Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  João Selva - Passarinho

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir sinn ënner Zäitdrock, dat ass ganz kloer"

Esch 2022

"Mir sinn ënner Zäitdrock, dat ass ganz kloer"

Et wier wichteg, datt d'Equipe vun Esch 2022 elo a Rou kéint schaffen. Allerdéngs wier een ënner Zäitdrock, där Meenung ass d'Kulturministesch Sam Tanson. Gëschter gouf confirméiert, datt den Haaptsëtz vun der Europäescher Kulturhaaptstad net wéi geplangt an d'Gebléishal, mee an déi al Möllerei an an eng Dosen aner Gebaier um Belval kënnt.

auto_stories

2 min

Déi mussen allerdéngs renovéiert ginn. De Fonds Belval géif wëssen, wat hir Echeance ass, "hei gëtt et elo keng Alternativ", esou d'Sam Tanson. Dës Echeance misst och, mat engem klengen Delai vun där enger oder anerer Woch, respektéiert ginn. Dat wier een Avantage vun der Möllerei, "datt si dat Gebai gutt kennen. Well een Deel dovunner ass jo scho vun der Bibliothéik vun der Universitéit besat."

D'Möllerei ass an de 60er Joren eng Kéier generell iwwerholl ginn. D'Gebai wier am Zoustand, wéi wann et eréischt aus de 60er Jore staamt. De Luc Dhamen vum Fonds Belval géif dofir vu "relativ limitéierten Iwwerraschungen" ausgoen, seet d'Sam Tanson.

"D'Equipe brauch Planungssécherheet"

D'Entscheedung fir d'Möllerei als Haaptsëtz vun Esch 2022 ze notze wier séier geholl ginn - mee net iwwer de Knéi gebrach ginn, esou d'Ministesch. D'Equipe bräicht Planungssécherheet. Den urspréngleche Choix vun der Gebléishal gouf verworf, nodeems gewosst war, datt eng Renovatioun vun der Gebléishal net mat Zäit fäerdeg géif ginn.

An enger éischter iwwerflächlecher Analys wier gekuckt ginn, ob de Projet an den neie Gebaier kéint ënnerbruecht ginn. De Fonds Belval wier der Meenung, datt dat machbar wier, esou d'Sam Tanson. D'Etüde géifen elo verdéift ginn. Am Hierscht soll een entspriechenden Avant projet de loi virleien. Als Zil fir den Ofschloss vun den Aarbechte gëllt den Ament Hierscht 2021.

Wéi vill Sue fir d'Bauaarbechte géifen debloquéiert ginn, konnt d'Sam Tanson iwwerdeems net soen. D'Käschte sollen am Gesetzesprojet festgehale ginn.