Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun enger bluddeger Revolt bis zum verléifte Boxer

Nei am Kino

Vun enger bluddeger Revolt bis zum verléifte Boxer

Mam neie Joer ass nees anstänneg Betrib an de Kinoen: Mat präisgekréinte Filmer, wéi dem Drama "The Birth of a Nation", der Buchadaptatioun "Nocturnal Animals" an dem finnesche Box-Film "Olli Mäki".

auto_stories

4 min

Vill Tënt gouf virun e puer Méint vergoss, wéi "The Birth of a Nation" an den USA ugelaf ass. Leider ass et dobäi ni wierklech ëm de Film gaangen, mee ëm d'Mësshandlungsvirwërf géint de Realisateur. Genee 101 Joer nom D.W. Griffith sengem "Birth of a Nation" huet den Nate Parker net just mam Griffith sengem inherente Rassismus gespillt.

Gläichzäiteg erzielt hien och vun enger immens bluddeger Revolt vun afro-amerikanesche Sklaven an der éischter Halschent vum 19. Joerhonnert. De Parker spillt heibäi selwer d'Haaptroll vum Nat Turner, Paschtouer, deen iergendwann de Leader vun eben dëser Revolt gëtt. "The Birth of a Nation" Anno 2016, huet zu Sundance um Festival de Jurypräis gewonnen.

Ee Buchmanuskript als Thriller

Apropos Jurypräis: Deen huet den Tom Ford scho virun e puer Méint zu Venedeg fir säin neien, zweete Film "Nocturnal Animals" agesäckelt. Mee datt den Aaron-Taylor Johnson de Golden Globe fir eng Nieweroll géif mat Heem huelen, dorops haten d'Bookies net gewett. An dozou kommen elo nach néng Nominatioune fir déi britesch "Baftas".

Op alle Fall: Wéi schonn "A Single Man", dem Ford säi fantasteschen Debutfilm, ass "Nocturnal Animals" eng Buchadaptatioun, an deem de Personnage vum Amy Adams e Manuskript vun engem Buch vu sengem Ex-Mann geschenkt kritt. E Thriller, dee beonrouegend Parallellen zu hirer gemeinsamer Vergaangenheet opweist. No an no verwëschen d'Grenzen tëschent Fiktioun a Realitéit. Mol gespaant. Et spillen nieft dem Amy Adams den Jake Gyllenhall, de Michael Shannon an den Aaron-Taylor Johnson.

"Why Him?" Bréngt de Bryan Cranston mam James Franco zesummen. Si sti sech an dëser Komedie vum John Hamburg antagonistesch géigeniwwer. Dee Jonken ass den Häerzi vun der Duechter vun deem Alen. Deen een ass Familljepapp. Deen aneren ass e verwinntent Schwäikand, dat iwwer Nuecht mam Internet Millioune gemaach huet - an awer ganz déif bannen dran iergendwéi e gudde Jong. Just de Papp ass net z'iwwerzeegen. D'Prämiss ass kloer.

Freideg, den Dräizéngten

Iwwermuer ass mol nees eng Kéier Freideg, den 13.. An dofir huet en amerikanesche Studio mol "à l'arrache" en Horrorfilm realiséiert, deen iwwerraschenderweis awer net Deel vun enger vun deene mat Succès geseente Franchisen à la "Insidious" oder "The Conjuring" ass.

"The Bye Bye Man" ass e Film, deen de Freddy-Kruger-Filmer vu fréier ähnlech ass. Hunn an deene Filmer d'Protagonisten net däerfen aschlofen (well se soss vum Mann mat de Messerfangeren ëm den Eck bruecht ginn), esou däerf an deem heite Film keen iwwert de Bye Bye Männchen nodenken oder vun him schwätzen, fir mam Liewen dovunner ze kommen. Nieft jonke Schnuddler, vun deenen nach ni een e Mënsch héieren huet, muss d'Carrie-Anne Moss aus "Matrix" hire Loyer bezuele mam Cachet.

Neie Biopic: "Dalida"

Eriwwer an den Utopia. Filmesch Museker-Biografië gëtt et nawell vill. Och d'Fransousen hunn der schonn e puer produzéiert: De Cloclo (Claude François), de Serge Gainsbourg an d'Edith Piaf hu scho missen dru gleewen, fir der just dräi ze nennen. Ma iert de Sardou, de Renaud oder den Johnny Hallyday hire Film kréien, kënnt elo mol de Biopic ronderëm d'Dalida an de Kino.

Vun hiren Ufänk an Ägypten iwwert d'ausverkaafte Concertshalen an de 60er a 70er an hirem Suicide 1987, alles ass dran. Eng Fra, d'Lisa Azuelos realiséiert, an déi onbekannten italienesch Actrice a Mannequin Sveva Alviti klëmmt an de Kostüm vun der "figure phare" vun enger ganzer Rëtsch vu Communautéiten.

Een Hommage un de Scorcese

An als lescht e finnesche Film, deen net aus der Fieder vum Aki Kaurismäki staamt. E Box-Film a schwaarz-wäiss. Kee Raging Bull, mee den Hommage ass kloer. Den Debutfilm vum Juho Kuosmanen erzielt déi häerzeg Geschicht vum Olli Mäki, deen Ufank den 1960er d'Chance krut, fir nom Fiedergewiichtweltmeeschtertitel ze gräifen. Säi Géigner: Den Davey Moore. Ganz Finnland ass am Boxféiwer. Just den Olli huet aner Suergen. Hien ass verléift. "Olli Mäki" gouf zu Cannes am "Certain regard" ausgezeechent an ass de finnesche Bäitrag fir den Oscar.