nom Cours séier den Zuch an d'Bretagne ze huelen. Fir de Rescht päift si mëttlerweil zefridden op villes.