Radioen

On air

De Moien  |  Gene Chandler - Duke Of Earl

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mons 2015: De Bilan

Kulturhaaptstad

Mons 2015: De Bilan

Kann de Projet "europäesch Kulturhaaptstad" eng Regioun opwäerten? D'Beispill Mons weist, datt et ka goen. D'Stad ass wirtschaftlech nach ëmmer ugeschloen. Awer ouni Kulturjoer wär et nach schlëmmer.

auto_stories

2 min

Den offizielle Bilan ass méi wéi positiv: Ronn 2,2 Millioune Visiteuren a 600.000 verkaaften Ticketen. Den Highlight war eng grouss Van Gogh-Ausstellung, déi eleng 200.000 Visiteuren ugelackelt huet. 71 Milliounen Euro war de Budget vun der Fondatioun Mons 2015, déi mat engem Iwwerschoss vu 6 Milliounen Euro finaliséiert gouf. Dëse finanzielle Polster erlaabt et, fir weider kulturell Projeten zu Mons ze organiséieren. Wéi uzm Beispill eng Kulturbiennale vun 2018 un.

1 Euro investéiert, 6 Euro erausgezunn

Zwou Etudë goufen no 2015 realiséiert fir de sozio-ekonomeschen Impakt vum Kulturjoer z'evaluéieren. Op där enger Säit um lokale Plang, op där anerer Säit an der ganzer Regioun Wallonie.

Mons 2015 huet der lokaler Ekonomie gutt gedoe mat bis zu sechs Euro Benefice pro investéierten Euro. De Buergermeeschter vu Mons a fréiere belsche Premier Elio Di Rupo (PS) ënnersträicht e Chiffre d’affaires vun 350 Milliounen Euro, deen am Kontext Aarbechtsplazen, kreativ Entreprisen oder HORESCA generéiert gouf.

Mons 2015 steet awer och am internationale Verglach, finanziell a kulturell, guer net schlecht do. Zum Beispill am Verglach mat Lille 2004. De Philippe Kern vum Bureau d'Études KEA seet, datt Mons Lille bei wäitem depasséiert hätt, wat d'Zuel vun de Visiteuren, den Invest an d'Aktivitéiten ugeet. D'Erausfuerderung gouf vun de Responsabel vun der Stad Mons erfëllt, esou de Philippe Kern.

Trotz Succès ass Mons finanziell net gesond

Déi positiv finanziell Niewewierkunge vu Mons 2015 loossen dëst Joer awer kee finanzielle Raum fir nei kulturell Projeten. Och am Zentrum vu Mons ass déi finanziell Situatioun éischter schlecht. Et brauch ee just d'Zuel vun den zouene Geschäfter an der Foussgängerzone ze zielen.

Den Elio Di Rupo (PS) mengt awer, datt d'Situatioun ouni Mons 2015 nach méi schlecht wier. De Succès vun der Kulturhaaptstad hätt awer net all Problemer geléist hätt. Et misst weider geschafft ginn. Den Image de Marque vu Mons 2015 soll hëllefen eng attraktiv Stad ze ginn, fir nei Investisseuren op Mons ze zéien.

Kulturell Renaissance vun enger Stad

An dat matten an enger Regioun, déi ekonomesch brooch läit. Mons 2015 huet der Stad 6 nei Muséeë bruecht. Eng kulturell an ekonomesch gewonne Wett. D'Stad Mons huet elo eng Basis fir den Effekt vum Kulturjoer weider liewen ze loossen.

Den nächste Rendez-vous: Kulturbiennale Mons 2018.