Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  The Rolling Stones - Low Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Bombast an een Drama

Nei am Kino

Vill Bombast an een Drama

A sou zimlech alle Kinoe vum Land leeft déi nei Disney-Produktioun "Beauty And The Beast", d'Geschicht vun enger Koppel mat e puer klenge Komplikatiounen. Eis Filmkritiker recommandéieren de Film "Tramontane" iwwert ee Museker aus dem Libanon.

auto_stories

3 min

Jamie Reinert a Cléo Thoma

Tramontane vum Vatche Boulghourijan

De Kino-Tipp fir dëse Weekend ass de Film "Tramontane". De Rabih, en talentéierte Museker aus dem Libanon soll mat sengem Trupp op Europa-Tournée goen. De Rees-Pass, deen hien dofir brauch, huet hien awer net accordéiert kritt, well seng Identitéitskaart gefälscht ginn ass. Doropshi stellt sech eraus, dass hien eigentlech adoptéiert ass. Dat Ganzt gëtt zu engem existenziellen Drama, an dem hien op der Sich no senger Identitéit ass. De Personnage muss sech duerch Lige kämpfe fir seng Vergaangenheet erëmzefannen.

Et ass den éischte Longmetrage vum Vatche Boulghourijan a iwwerzeegt de Regisseur mat enger mysteriéiser Stëmmung an engem luesen, meditativen Tempo an dat bei gehalener Spannung. De Michel Abachi an der Haaptroll mat enger staarker Performance an och d'Musek am Film géif beréieren.

Beauty And The Beast vum Bill Condon

An zimlech all Kinoen am Land leeft "Beauty And The Beast", déi nei Disney-Produktioun. Et ass eng Geschicht déi een am Fong scho kennt: D'Versioun vum Filmdirekter Jean Cocteau war mat déi éischt déi d'Geschicht "La Belle et la Bête" an de 40er Joren de Kino bruecht huet. Et war ee villschichtegen, poetesche schwaarz-wäiss Film deem seng visuell Iddien och zum Deel 1991 am Animatiounsfilm vun Disney iwwerholl gi sinn. Am Film vum Bill Condon deen elo an de Kinoe leeft, sinn dës Iddien wéi d'Téikan an d'Taass mam Knacks dran, och nees iwwerholl ginn. De Film ass ee Spektakel: déck opgedroen.

Elleng een Aspekt schéngt de Film interessant ze maachen: Eng Roll am Film huet fir Oprou gesuergt, well den "Le Fou" am Film homosexuell ass an dowéinst ënnert anerem am Kuwait verbuede ginn ass. A Russland duerf een de Film dofir eréischt vu 16 Joer u gesinn. Schwéier ass nozevollzéien, datt de Personnage esou iwwerzunn duergestallt gëtt, dass et fir si mol keng positiv Duerstellung vun der Homosexualitéit ass.

Wat bréngt da lo sou eng nei Versioun vum Film? Vill Suen. De Film schéngt och duerch Schauspiller wéi dem Emma Watson an dem Kevin Kline fir vill Visiteuren ze suergen.

Mr & Mme Adelman vum Nicolas Bedos

D'Beschreiwung vun enger Koppel mat Komplikatioune wéi beim "Beauty And The Beast" géif och gutt bei de Film "Mr & Mme Adelman" passen. Et ass een epescht Bezéiungsdrama, dat awer net wierklech epesch ass. Den Direkter ass den Nicolas Bedos deen och gläichzäiteg den Haaptpersonnage spillt. Seng Fra, d'Doria Tillier, spillt och d'Fra, d'Madame Adelman, am Film.

Et kritt een en Abléck an hir hektesch Bezéiung déi sech iwwert 40 Joer zitt. Hektesch ass d'Wuert well immens vill Iddien eragequetscht ginn a sech net immens vill entwéckelt. De pseudo-intellektuelle Schrëftsteller a seng Fra, déi déi dreiwend Kraaft hannert senger Inspiratioun ass an hirem jalouse Macho-Mann hannendru leeft. E Film iwwert Succès, Zerfall, eidele Materialismus, Drogen a Kanner déi hinnen net gefalen, well si net den nächste Proust sinn. D'Personnage sinn ustrengend an iwwerflächlech, de Film provokant awer ouni Taktgefill an de Rhythmus am Film géif och net stëmmen.