Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Melissa Aldana - The Solitary Seeker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neien Ufank fir Buch, Kultur a Wëssen?

Weltdag vum Buch an den Autorerechter

Neien Ufank fir Buch, Kultur a Wëssen?

Op dësem 23. Abrëll ass et den Doudesdag vum Cervantes a vum Shakespeare, an dofir och de Weltdag vum Buch an den Autorerechter. Ënnert dem Slogan " New beginnings - En neien Ufank " lafen hei am Land schonn zënter dem Ufank vun der Woch an nach bis e Sonndeg sëlleg Evenementer an deem Kader. Wéinst der Corona-Kris mussen d'Buch an d'Wëssensvermëttlung dës Kéier a virtueller Form promouvéiert ginn.

auto_stories

3 min

Well se eng physesch Presenz erfuerdert hätten, goufe vill scho geplangten Evenementer ronderëm dës Journées du livre et du droit d'auteur ofgesot. Déi betraffen Institutiounen hu sech also missten ëmorganiséieren, erkläert d'Christine Kremer vun der Nationalbibliothéik:

"Dofir hu mer nach eng Kéier den Opruff gemaach un déi Leit, déi souwisou schonn eng Manifestatioun geplangt haten, ob se wéilten ëmdisponéieren an eppes Online proposéieren. Mir kruten do e ganz gudde Retour. Mee et ass natierlech och ëmmer schwéier fir méi kleng Institutiounen an Associatiounen, fir esou schnell op eppes Digitales ëmzesprangen."

Mix vu Live- a lafenden Evenementer

Iwwert de Programm vun dëse virtuelle Journées du livre kann ee sech ënnert anerem um Site Liesen.lu oder der Facebook-Säit vun de Journées informéieren. Et gëtt eng Partie fixe Live-Evenementer, wéi eng Visite guidée vun der Nationalbibliothéik iwwer Facebook, eng Soirée an der Escher Bibliothéik, Manga-Coursen am Mierscher Lieshaus, oder e sougenannten Upcycling-Projet an der Cité Bibliothéik.

Parallel sinn en continu Liesungen ze gesinn, op de Youtube-Kanäl vum CNL oder vum LiteraturLiwwererOnline, an och soss Tutorielle fir Kanner. Ass et net awer e bësse frustrant, datt de physesche Kontakt mam Buch ausfält, Christine Kremer ?

"De Fait, datt mer elo vun engem physesche Buch op en digitaalt Buch ëmswitche mussen, ass elo net weider dramatesch. Den e-book gëtt et schonn eng Zäitchen, an et ass och eben ëmmer méi digital Presenz erfuerdert, sief et vu Bibliothéiken, Auteuren oder kulturellen Instituter. Et ass zwar e Fest vum Buch, mee och vum Wëssen, vun der Kultur, an och der ganzer Wëssensvermëttlung a Kreativitéit, déi d'Buch mat sech bréngt."

Volet vun den Autorerechter kënnt méi kuerz

Ëmmerhi géifen et Alternative ginn, mat Librairien, déi Bicher Heem liwweren, oder Bibliothéiken, déi Online-Ressourcen zur Verfügung stellen. De Volet vun den Autorerechter kéim dann dëst Joer méi kuerz, well déi deementspriechend Aktioun an de Schoule vum Educatiounsministère, der Luxorr asbl. an Auteuren ewech fält.

De Ministère an de SCRIPT bidden de Schüler um Site schouldoheem.lu Contenuen un am Kader vun de Journées du livre. "An dann ass et um Proff, fir dee ganze Volet vun den Autorerechter ze thematiséieren", seet d'Christine Kremer.

De Slogan vun de Journées dëst Joer "New Beginnings - En neien Ufank" steet zënter dem leschtem Hierscht fest. Trotz oder grad wéinst der Corona-Kris hätt d'Organisatioun deen Titel bäibehalen, sou d'Christine Kremer :

"D'Geschicht huet eis geléiert, datt a Momenter vu Krich, vu Krisesituatiounen, no deem ganzen Abroch iergendwann eng Kéier e Moment kënnt, wou ee sech nei muss erfannen, nei denken, ëmdenken an och erëm wuesse muss. Zum Beispill andeems ee méi op dat Digitaalt muss ëmsprangen, net just am Milieu vum Buch mee och am Aarbechts- a Schoulmilieu."