De Service e-books ass e Pilotprojet, deen d'Nationalbibliothéik an de Conseil Supérieur des bibliothèques publiques zesummen an d'Liewe geruff hunn. D'Initiative, déi an enger éischter Phas zwee Joer soll daueren, gouf de leschte Weekend op de Walfer Bicherdeeg virgestallt. Zënter dem Bibliothéiksgesetz vun 2010 sinn d'Kataloge vun den ëffentleche Bibliothéiken am Land virtuell matenee vernetzt. D'Nationalbibliothéik bitt eng logistesch an deelweis och finanziell Ennerstëtzung.
D'Nationalbibliothéik hat schonn elektronesch Bicher an hirer Offer, virun allem wëssenschaftlech Publikatiounen. "Mä si haten net dat, wat mir als ëffentlech Bibliothéike gär als e-books gehat hätten. Eis Cliente brauche Beststeller an nei Bicher", erklärt d’Angelika Bräutigam, Responsabel vum Mierscher Lieshaus. Dat ass mam neie Service ebooks.lu méiglech, awer nach net fir Bicher a Lëtzebuerger Sprooch. Do misst nach d'Fro vun de Rechter gekläert ginn.
Wéi profitéieren ech vum neie Service e-book?
Intresséiert Lieser kënne sech an enger vun den zwielef ëffentleche Bibliothéiken aschreiwen oder op der Säit ebooks.lu. Allerdéngs gëtt et eng Rei technesch Viraussetzungen:
- eng Adobe ID fir datt d'Apparater d'Bicher kënne liesen
- e Reader oder Liseuse, sief et fir de Computer, sief et fir Tablett oder Smartphone
Wéi sicht een e Buch? Um Site ebooks.lu oder op der Facebooksäit vum Service gëtt een op www.a-z.lu weidergeleet. D'Recherche mécht een no Titel, Auteur an de soss gewinnte Critèren. Huet ee säi Buch fonnt an erofgelueden, kann et bis zu 14 Deeg laang (Prêt erneierbar) um Reader gelies ginn.
Lauschtert de Bäitrag vum Nathalie Bender: