Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Becca Mancari - Over And Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ MUDAM feiert zéng Joer

Kultur

MUDAM feiert zéng Joer

De Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean gouf 2006 ageweit. De MUDAM huet seng Dieren op dësem Samschdeg grouss opgemaach. Nieft den offizielle Rieden war et ee kuerzen Optrëtt vun der amerikanescher Folk-Legend Patti Smith.

auto_stories

5 min

D'Patti Smith op der MUDAM-Feier

“De Musée ass schéin, ech komme mer fir wéi an enger Konschtkathedral”, huet d’Sängerin Patti Smith hire Gaaschtoptrëtt op der Anniversaire-Feier ageleet. Zënter 2006 gëtt et de MUDAM also schonn. D’Decisioun fir seng Schafung ass 1989 gefall. “Ee symbolescht Joer, eng symbolesch Period”, sot d’Ierfgroussherzogin Stéphanie, Presidentin vum Verwaltungsrot, an hirer Ried.

150. Anniversaire vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet, duerno Bau vun der Philharmonie, der Coque, der Rockhal, a Renovatioun vum Stater Theater a vun der Abtei Neimënster... “De MUDAM huet seng Plaz fonnt an engem Lëtzebuerg, dat a voller Mutatioun war”, sou d’Prinzessin Stéphanie.

"Et war méi iwwert d'Steng geschwat ginn"

“D’Ufäng ware guer net einfach”, sot de Xavier Bettel iwwert déi mouvementéiert Virgeschicht vum "Pei-Musée", e Match dee laang viru senger eegener politescher Lafbunn gemaach gouf. De Premier- a Kulturminister ass op d’Kontroversen agaangen ëm de Präis vun de Marber-Bléck, mat deenen de Musée gebaut ginn ass. “Et war méi iwwert d’Steng geschwat gi wéi iwwert de Konzept vum Musée. Jidderee wousst, datt et Magny dorés an der Bourgogne géif ginn.”

Méi wéi 750.000 Visiteuren hätt de MUDAM an der Tëschenzäit empfaangen. D’Kultur wier elo méi gebraucht ewéi je, sou den DP-Politiker. “Mir liewen an enger Zäit, an där politesch Parteie versichen eis ze splécken.” Dem Xavier Bettel no géifen dës Parteien d’Differenz an d’Pluralitéit an der Kultur als eng Schwächt duerstellen. “D’Kultur ass Deel vum Zement, deen eis zesummenhält”.

"Wat kann e Musée fir zäitgenëssesch Konscht haut zu Lëtzebuerg maachen?"

Ee “lieu de rencontre” vun der zäitgenëssescher Konscht, eng Plaz vun der Schéinheet an der Contemplatioun, a vun der intellektueller Beräicherung: esou gesäit d’Zukunft vum MUDAM an den Ae an an de Wierder vun hirem Direkter aus.

Wéi definéiert den Enrico Lunghi de Stil vu senger Ausstellungspolitik? Et misst ee sech froen: “Wat kann e Musée fir zäitgenëssesch Konscht haut zu Lëtzebuerg maachen?”, sou de MUDAM-Direkter am 100,7-Interview. D’Land hätt zwar keng Roll gespillt an der historescher Entwécklung vun der zäitgenëssescher Konscht. Mee et géif drëm goen “Akzenter ze setzen, eis Méiglechkeeten esou gutt et geet ze notzen”. Et misst ee maache wat nach net gemaach gouf, wéi beispillsweis déi aktuell Retrospektiv vum Wim Delvoye, iwwert deen, trotz sengem Bekanntheetsgrad, nach keng panoramesch Expo realiséiert gouf. Oder déi rezent Ausstellung “Eppur si muove”, iwwert déi géigesäiteg Aflëss an Inspiratiounen tëscht Konscht a Wëssenschaft.

"Akzenter setzen" - Den Direkter vum Mudam Enrico Lunghi

Den Enrico Lunghi war um Sonndeg Moien Invité an der Emissioun "musikalesch Visittekaart.

“Et ass eng Aarbecht geleescht ginn, déi soll weider ënnerstëtzt ginn”, sot de Member vum Verwaltungsrot Paul di Felice. De Conseil hätt, senger Meenung no, keen Afloss ewech geholl kritt zënter eng “Commission de gestion” sech ëm d’Finanze vum Musée bekëmmert.

"Ni um Bau vum Musée gezweiwelt"

“Zu Lëtzebuerg huet a sengem Liewe kee mat méi wéi engem Musée gelieft, ausser wie manner wéi 15 Joer al ass”, sot den Direkter Lunghi. Et misst een zwar net all Ausstellung kucke kommen. Wichteg wier et awer, sech zum Beispill dräi Mol d’Joer virzehuelen an e Musée ze goen. “Nëmmen esou kann ee sech eng Meenung bilden”.

“Ech hunn am Fong ni dru gezweiwelt, datt de Bau kéint gemaach ginn”, sot d’Erna Hennicot-Schoepges. D’CSV-Politikerin war an der Responsabilitéit als Kultur-, a spéider och als Bauteministesch, wéi de Musée an d’Liewe geruff gi war. Si huet d’Iddi vun enger “Kunsthalle” ënnerstëtzt, déi am Kader vun der Kulturhaaptstad Esch 2022 kéint ëmgesat ginn. Op den Assisë vun der Kultur, déi um Dag vun de MUDAM-Festivitéiten - net wäit ewech, am Stater Theater - ofgeschloss goufen, ass nämlech d’Kritik opkomm, lokal Kënschtler kéimen am MUDAM net genuch zum Schoss.

De Staatssekretär fir Kultur Guy Arendt sot, d’Regierung wéilt sech am Verwaltungsrot dofir asetzen, datt een net nëmmen op importéiert Konscht setzt. Den DP-Politiker huet des weidere verséchert, datt beim Budget fir “arts plastiques” méi Efforte géife gemaach ginn. Bildend Konscht kënnt allgemeng manner gutt ewech ewéi aner Ausdrocksformen.

"Kee Musée, mee eng héich ugesate 'Kunsthalle'"

D’Konschtkritikerin a Wort-Journalistin Marie-Laure Rolland huet den Enrico Lunghi fir seng “méi oppen Acquisitiounsstrategie” gelueft. An dofir, datt weiblech Kënschtler am MUDAM méi grouss Ausstellunge géifen ugebuede kréien, am Ausland wier dat net selbstverständlech. Fir hire Kritikerkolleg Hans Fellner wier de MUDAM “kee Musée, mee an der Praxis eng relativ héich ugesate Kunsthalle”, deen “eng gewësse Liga” vu Kënschtler géif u viséieren.

Am Ausland wier de MUDAM duerchaus e Begrëff, sot de Kënschtler Filip Markiewicz, deen zu Hamburg lieft. D’Simone Decker, där hir international Carrière se op Frankfurt gefouert huet, ass der Meenung, datt de MUDAM an de Casino iwwerhaapt emol der Konscht eng Visibilitéit zu Lëtzebuerg ginn hätten.

D’Verjéngung vum neie Verwaltungsrot an d’Ouverture op aner Domäne wier de Wëlle vum Kulturminister gewiescht, sou d’Danièle Wagener, Direktesch vun den zwee Stater Muséeën. Et misst ee méi op déi Jonk duergoen, och wann d’Programmatioun vum MUDAM hinne scho géif Rechnung droen. Op de Kulturassisë wier dat ervir gehuewe ginn.