Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationalbibliothéik - méi, wéi e Gebai!

Autoportrait d'une bibliothèque

Nationalbibliothéik - méi, wéi e Gebai!

"D'Nationalbibliothéik ass méi, wéi e Gebai", seet de Claude Conter, Direkter vun der BnL. Aus deem Gronn kann een nach bis de 26. Februar 2022 an der Nationalbibliothéik d'Ausstellung "BnL - autoportrait d'une bibliothèque" besiche goen. Eng Expo, wou een e Bléck hanner d'Kulisse gewise kritt. De Claude Conter huet d'Valerija Berdi mat op eng Visite guidée geholl.

auto_stories

3 min

Déi ganz Visite guidée lauschterenplay_arrow


Den 1. Oktober 2019 huet d'Nationalbibliothéik um Kierchbierg seng Dieren dem grousse Public opgemaach. Eng Bibliothéik, déi net just d'Méiglechkeet bitt Bicher auszeléinen, mee och d'Aufgab huet alles wat ze Lëtzebuerg publizéiert ginn ass ze sammelen, ze konservéiere an ze katalogiséieren.

Dat gëllt och fir Publikatiounen aus dem Ausland, déi eppes mat Lëtzebuerg ze dinn ze hunn. Wéi kommen d'Bicher an d'Bibliothéik, wie sicht se aus, wou kommen all Dokumenter hier? Wéi ginn se gesammelt, konservéiert a katalogiséiert? Dës Missiounen an d'Mënschen hanner der Nationalbibliothéik ze weisen, as de But vun dëser Ausstellung, esou de Claude Conter.

1958: e wichtege Moment

Den éischten Deel vun der Expo weist dann d'Geschicht an domat och, datt d'Nationalbibliothéik déi eelst kulturell Institutioun vu Lëtzebuerg ass.

E wichtege Moment fir d'Nationalbibliothéik war d'Gesetz vum 5. Dezember 1958, wou d'Organisatioun vun der Nationalbibliothéik an de Staatsarchiven de Sujet war.

E wichtege Bestanddeel ass dann och de Museksfong. Zënter hirem Bestoe sammelt a konservéiert d'Nationalbibliothéik musikalesch Dokumenter. Den "centre d'études et de documentations musicales", kuerz Cedom, ass 1989 gegrënnt ginn.

Awer och Theaterstécker, Choreographien, Pläng, Postkaarten, Programmer vu Spektakele gehéieren an d'Nationalbibliothéik.

Wéi kënnt ee Buch an d'Nationalbibliothéik?

An der Ausstellung ass dann en Deel, deen un d'Sendung mit der Maus erënnert. Hei geet et dann net vum Korn zum Brot, mee de Wee vum Buch bis an d'Nationalbibliothéik. Et ass eng Zort Tunnel, deen hei opgestallt ginn ass. Wéi d'Ausléine vu Bicher funktionéiert, wéi d'Bicher an Dokumenter indexéiert sinn, kann een hei gewuer ginn.

Fir all Fonge schaffe Spezialisten, déi fir déi verschidde Sujeten a Sparte wéi Literatur, Informatik, Droit, etc zoustänneg sinn.

An da gëtt et och nach de Bicherbus, fir d'Leit, déi net kënnen oder wëlle bis an eng Bibliothéik goen. De Bicherbus fiert op Plazen, wou keng Bibliothéike sinn. Well an der Nationalbibliothéik selwer ass net d'Plaz fir all Bicher, déi et ginn disponibel ze hunn. Dofir sinn déi ëffentlech Bibliothéiken an de Bicherbus do. Zum Beispill fir Ënnerhalungsliteratur a gedrécktenter Form unzebidden.

Manuskripter reechen zeréck bis an d'aacht Joerhonnert

Och d'Geschicht vun alle Bibliothéiken ze versuerge wier d'Aufgab vun der Nationalbibliothéik. Esou vill Bibliothéiken existéieren net méi, mee de ganzen administrative Volet vum Stempel bis bei d'Lieserkaarte ginn hei opgehuewen.

E weidere Volet ass dann och déi intellektuell Aarbecht, déi vergaangen an awer och déi aktuell, déi an der Nationalbibliothéik versuergt gëtt. An natierlech alles wat historesch a gedréckt ass.

Ganz nei ass dann de Volet vun den "Documents éphèmeres".

Manuskripter vum aachte Joerhonnert bis haut sinn an der Nationalbibliothéik ze fannen, an do ass et absolut derwäert dës Ausstellung besichen ze goen, well een d'Chance huet Exponaten ze gesinn, déi soss net fir de grousse Public visibel sinn.