Radioen

On air

Resonanzen  |  Pressyes - Purpose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hu ganz wéineg perséinlech Fräiheet"

Literatur

"Mir hu ganz wéineg perséinlech Fräiheet"

Mat senge "romans noirs" huet sech de Marcus Malte, alias Marc Matiniani, scho laang en Numm gemaach. Säi lescht Wierk "Le Garçon" erzielt eng ganz aner Geschicht. Ee Gespréich zu Saint-Malo mat engem douce Rebell.

auto_stories

4 min

E Jong ouni Numm huet d'Jury vum Prix Femina d'lescht Joer iwwerzeegt. Dem Marcus Malte säi Protagonist, de "garçon" aus dem Titel vu sengem leschte Roman, wiisst wäit ewech vun der Zivilisatioun op. Nom Doud vu senger Mamm mécht hie sech op de Wee. Hie wëll der Mënschheet begéinen, fir en Deel vun der Gesellschaft ze ginn.

An d'Gesellschaft hëlt dësen "enfant sauvage" och un: mol mat Veruechtung, mol mat Matleed, op alle Fall mat Irritatioun a Verwonnerung. Mä dëse moderne Kaspar Hauser ass net voller Geheimnisser a Rätselen. Geschwë kritt hien d'Onmënschlechkeet an all dat grujelegt vum Éischte Weltkrich, an deen hien als jonken Zaldot erageréit, ze spieren...

"De Mënsch ass a bleift eleng"

Nieft der Geschicht selwer, déi sech op iwwer 500 Säiten erstreckt, gëtt et ganz vill Iwwerleeungen, Betruechtungen, Uspillungen a Perspektiven op d'Gesellschaft. Awer och op den Individuum an dëser Gesellschaft an an dëser Zäit, säin Denken, säin Handelen ... Et ass eng Ausenanersetzung mat der "condition humaine".

"Als Romancier probéieren ech Geschichten z'erzielen. Hoffentlech ass et mir och gelongen, ee méi philosopheschen Aspekt mat eranzebréngen", sou de Marcus Malte. De Schrëftsteller war viru Kuerzem zu Saint-Malo, um Literaturfestival "Étonnants voyageurs", wou mir mat him iwwer säi Roman "Le Garçon" konnte schwätzen.

"Ech probéieren de Mënsch z'erfuerschen, mat senge verschiddene Facetten." Besonnesch och d'Fro vun der Mamm huet de Marcus Malte interesséiert. "Déi Fro huet mam Verlooss-sinn ze dinn, mat der Einsamkeet vum Mënsch. Soubal een de Bauch vu senger Mamm verlooss huet, ass een - menger Opfaassung no - eleng. An et bleift een eleng." D'Figur vun der Mamm wier am Roman séier net méi do. De Jong misst deemno eleng eens ginn.

"Den Individuum ass staark vun der Gesellschaft bestëmmt"

De Marcus Malte behandelt de Mënsch als Individuum, dee seng ganz perséinlech Geschichten erlieft. Parallel passéieren an der Welt awer och Saachen, déi d'Existenz vun der Mënschheet nohalteg beaflossen. Dat si keng nei Erkenntnisser, mä beim Malte gëtt dat op eng ganz subtil an empathesch, engagéiert a reflektéiert Manéier duergestallt.

"Fir mech ass den Individuum staark vun der Gesellschaft bestëmmt, vun der Zäit, der Geschicht, dem Milieu, an deem hie lieft", sou den Auteur vun "Le Garçon". "A Wierklechkeet hu mer ganz wéineg perséinlech Fräiheet. Eis Choixe sinn a Wierklechkeet keng Choixen."

Am Joer 2012 war dem Marcus Malte seng Ënnerschrëft um Manifest "77 auteurs de polars appellent à voter pour Jean-Luc Mélenchon", eng Ënnerstëtzung also fir dee lénke Politiker, deen dëst Joer a Frankräich als Presidentschaftskandidat ugetruede war. Déi sozial a politesch Entwécklung géif him Angscht maachen, sou de franséischen Auteur, dee bis elo éischter fir seng Krimie bekannt war. Seng Lieser wéilt hien awer a kenger Form mat senger Literatur manipuléieren.

"Ech wëll kee politesche Message vermëttelen"

"Mir geet et an éischter Linn net drëms, ee Message ze vermëttelen. Ech wëll meng Zweiwelen, meng Froen, deelen. Wann ech mech iwwer eise Liewensstil opreegen, da muss dat schonn am Déngscht vun de Personnagen, vun der Erzielung stoen."

Musek spillt eng grouss Roll am Marcus Malte sengem Liewen. Selwer bezeechent hie sech als "un musicien raté, qui continue de composer sous une autre forme". De Prix Femina, deen hien d'lescht Joer fir säi Roman "Le Garçon" krut, wier net just eng Unerkennung fir ee bestëmmt Wierk. De renomméierte Präis geséich hien als eng Chance un: no 20 Joer Karriär als Auteur d'Opmierksamkeet vun engem méi grousse Publikum ze kréien.

Extrait aus dem Marcus Malte sengem Roman "Le Garçon" (Editions Zulma):

"Le garçon regarde. La poitrine soulevée par une respiration lente et profonde. Il se souvient. C'étaient d'autres temps. C'était peut-être un autre monde. Ici et maintenant le cheval est couché et lui est à genoux et debout autour, en rempart, il y a la garde rapprochée que forment le caporal et tous les hommes de l'escouade. Et les hommes sont toujours là, plus tard, auprès du garçon, lorsque les flammes s'emparent de la dépouille du hongre, et nul ne peut savoir en vérité quelle part d'eux s'envole alors dans la fumée avec le cheval mort."