Radioen

On air

Notturno  |  Maija Sofia - Four Winters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neien Départ fir de Wëltzer Festival

Norden

Neien Départ fir de Wëltzer Festival

Wolz wëll méi attraktiv ginn. Dobäi setzt d'Capitale des Ardennes ënner anerem op d’Kultur. De Wëltzer Festival, deen an deene leschte Joere grouss finanziell Problemer hat, kritt eng nei Nues.

auto_stories

4 min

Wolz stellt säin Kulturliewen nei op, an domat och de Festival (Foto: Jos Scheeck)

Et besteet e klore politesche Wëllen, fir de Wëltzer Festival um Liewen z'erhalen, a méi nach: fir dat ganzt kulturellt Liewen zu Wolz auszebauen, seet de Pierre Koppes, éischte Schäffen, zoustänneg fir Kultur, vun der Gemeng Wolz. Virun zwee Joer ass ugefaange ginn, dorun ze schaffen. Encadréiert goufen déi Wëltzer dobäi vum Wiener Expert fir Innovatiounsmanagement, Andreas Reiter. "Dobäi ass d'Iddi opkomm, just eng eenzeg Struktur op d'Been ze setzen, déi dat kulturellt Liewe vun der ganzer Gemeng organiséiert. An deem Kader kann och de Festival opgefaange ginn", sou de Pierre Koppes.

D'Resultat ass eng komplex, a fir Lëtzebuerg bis ewell ongewinnt, Struktur – Culture Wilz ASBL – déi also iwwer deem ganze kulturelle Liewe steet an zwou Aufgaben huet:

  • de Kader vun der Kulturpolitik ze definéieren
  • Ulafstell fir finanziell Froen ze sinn

Vill Luef fir de Festival

Culture Wiltz delegéiert dat praktescht Ëmsetze vun der definéierter Kulturpolitik un Coopérations, wou och dat neit Personal ugestallt gëtt. An der Culture Wiltz asbl si Vertrieder vun der Gemeng, vu Cooperations, vun der aktueller Festival-asbl, dem Syndicat d’Initiative, an dem Naturpark regruppéiert. Ob de Kulturministère och eng Plaz dra kritt ass nach an Diskussioun.

Vun Oktober un wäert d'Cultur Wiltz asbl hir Funktiounen ophuelen. Mat wéi gesot Vertrieder vun der aktueller Festival-asbl. Do gëtt keen “débarquéiert”. "Mir wëllen d'Erfahrunge vum Festival recuperéieren", verséchert den Pierre Koppes.

Och den Herbert Maly, Direkter vu Cooperations, déi sech jo an Zukunft ëm d’Ëmsetzung vun de kulturellen Aktivitéiten an der Gemeng këmmere soll, schwätzt, am Zesummenhang mat deem wat de Festival bis elo geleescht huet, vu groussem Respekt: "Mir hunn immense Respekt fir d'Leescht ung déi an de leschte Joren do gemaach ginn ass" sou en Herbert Maly. Et wier eng gutt Aarbecht gewiescht, mee d'Publikum géif awer och een neien Ufank brauchen.

Festival: Keng Scholden

De Wëltzer Festival hat an der Lescht grouss finanziell Schwieregkeeten. Dee geplangten Nei-Start ass trotzdem net duerch Scholden hypothekéiert. D'Gemeng hat d'Scholden d'lescht Joer zesumme mam Kulturministère op Null gesat. An déi zousätzlech Käschten déi dës Opwäertung mat sech bréngt, ginn assuméiert. "Mir sinn eis all bewosst datt et méi kascht wann ee professionell Leit astellt. Wat mir hei maachen ass keng Spueraktioun", sou de Kulturschäffe Pierre Koppes. Et wier kloer, datt d'Gemeng méi héich Zomme misst asetze fir dëse Projet emzesetzen. Allerdéngs hätt d'Gemeng schonn ëmmer vill Moyenen an de Festival gestach.

An de Peak-Zäite vum Festival ass e Miles Davis zu Wolz opgetratt, an nach jett aner richteg grouss Kaliberen. Haut fënnt een déi Kategorie Artisten op der Affiche vun der Philharmonie, déi et deemools nach net gouf. Genee sou wéineg wéi de Cube zu Maarnech, de CAPE zu Ettelbréck, asw.

Wéi wëll Wolz seng Programmatioun gestalte fir nees méi Public unzezéien, a sech par rapport zu anere Strukturen ze positionéieren? "Wat mer mussen erreechen, ass datt et een eenzegaartegt Erliefnis gëtt, an deem Sënn datt et eppes anescht ass, wann ee Spektakel zu Woltz gebuede gëtt wéi wann ech an d'Philharmonie ginn", sou de Pierre Koppes. Dobäi soll d'Eenzegaartegkeet vum Site ervirgehuewe ginn. Zu deem Zweck sollen nach weider Konzepter ausgeschafft ginn, notamment zesumme mat der neier Directrice artistique vum Festival, der Elvira Mittheis. Si géif vill Erfahrung am Marketing matbréngen, dat hätt virdru gefeelt.

Pommerlach, Capitale des Ardennes?

Dat ganzt kulturellt Liewen zu Wolz soll een neien Elan kréien, an d'Stad opgewäert ginn. Als eng Plaz wou een och mol e ganzen Dag kéint verbréngen. Fréier war Wolz eng Akafsstad. Mä zënter datt d’Pommerlach do ass – de Slogan hei: täglich grenzenlos einkaufen. an dat op 364 Deeg am Joer – huet een dacks d’Impressioun datt d’Pommerlach déi eigentlech Capitale des Ardennes ass. Mä Wolz wiert sech, seet de Pierre Koppes. Zum Beispill doduerch datt een net laang gezéckt hätt fir datt Héichschoulen sech an der Stad néierloossen.

Doriwwer eraus spillt d’Stad am Norden eng Virreiderroll am Beräich vun der Economie circulaire. Eng ganz Rei Projeten, och a Connectioun mat de Frichen déi bebaut ginn, sollen do lancéiert ginn. An och d'Kultur soll eben ee wichtegen Deel vun där Strategie, fir d'Stad weider ze bréngen, ginn. De Festival ass een Element dovun.

Een neie Kannermusée an Aarbecht

Donieft entsteet awer och e Kannermusée. D'Iddi duerfir ass schonn zënter Joren entstan, wéi ee sech an der Regioun eens gouf datt Wolz méi Offere fir Kanner bis 12 Joer, a Clierf der méi spezifesch fir Jugendlecher entwéckele sollt. D’Iddi vum Musée ass evoluéiert an Zesummenaarbecht mam Educatiounsministère. "Et wäerten hei systematesch Ausstellungen zu gewëssen Theme ginn déi an der Schoul och emol ze kuerz kommen an déi d'Kanner dann op eng aktiv Manéier kenneléieren.", erkläert den Herbert Maly vu Coopérations.

De Konzept fir de Musée steet, d’Gemeng ass gewëllt en ze bauen. Elo gëtt mam Staat verhandelt wéi d’Funktiounskäschten opgedeelt ginn. Zoustänneg fir de Musée gëtt déi gebierteg Wëltzerin Anne-Marie Krettels, déi sech bis elo benevole beim Festival engagéiert huet.