Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "La realité virtuelle est déja un art"

Cannes Filmfestival

"La realité virtuelle est déja un art"

Nei Technologië wéi d'virtuell Realitéit sinn déi nei Vedetten dëst Joer um wichtegste Filmfestival vun der Welt. 2017 ass och déi éischte Kéier, datt ee Virtual Reality-Film an der Haaptselektioun zu Cannes ass. D'Lëtzebuerger Filmindustrie wëll den Zuch op dës nei Technologien net verpassen. Wéi eng Zukunft gëtt et wierklech fir déi nei Medien a wat brénge si?

auto_stories

4 min

"La realité virtuelle est déja un art," sot den Direkter Thierry Frémaux bei der Annonce vun der offizieller Selektioun um Filmfestival zu Cannes. Do ass dëst Joer fir d'éischte Kéier an der Geschicht vum Festival och e Virtual Reality-Film dobäi. Véier Joer laang huet de mexikanesche Realisateur Alejandro Inarritu u senger Siwe-Minutte laanger Installatioun geschafft. Eng reegelrecht Experienz, déi de Spectateur an dat haart Liewe vun de Migranten op der US-Mexikanescher Grenz versetzt. Zu Cannes gëtt et och de spezielle Pavillon NEXT, dee sech just op d'Réalité virtuelle an op 360 Grad-Filmer fokusséiert.

Fir den Nour El Hadri, Spezialist vun neie Medien an och Mataarbechter vum franséische President Emmanuel Macron senger Campagne, stinn déi nei Technologien awer eréischt ganzt am Ufank. "Mir hunn nach net vill vun deene ganze Méiglechkeete kënne gesinn. 360 Grad ass méi wéi just Brëller, déi een undeet a sech domat e bësse beweegt." Déi richteg Hëllefsmëttel géingen elo eréischt op de Marché kommen. "Si fänken elo un, abordabel ze ginn a mir kënnen onbeschreiflech Saachen domat maachen. Mir kënnen zum Beispill an de Vatikan reesen an do interagéieren an eis beweegen.

Mat op den Zuch klammen

Lëtzebuerg wëll mat op den Zuch klammen. Grad am Ufank dierft een dës Chance net verpassen. Am léifste wéilt ee souguer ganz vir an der Lokomotiv sëtzen, wéi de Guy Daleiden, Direkter vum Filmfong um traditionellen Lëtzebuerger Dag zu Cannes, erkläert. "De Filmfong probéiert, sech den neien Technologien ze stellen." Et géing een d'Aidë fir nei Filmformen, wéi d'Realité viruelle, adaptéieren. "Esou Filmer ginn et der net vill op der Welt, well se schwéier ze maache sinn a sech net vill Leit drun eruntrauen." Zu Lëtzebuerg hätt een e puer Entreprisen, déi an der Produktioun vun esou Filmer matwierken. "Mir mussen dobäi sinn, fir d'Zukunft vun der Filmindustrie ze preparéieren."

Déi Ierfgroussherzoglech Koppel mam Premier Xavier Bettel an dem Direkter vum Filmfong Guy Daleiden zu Cannes

Ënnerstëtzung kritt de Filmfong vum Premier a Kulturminister. Fir de Xavier Bettel wier et wichteg, déi nei Generatioun vu Cineasten a Start Upen z'ënnerstëtzen. Fir matzespille misst ee sech un d'Evolutioun an der Kultur an an der Technologie adaptéieren. "Wa mir ëmmer Angscht viru Verännerunge gehat hätten, hätte mir haut keng Satellitten am Weltall. Mir géingen och net gewuer ginn, wéi eng Materialie mir op den Asteroide fannen." Et misst een och am A behalen, datt d'Computeren de Mënsch ni wäerte remplacéieren.

Geschicht duerch eegen Decisioune beaflossen

Déi Lëtzebuerger Start Up Firma "Virtelio" ass zum Beispill op d'Côte d'Azur komm, fir en neie Concours, de Prix Virtelio ze presentéieren. Dëse soll vum Filmfong ënnerstëtzt ginn, wann och Lëtzebuerger Produktiounsentreprisë beim Projet u Bord sinn. De Fred Baus vu Virtelio erkläert, datt d'Software et erméiglecht, interaktiv Weeër ze goen. "Interaktivitéit ass u sech näischt Neies, mä eis Interaktivitéit baséiert op onbewossten Decisiounen." De Spectateur kuckt also e Film a influenzéiert d'Geschicht duerch seng Decisiounen. "De Spectateur ass sech zu kengem Moment bewosst, datt e seng eege Geschicht am Gaangen ass ze maachen."

Jonk Realisateure wéi zum Beispill de Jérôme Weber, deem säi Kuerzfilm zu Cannes um Short Film Corner leeft, kéint sech en nächste Projet och als 360 Grad-Film virstellen. Hie kéint sech zwar net virstellen, datt an Zukunft all Spectateur géing mat engem Brëll am Kino setzen. "Dat ass net deen traditionelle Kino. Ech ka mer awer virstellen, datt et eng nei Aart ass, fir Filmer z'erliewen."

"Et ass extrem wichteg, dobäi ze sinn"

Op déi nei Technologien am Kino, anescht wéi 3D oder Blue Ray, da wierklech eng Zukunft hunn ass nach onkloer. Op deem gréisste Filmmarché vun der Welt zu Cannes ass d'Iwwerzeegung awer scho mol grouss. Et wéist een awer nach net konkret, wou et histeiert, erkläert de Claude Waringo, Produzent bei Samsa Film Lëtzebuerg. Facebook a Google hätten an deene leschte Joren esou vill an déi Technik investéiert, datt ee sech kee sougenannten "Dead End" kéint virstellen. "Ech mengen, datt et sech anzwousch hin entwéckelt, mä mir wëssen haut nach net genee, wéi dat wäert ausgesinn. Et ass awer extrem wichteg, dobäi ze sinn."

Angscht, datt deen traditionelle Kino eemol kéint verschwannen, misst een net hunn, seet den Nour El Hadri. Déi nei Technologië wiere complementaire. Mä eppes ass kloer: Wann een zu Cannes iwwert dee gréisste Filmmarché vun der Welt trëppelt, mierkt een, datt dës Technologië schwéier ewech ze denken sinn.