Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nadija Rebronja - Flamenco Utopie

Buchkritik

Nadija Rebronja - Flamenco Utopie

Editions Phi hunn elo eng zweesproocheg Publikatioun vun de Gedichter vun der serbescher Autorin Nadja Rebronja erausbruecht. Mee net de Balkan, Andalusien ass d'Häerz vun der Lyrik vun der kosmopolitescher Schrëftstellerin. D'Valerija Berdi huet "Flamenco utopie" gelies.

auto_stories

3 min

"je n'écris pas de poèmes

j'écoute juste les gens

et les villes"

Ass als Virwuert an dësem ganz ofwiesslungsräichem Gedichtband ze liesen.

An effektiv sinn et Mënschen op de verschiddene Plazen vun der Welt, deene mer hei begéinen, dem Frédéric an der Lorena, der Béatrice an dem Paolo, dem Marcos an dem ..

miguel, banquier

l'homme

a nettoyé ses chaussures

a enfilé sa veste

sur le chemin

a craché dans l'eau

est parti au travail

n'a pas pensé

à ses ennemis

ce soir-là l'eau

avec sa salive dissoute

a recraché le corps de l'homme

à la surface

Rebronja gëtt hire Gedichter eng Perséinlechkeet, ee Raum, en Espace, dee vu baussen no banne sech kéiert, flüchte Amenter, déi wéi en Anker an d'Ongewëssent geheit ginn a sech festkropen an hir Spuer hannerloossen.

Hir Sprooch ass einfach, onkomplizéiert, dofir ëmsou méi räich u Biller, déi mol däischter an ouni Hoffnung sinn, dann awer och lieweg a faarweg, voller Musikalitéit an Rhythmus. Et denkt een un dem Jacques Prévert seng onpretentiéis a kloer Sprooch, wann ee sech op der Rebronja hier Gedichter aléisst.

D'Wierkung vun der Ëmwelt

Et ass eng Rees duerch Andalusien, duerch dat fréiert Jugoslawien, duerch d'Natur an d'Stied, mee et si keng Beschreiwungen vu Plazen, mee d'Wierkung vun dësen op de Mënsch oder eben op d'Dichterin.

Wie sinn ech a wat maachen ech hei, wéi en Effekt huet en Stroosseschëld, eng Musek, eng Renconter op mech? Wat ass d'Vergaangenheet a wat d'Zukunft? Wat huet e Mënsch mat engem aneren ze dinn? Wat ass tëschent zwee Mënschen? Tëschent alle Mënschen? A wat tëschent mir a mir?

Et si keng egozentresch Gedichter, schonn doduerch, datt se all een oder zwee Virnimm an hirem Titel hunn, gëtt eng Distanz tëschent der Lyrikerin an hire Gedichter geschafen, vläicht eng artificiell Distanz, ob alle Fall deet se de Gedichter gutt an duerch déi Personifizéierung ass all Gedicht eng kleng Geschicht, eng Zeen aus engem onbekannte Liewen.

Literatur aus Serbien

Léift, Politik, Gesellschaft, Literatur an och d'Schreiwe selwer gi ganz subtil hei verschafft an déi Weltoppenheet vun der Dichterin kënnt ëmmer zum Virschäin. D'Nadija Rebronja ass 1982 ze Novi Pazar am Süd-Westen vu Serbien gebuer, huet zu Novi Sad Literaturwëssenschafte studéiert an ënnerriicht Literatur op der staatlecher Universitéit ze Novi Pazar.

Hir Gedichter sinn a sëllege Sproochen iwwersat a publizéiert ginn. Dës Editioun ass zweesproocheg, français-bosniaque steet do, wou et dach misst bosniaque-français sinn. D'Iwwersetzung huet déi kroatesch Traductrice Matea Tamara Krpina gemaach. Op alle Fall kann dëse Recueil jiddwereen liesen, deen franséisch oder eng vun de well villen südslawesche Sproochen versteet.

alonso et aldonsa

nous avons tué l'auteur

maintenant nous nous étouffons comme des chevaliers

dans son sang