Radioen

On air

Notturno  |  Call Super & Julia Holter - Illumina

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Miss Americana vun der Lana Wilson

Filmkritik

Miss Americana vun der Lana Wilson

Museksdocumentairen hunn eng joerzéngtelaang Traditioun. Och Netflix huet sech där Zort Film zougedréit. D'lescht Joer huet de Bob Dylan Documentaire vum Martin Scorsese op seng Manéier mat fantasmagoresche Ligen eng poetesch Wourecht zum Kënschtler ausgedréckt. Mee net just déi al Huese wëssen de Medium fir sech ze benotzen. Mat "Miss Americana" rappt d'Taylor Swift hir eegen Narrativ fest u sech, wéi den Documentaire vun der Lana Wilson weist.

auto_stories

4 min

D'Taylor Swift sëtzt am Schneidersëtz an hirer aler Kummer a virun hir leien d'Journal intimen aus hirer fréier Pubertéit. Si bliedert an hirem éischte Bichelchen - rosa natierlech a voller Stickeren - a gëtt ze verstoen, datt hiert Liewensmantra doranner bestanen huet, ëmmer dat gutt Meedchen ze sinn a sech anstänneg ze behuelen.

Alles richteg maachen

Frëndlech mat all Mënsch ze sinn, ëmmer versichen dat Richtegt ze maachen a virun allem kee virun de Kapp ze stoussen. Dat ass esou, wann een als Fra an der Countryzeen wëllt Succès hunn. Bon, jonk Fra. D'Taylor Swift war keng 14, wéi si hir éischt Nummer 1 an der Täsch hat.

Mat der Beyoncé a mat der Lady Gaga komplettéiert d'Taylor Swift d'Triumvirat vun den aktuelle westleche Popgëttinnen. Jiddwerengem dierften déi Nimm natierlech e Begrëff sinn. Dofir ass et duergaangen, an deene leschten zéng Joer sech just ganz e bëssi fir déi kommerziell popkulturell Stréimungen ze interesséieren.

"Miss Americana" ass natierlech en enorme PR-Stunt, deen zoufällegerweis dank senger Indie-Realisatrice zu Sundance gelaf ass. "Miss Americana" erzielt natierlech, wéi dee Star born ass. Wat net weider spektakulär ass, well d'Swift mat sengem scheinbar onendlechen Output u Songwritertum a mat deem senger Formule de Schlëssel zu hirer Fanbase fonnt huet. Vun den Ufäng am Country war dee Wee net wäit bis an de Pophimmel.

Den eegenen Narrativ kontrolléieren

Wat "Miss Americana" awer interessant mécht, ass wéi d'Taylor Swift, mat der Realisatrice Turner, d'Spezifizitéite vum Museksdocumentaire benotzen, fir seng eegen Narrativ an de Grapp ze huelen an einfach emol e puer Usoen ze maachen. De Film funktionéiert als inzenéiert rosa Glitzer- a Kazelasteg Therapiestonn, bei där de Patient decidéiert, wat erzielt gëtt a wat net.

Do ass d'Terminologie vum Documentaire natierlech alt nees eng komplizéiert. U sech ass dat Dokumentarescht am Documentaire zanter sengen Ufäng eng ëmstridde Geschicht. Beim Museksdocumentaire souwisou. Mee dat soll hei op dëser Plaz keng filmtheoretesch Stonn ginn.

Foto: IMDb

Vum Moment bei de VMAs, wärenddeem de Kanye West d'Bün gestiermt an der Gewënnerin Taylor Swift de Mikro aus der Hand gerappt huet fir ze pöbelen, datt d'Beyoncé de beschte Video vun allen Zäite gemaach huet, bis zum Hashtag #TaylorSwiftIsOverParty. D'Musekerin léisst verstoen, datt hanner deenen haut rezente groussen absurde popkulturellen Amenter hir Fassad komplett zesummegebrach ass.

Therapiestonn, déi vum Patient diktéiert gëtt, well een ebe gesäit, wat d'Swift decidéiert, datt een et gesäit. D'Kamera suivéiert si natierlech hanner der Bün, am privaten Jet an am Studio, wéi si hir Lidder mam Produzent bastelt. Wat een net gesäit, ass d'Relatioun zu hirem Liewenspartner oder d'Krankheet vun hirer Mamm. Béides gëtt an ënner enger Minutt ofgehaakt.

Foto: IMDb

"Miss Americana" ass e Film vum Wee, wéi d'Taylor Swift zu deem gëtt, wat si haut wollt sinn. Eng selbstbewosste Fra, déi och endlech zu hire politesche Vuen ëffentlech steet. De Film ass domadder schlussendlech der Swift hiren Dokument, fir Jonken ze verstoen ze ginn, datt de President muss ausgetosch ginn.

Et huet een natierlech als Museks- a Filmsnob um radio 100,7 de Reflex, dat als platt an net éierlech profund ofzestempelen. Mee et ass der Lana Turner hir Sensibilitéit, dee ganze rosa Glitzerplastik mat den Ageständnisser vun der Taylor Swift zesummenzebréngen, déi aus "Miss Americana" alles an allem 85 Minutte maachen.

126 Millioune Follower op Instagram sinn net ze ignoréieren a "Miss Americana" versicht op de Fong ze goen, wéi d'Musekerin Swift mat där Responsabilitéit géigeniwwer deene Follower ëmgeet. Virun allem sech selwer géigeniwwer awer. An do ass et natierlech u sech egal, wat e Museks- a Filmsnob vum radio 100,7 dozou seet.