E réckleefegen Ëmsaz, Visiteurszuelen déi Joer fir Joer ofhuelen, vereelzte Spektakelen an en Defizit 2016 vun enger hallwer Millioun Euro: De Wëltzer Festival stoung virum Aus.
Mat enger neier asbl an enger neier integréierter lokaler, regionaler an internationaler Programmatioun soll alles anescht ginn. "De Festival soll e bësse méi frësch, méi jonk, méi modern ginn", seet d’Elvira Mittheis, déi bis vru véier Méint fir den Neimënster, an do virdru fir de CAPE zu Ettelbréck geschafft huet.
Glokal, crossover an demokratesch
Am Programm 2017 vum Wëltzer Festival solle souwuel Lëtzebuerger, wéi och international Kënschtler optrieden. Geplangt sinn och eege Kreatiounen am musikalesche Beräich oder am Theater.
Anere Schwéierpunkt: Crossover tëscht de Genren. Zum Beispill eng eege Produktioun vum OCL (Lëtzebuerger Kammerorchester) zesumme mam Choreograf Jean Guillaume Weis, op Musek vum Anton Dvorak an dem Astor Piazzolla.
D'Präisser fir d'Tickete wëll een niddreg halen. Lokal Associatioune solle mat an de Festival agebonne ginn.
D'Asbl "Culture Wiltz"
De Wëltzer Festival, wéi och d'"Nuit des lampions" si Kulturevenementer déi vun der neier asbl "Culture Wiltz" organiséiert ginn. Och déi sozial-kulturell asbl "Cooperations" gehéiert dozou. Déi geréiert de Kulturzenter "Prabbeli". Déi ganz Wëltzer Kulturprogrammatioun soll an Zukunft mat engem kohärenten an integréierte Konzept op eng Schinn bruecht ginn. Dobäi wëll een net a Konkurrenz zu anere Kulturinstitutioun an der Regioun (CAPE a Cube 520) trieden, soen déi Responsabel.
En enke Budget
Fir déi gesamt Kulturprogrammatioun fir Wolz sti 630.000 Euro zur Verfügung - 320.000 Euro vun der Gemeng an 300.000 iwwert eng Konventioun mam Kulturministère. Dorënner falen de "Wëltzer Festival", d'"Nuit des lampions", an all déi aner kulturell Aktivitéiten, plus d'Paien, "Um Enn bleift dann net vill iwwreg", seet de Marc Scheer vu "Culture Wiltz".