Radioen

On air

Notturno  |  Claude Pauly - Moorish Maze

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gratis Accès - méi Visiteuren?

Konscht

Gratis Accès - méi Visiteuren?

Vun 27. Januar u brauch ee fir an de "Casino - Forum fir zäitgenëssesch Konscht", keen Entrée méi ze bezuelen. Ee logesche Schrëtt, seet d'Nancy Braun, Administratrice vum Casino.

auto_stories

2 min

D'gratis Accessibilitéit och vum éischte Stack vum Casino gëtt agefouert um Dag vum Vernissage vun där neier Expositioun "Night Shift" vum Kënschtlerduo "FORT".

"Mir wëllen d'Notioun vum Forum an den Accès zur zäitgenëssescher Konscht erweideren", erkläert d'Nancy Braun. Mat där Decisioun géif een de Casino opmaache fir méi Leit, déi interesséiert a virwëtzeg sinn. Gréisser finanziell Aboussen erwaart de Casino sech net: Vill vun de Leit, déi bis ewell komm sinn, hätte souwisou dacks schonn ee gratis Accès gehat. Well se fir de Vernissage oder aner extra Evenementer komm sinn. Um Niveau vun de finanzielle Recetten, géifen d'Entréesbilljeeën net esou an d'Gewiicht falen.

Alternativ Recetten

Gläichzäiteg ass virgesinn, datt Aktivitéiten am Kulturprogramm vum Casino eppes kaschten. Och Atelieren an extra ugefrote Visitte mat professionelle Mediateure bleiwe payant. Op de fräien Entrée am Casino eng Signalwierkung op aner Konscht-Etablissementer wäert hunn, bleift ofzewaarden. D'Nancy Braun seet, datt ee sech iwwer dës Decisioun net mat den aneren Haiser ausgetosch hätt.

Am Mäerz 2016 ass de Casino no Ëmbau-Aarbechten nees opgaangen, deemools schonn deelweis mat fräiem Accès. Eng Politik, déi hir Friichte gedroen huet. Well och wann de Casino d'lescht Joer, während deenen Ëmbauaarbechten, bal dräi Méint zou war, gouf et géigeniwwer 2015 eng substantiell Hausse bei de Visiteurszuelen. Waren dat Joer virdrun iwwer 15.000 Leit Publikum an de Forum fir zäitgenëssesch Konscht komm, sou konnten 2016 iwwer 25.000 Leit gezielt ginn.

Nancy Braunplay_arrow