Radioen

On air

Notturno  |  Mabe Fratti - Cada Músculo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir brauchen en Archiv fir Lëtzebuerger Konscht"

Patrimoine

"Mir brauchen en Archiv fir Lëtzebuerger Konscht"

D'Literatur huet de CNL, den Audiovisuel den CNA... mee d'Konscht? Verstuerwe Kënschtler géingen a Vergiessenheet geroden, well kee Konschtarchiv do wier, kritiséiert de Paul Bertemes. Et misst eng Plaz ginn, op där d’Konschtbestänn opgeschafft a valoriséiert ginn.

auto_stories

3 min

Roger Bertemes aus der Finnland an Lappland-Serie vun 1976 aus dem Buch "Le tournant finlandais" (© archives artiste; Foto: mediArt)

Am November sinn et zéng Joer hier, datt de Roger Bertemes gestuerwen ass. Mat zwou Hommage-Ausstellunge gëtt de Lëtzebuerger Kënschtler den Ament an der Stad gewierdegt. Engersäits am Espace mediArt um Roude Pëtz, wou säi Fils Paul Bertemes Aarbechten aus den 1990ger Jore vun him weist. Anerersäits mat enger konzentréierter Retrospektiv an dräi Säll, an der Expo "Espaces d’Artistes" an der Villa Vauban.

Mussen et esou ronn Joresdeeg ginn, fir déi doten Zort Ausstellung kënnen op d’Been ze stellen? Jo, seet de Paul Bertemes. Den Ament wier dat déi eenzeg Méiglechkeet fir ze verhënneren, datt Kënschtler a Vergiessenheet geroden. Et géif eng Plaz feelen, op där d'Wierker dauerhaft ze gesi wieren. Déi misst op engem Archiv baséieren. "Et muss eng Institutioun ginn, ob een dat elo Musée oder Nationalgalerie nennt, déi d'Saachen opschafft."

"Mir brauchen en Archiv"

"Deen Archiv, deen ech ëmmer erëm uschwätzen, dee feelt", kritiséiert de Paul Bertemes. Fir d'Literatur géing et de CNL a fir den Audiovisuelle Beräich de CNA ginn. "Genee esou eppes brauche mir fir d'Molerei an d'Arts plastiques."

De Galerist zitéiert den "Institut für aktuelle Kunst" un der Konschthéichschoul am Saarland. "Déi hunn et fäerdeg bruecht, mat engem Minimum u Personal an 20 Joer e komplett Archiv opzebauen." Den Institut kéint dofir elo e Kënschtlerlexikon uleeën an elektronesch verbreeden. "Dat ass e Beispill dat weist, wat méiglech ass, wann een eng Visioun, eng Iddi huet a sech engagéiert."

"Nëmme Waasserkäpp"

Zu Lëtzebuerg géif dogéint vill diskutéiert ginn, mee näischt geschéien. "Et gi just Waasserkäpp opgebaut", klot de Paul Bertemes. Lëtzebuerg hätt déi beschte Gebaier an am ganze Land wiere Kulturzentere verstreet, déi méi oder manner gutt géinge fonctionnéieren. "Et ass net d'Infrastruktur vun der Logistik, déi feelt. Mee d'Fro, wéi een domadder ëmgeet."

D'Kulturpolitik misst vun enger klorer Linn geleet ginn. D'Asiicht, datt misst eppes geschéie wier do, mengt de Paul Bertemes. "Mee net nëmmen de Staat, de Ministère muss eppes maachen. Mir mussen alleguer eppes maachen." Privatinitiative kéinte vill erreechen. Dat géif zum Beispill den National Trust a Groussbritannien weisen. Zu Lëtzebuerg géifen esou Initiative feelen. Dobäi géifen et vill Méiglechkeete ginn, fir zesumme mam Staat eppes op d'Been ze stellen.

Ierfschafte verwalten

Och d'Gabriele Grawe, Conservatrice an der Villa Vauban, ass der Meenung, datt en Archiv fir Konscht noutwenneg ass. Si misst sech an hirer Aarbecht vill op Aussoe baséieren, déi si net iwwerpréiwe kéint. D'Ierfschafte vu Kënschtler wieren dacks chaotesch oder d'Ierwe géingen d'Konschtbestänn ewech geheien.

Dofir fënnt och d'Gariele Grawe, datt et néideg ass eng Plaz ze schafen, op där d'Ierfschafte systematesch opgeschafft ginn. Zum Beispill a Form vun enger Datebank. "Dat ass wichteg fir d'Erhale vun der Erënnerung an d'Valoriséierung vun der Lëtzebuerger Konscht." Am Géigesaz zu aneren, méi grousse Länner hätt Lëtzebuerg déi Méiglechkeet, fënnt d'Gabriele Grawe.

Den Ament gëtt villes, wat de Roger Bertemes geschaaft huet, vu senge Filsse betreit. De Paul Bertemes a säi Brudder gesinn sech als sougenannt Caretaker. "Eng Ierfschaft am Kulturberäich ass keng normal Ierfschaft, wéi wann een en Haus oder en Auto ierft." Et kréich een en Optrag mat, an dee misst ee beschtméiglech erfëllen, esou de Paul Bertemes.