Radioen

On air

Notturno  |  Grauzone - Eisbär

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Negativpräisser

Kulturchronik

Negativpräisser

D’Oscare si verdeelt, d’Grammy-Awards och; mee et komme jo nach d’Emmy- an d’Tony-Awards, an Ufank bis Mëtt Oktober ginn no an no d’Nimm vun den Nobelpräis-Lauréatë public gemaach. Och um Luxembourg City Filmfestival iwwerreecht en internationale Jury de Weekend Präisser. Et schéngt, wéi wann et bal keen Dag méi ouni groussaarteg Auszeechnunge géif ginn. Oh dach, hält d’Kerstin Thalau dergéint, do wiere jo nach d’Deeg mat den Negativ-Präisser.

auto_stories

4 min

(Photo: Bigstock, Copyright vectorpocket)

Vun der Bonne-Note bis zum Nobelpräis mat den Tësche-Statioune Medailen, Diplomer oder Mentioune fir sportlech, schoulesch, wëssenschaftlech, komerodschaftlech, respektiv selbstlos Leeschtungen. Esouguer wie laang genuch an engem Veräin aktiv ass, gëtt dofir an aller Ëffentlechkeet belount. Do si kloer Parallellen zu der konditionnéierter Zirkusrobb ze erkennen, oder? Applaus an dee beschte Fësch, dat zitt. En public ausbuhen an Ueleg vun der Fëschliewer net.

An awer hale sech mëttlerweil eng ganz Rëtsch Antipräisser fir präisonwierdeg Leeschtungen daper. Obschonns d’Präisiwwerreechung dacks an Absence vun de Laureaten stattfënnt. Am Fong stéiert dat och keen. Beleidegt Liewerwurschten si kee schéinen Ubléck. Anti-Éierungsevenementer sollen ënnerhalen an am Idealfall an der Ëffentlechkeet d’Bewosstsinn fir Mëssstänn stäerken.

E puer Beispiller, déi an eng vun den zwou Kategorie passen: Den “Bad Sex in Fiction Award” vum englesche Literaturmagazin “Literary Reviewer” zeechent déi schlechtst Sexszenen a Romaner aus. Mam “Pigasus Award” sollen Näischnotzegkeeten mat parapsychologeschem Hannergrond bestrooft ginn. D’Académie de la carpette anglaise anti-éiert zanter 1999 e Member vun der politescher oder gesellschaftlecher franséischer Elite, deen de Virmarsch vum Engleschen op Käschte vum Franséische gefërdert huet. Den däitsche Pendant nennt sech “Sprachpanscher”. Interessant un der franséischer Variant ass, datt e besonnesche Präis fir auslännesch Faux-Pase vergi ginn: 2011 goung den Award u Ryan-Air, well d’Gesellschaft zum Beispill a Spuenien fir schwanger Fraen Zertifikaen an englescher Sprooch verlaangt. An à propos Fraen, cf. Fraendag: déi däitsch verdeelen schonn zanter 1980 fir ëffentlech-rechtlech produzéiert besonnesch fraefeindlech Reportagen hier “saure Gurke”. Ignobel? Den “ignoblen Nobelpräis” fir en neiaartegt Fuerschungsthema, dat net widderholl kann oder soll ginn, ass natierlech och schonn erfonnt. D’Organisateure vum amerikanesche Magazin “Annuals of improbable Research” gesinn hier Auszeechnung als satiresche Präis, deen zanter 2012 fir d’éischt zum Laachen an dann zum Nodenke brénge soll.

Dat selwecht gelt fir “die verschlossene Auster”, déi 2002 vum Netzwierk “Recherche eV” géint Renseignementer-Verweigerer lancéiert gouf, fir en méi oppenen Ëmgang mat der Press an de Medien ze bewierken. Zejoert gouf Facebook fir den ontransparenten Ëmgang mam Läsche vun Haasskommentaren ausgezeechent, 2010 war et déi réimesch- kathoulesch Kierch, well se seele bereet war, bei der Opklärung vu Mëssbrauchsvirwërf ze hëllefen an d’Recherche vu Journaliste behënnert hat. Interessant ass, datt de Spriecher vun der Bëschofskonferenz Mathias Kopp deemools de Präis entgéint geholl an de Besoin zu Verbesserungen zouginn hat.

Esou eppes ass awer éischter d’Ausnam. Matmënsche kritiséieren, den Uz mat hinne maachen, de Sozialvoyeurismus schwätzen eigentlech fir de Succès vun Negativpräisser, mee wien d’Oscaren an d’Discourse vun den Award-Remerciementer suivéiert, weess: wichteg an dichteg Präisser kritt een net eleng. Also zielt dat och fir d’Negativpräisser. Den internationalen Big Brother Award geet zanter 1998 un Administratiounen, Betriber, Organisatiounen, déi besonnesch nohalteg d’Privatsphäre vu Persounen beanträchtegen. Zum Beispill u Microsoft oder déi gréisst Petitiounsplattform vun der Welt “change.org”. Eng Anti-Auszeechnung, déi deemno fir eng Hellewull Leit valabel ass. Domat wëll ee léiwer näischt ze dinn hunn a wennt den Dräi-Afe-Prinzip un.

Präisser iwwerliewen, wa se sech en Numm gemaach hunn. D’Staren a Stärercher an d’Oscar-Zeremonie befruchte sech géigesäiteg. Oder: esouguer wann ee weder de Laureat kennt nach säi Spezialgebitt, de Nobel-Präis garantéiert, eleng wéinst sengem gudden Numm, meeschtens Unerkennung. Den Numm eleng geet awer net ëmmer duer: oder hutt dir schonn emol eppes vum Darwin-Präis héieren? Eng kleng Skurrilitéit zum Schluss. Zanter 1994 geet dës Anti-Auszeechnung u Mënschen, déi sech ongewollt selwer ëmbréngen oder onfruchtbar maachen an dobäi e relatiivt Mooss un Dommheet un den Dag leeën. Wien net zum Liewen daacht mécht senger Spezies e Gefalen, wann en d’Verbreedung vu senger DNA verhënnert. E Beispill: zwee Abriecher wollten e Bankomat knacken an hunn dozou esouvill Dynamit benotzt, datt d’Gebai iwwert hinnen zesummegefall ass an si ënnert sech begruewen huet. Där Fäll hu Biologiestudente vun der kalifornescher Uni Stanford gesammelt an online gesat, wat risege Succès hat, an um Enn zu enger Uz-Zeremonie gefouert huet.

Den Darwin-Award gëtt och an Absence vum Laureat verginn. Allerdéngs aus engem anere Grond ewéi déi meescht Negativ-Präisser.