Radioen

On air

Resonanzen  |  Franz Xaver Mozart - Sonat fir Piano a Sol Majeur, Op. 10, IV. Rondo Allegretto - Anna Liszewska (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nathalie Ronvaux - Moi, je suis Rosa!

Buchkritik

Nathalie Ronvaux - Moi, je suis Rosa!

Am Kader vun der Initiativ neistart Lëtzebuerg hat d'Nathalie Ronvaux de Monolog "Moi, je suis Rosa" verfaasst, dee sech mat dem Konschtwierk Lady Rosa of Luxembourg vun der Kënschtlerin Sanja Iveković ausernee setzt. De Monolog gouf ënner der Regie vun der Aude-Laurence Biver ëmgesat, an ass elo bei capybarabooks a Buchform erauskomm.

auto_stories

3 min

De Buchcover vu "Moi, je suis Rosa!" vun der Nathalie Ronvaux.

Am Joer 2001 huet e Konschtwierk zu Lëtzebuerg fir ganz vill Polemik gesuergt. D'Lady Rosa of Luxembourg, eng Skulptur vun der kroatescher Kënschtlerin Sanja Iveković, ass niewent der Gëlle Fra opgestallt ginn an de Géigesaz war markant.

D'Gëlle Fra ass 1923 inauguréiert ginn u Gedenke fir Lëtzebuerger Zaldoten, déi am éischte Weltkrich gefall sinn. D'Lady Rosa, op der anerer Säit, war eng schwanger Fra mat risege Féiss, an um Sockel stounge Begrëffer wéi Bitch, Madonna, Kitsch, Kapital...

Mat dësem emanzipatoreschem Wierk wollt d'Iveković op d'Situatioun vun de Fraen hiweisen a wéi eng Bedeitung si an enger dach patriarchaler Welt hunn, vun der Helleger bis zu der Houer. D'Konschtwierk war natierlech och eng Hommage un d'Politikerin Rosa Luxemburg.

Eng Stëmm fir d'Lady Rosa

D'Nathalie Ronvaux huet 20 Joer méi spéit der Lady Rosa eng Stëmm ginn. Deemools ass vill iwwer d'Lady Rosa diskutéiert ginn, mee ganz wéineg iwwer d'Symbolik an ëmsou méi iwwer d'Ausgesinn a virun allem doriwwer, datt d'Lady Rosa knapp 50 Meter nieft der Gëlle Fra opgestallt ginn ass. All dëst huet a chauvinistesche Kreesser fir Oprou gesuergt.

An hirem Wierk "Moi, je suis Rosa!" retracéiert d'Nathalie Ronvaux an engem Monolog dës ganz Polemik an d'Biographie vun der Lady Rosa: Wat ass mat der Skulptur no 2001 geschitt? Parallel dozou gëtt och d'Bild vun der Fra an de leschten 20 Joer ausernee geholl.

D'Lady Rosa erzielt hei vu sech a geet op d'Spuere vun hiren Originnen: Firwat ass Si gebuer ginn? Firwat huet Si fir Polemik gesuergt? Si schwätzt awer och gläichzäiteg am Numm vun der Fra a vun de ville Fraen, déi Si vertrëtt: Am Numm vu Fraen, déi ausgebeut ginn, déi vergewaltegt ginn, déi ëm Gläichberechtegung kämpfen. Fraen, deenen de Mond verbuede gëtt, vu Meedercher, déi schonn am ganz jonken Alter sexuelle Mëssbrauch erliewe mussen.

Fazit

Et ass e Manifest, wou kee Blat virun de Mond geholl gëtt an deen alles mat grousser Vehemenz opzielt, wat och duerch d'metoo-Bewegung sech net geännert huet. Ass de biografeschen Deel vun der Lady Rosa nach mat vill Humor a sou munche Clins d'oeilen duerchwuess, esou ginn d'Wierder an den Opbau ëmmer méi haart, wann et ëm déi aktuell Situatioun vun de Fraen an eise Gesellschafte geet.

En Text, dee kee kal loosse kann an deen och weist, a wéi engem patriarchalem System Lëtzebuerg nach virun 20 Joer festgefuer war. An do kann ee sech d'Fro stellen, ob a wéi vill sech an de leschten 20 Joer geännert huet.

"Moi, je suis Rosa!" ass a villen Hisiichten e wichtegt literarescht Wierk. Et ass net nëmmen eng Erënnerung un déi deemoleg Polemik, mee och en Dokument, dat de Werdegang vun der Lady Rosa retracéiert an eng Bestandsopnam vun der aktueller Situatioun, déi ëmmer gären an den Hannergrond verdrängt gëtt.

Dat Ganzt ass dann an enger literarescher Qualitéit opgeschafft, déi ee beréiert a matrappt. E reegelrechte Crescendo, deen all méiglech Emotiounen ausléist.