Radioen

On air

De Moien  |  Erma Franklin - Piece Of My Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ My Generation vum David Batty

Filmkritik

My Generation vum David Batty

Keng Woch vergeet grad am Kino, ouni datt am Ciné Utopia en Documentaire ze gesinn ass. Virlescht Woch deen iwwer d'Whitney Huston, dëse Mëttwoch dann een iwwer en Nazigefaangenelager zu Munneref a lescht Woch e méi faarweg a musikaleschen Documentaire iwwer d'Liewen an den 1960er op der britescher Insel. "My Generation" heescht dee Film, an den Tom Dockal huet e gesinn.

auto_stories

3 min

E 50. Anniversaire eegent sech perfekt, fir mat gesonder Distanz d'Evenementer vun deemools Revue passéieren ze loossen. Bei allen Ëmbréch, déi deemools gefuerdert goufen, stinn haut no all deene Joren op d'mannst nach esou vill Froen op, wéi der beäntwert goufen.

"My Generation" ass en Documentaire, deen och an dësem ronne Gebuertsdagsjoer vum Momentum profitéiert, fir ze versichen, net nëmmen eppes iwwer d'68er, mee iwwer déi englesch 1960er ze erzielen.

De Realisateur wëllt sech awer net als Erzieler vun dësem Réckbléck an eng vergaangen Zäit inzenéieren. Hie profitéiert léiwer vum Michael Caine, deen als eng Zort subjektiv Erzielerfigur versicht, mat duerch de Film ze goen. Erzieleresch, wéi och wuertwiertlech. A villen Archivbiller stellt den Dokumentarist David Batty, deen haut 85 Joer ale Caine, mam eppes iwwer 30 Joer jonke Caine géigeniwwer. Déi zwéi Caines versichen iwwer 85 Minutten e Portrait vun engem Groussbritannien ze zeechnen, dat an den 1960er Jore vill Verännerungen erlieft huet.

En gros: Sex, Minijuppen, laang Hoer fir d'Typpen, immens kuerzer bei de Fraen, d'Beatles, d'Stones an iergendwann natierlech LSD an Ähnleches. Also alles Stéchwierder, un déi een zimlech direkt denkt, wann ee gefrot gëtt, u wat ee bei der britescher Insel an d'1960er denkt.

A genee do läit dann och direkt de Problem vum Film. Iwwer déi dach kuerz Durée vum Documentaire - 85 Minutten - gëtt ee verhältnisméisseg wéineg, wann iwwerhaapt eppes Neies gewuer. De Spectateur kritt och häerzlech wéineg nei Asiichten a Bléckwénkel op déi Zäit.

"En net oninteressante Choix fir d'Form vum Dokumentarfilm, wier e just méi konsequent duerchgezunn"

Den David Batty, dee bis ewell eng ganz Rëtsch dokumentaresch Teleaarbechte mat Bibelsujeten um CV stoen huet, bedéngt sech ville Klischeeën, fir e romantiséiert Narrativ ze presentéieren. Unhand vun Themebléck gi Filmschauspiller, Museker, Designer a Fotografen ofgeklappt, éier se dann alleguerten un de béise béisen Drogen Enn de 60er zerbriechen. Ausser de Michael Caine, dee säin Job anscheinend vill ze seriö geholl, an am ganze Liewe just eemol Gras gefëmmt huet. Zitat Michael Caine face caméra. All déi aner Intervenanten - Bailey, Faithful, McCartney, Twiggy, Lulu, Daltrey, Collins, Quant si just ze héieren, mee ni ze gesinn. En net oninteressante Choix fir d'Form vum Dokumentarfilm, wier e just méi konsequent duerchgezunn. D'Resultat wier, datt engem dann och e Bopi Michael Caine an der gemittlecher Fotell an am Oldtimer erspuert wier.

De Film hëlt sech villes vir, huet mat Amenter mol Liichtblécker, zum Beispill, wann am Archivmaterial op eemol déi bal vergiesse PopArt Kënschtlerin Pauline Boty zu Wuert kënnt, an awer - wéineg Zäit a vill Sujete brénge mat sech, datt vill wichteg Figuren an Tendenze komplett eclipséiert ginn. Bestëmmt, well verschidde Leit fir de Projet net wollte matschwätzen, mee och aus Oniwwerluechtheet. Datt den neie britesche Kino aus de 60er mat esou Mënsche wéi dem Malcolm McDowell oder dem Lindsay Anderson komplett ignoréiert ginn, grenzt un eng Frechheet. Mee hei héiert een och grad just eng cinephil Frustratioun eraus.

Resuméiert: "My Generation" ass reaktionär romantiséiert, mat ville Klischeeën a wéineg Neiem - an dobäi bleift de Film awer am beschte Fall ganz kuerzweileg. Quand même.