Radioen

On air

Kultur um 5  |  Vu Solstice zu Solstice mam Schwäizer Alain Roche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net am Graf, mee an de Bicher"

Hollännesch Literatur

"Net am Graf, mee an de Bicher"

Den hollänneschen Auteur Cees Nooteboom huet d'Griewer vu bekannte Schrëftsteller besicht. An "Tumbas - Gräber von Dichtern und Denkern" huet hien seng Erënnerungen dokumentéiert. Hien invitéiert de Lieser op eng literaresch Rees bei déi Auteuren, déi him wichteg sinn. Mir hunn de Cees Nooteboom op der Frankfurter Buchmesse begéint.

auto_stories

3 min

De Cees Nooteboom ass säi Liewe laang gereest an huet vill doriwwer geschriwwen. Seng Reese waren och den Ausgankspunkt fir ee skurrille literaresche Laangzäitprojet: Iwwerall, wou hie war, huet hien d'Kierfechter besicht. Virun allem d'Griewer vu bekannte Schrëftsteller hunn den hollänneschen Auteur interesséiert.

D'Resultat ass "Tumbas - Gräber von Dichtern und Denkern." An dësem Wierk huet de Cees Nooteboom seng Souveniren an Erënnerungen a Form vu kuerzen Essaie festgehalen. Ënnermoolt ginn dës duerch Fotoe vun der Simone Sassen. D'Wierk soll de Lieser op eng literaresch Rees invitéieren – eng Rees bei déi Auteuren, déi de Cees Nooteboom markéiert hunn.

"An der Géigend"

Ugefaangen huet dësen "Hobby" an den 1970er Joren. An zwar mam Nooteboom senger Begeeschterung fir de Marcel Proust. D'Graf vun engem Auteur ass fir de Clees Nooteboom eng gutt Plaz, fir iwwer deem seng Literatur nozedenken. De Marcel Proust zum Beispill hätt sech selwer zum Haaptpersonnage vu senge Bicher gemaach. "Et weess een, datt een iwwert hie liest. An iwwer seng Groussmamm a seng Mamm."

De franséischen Schrëftsteller hätt bis zu sengem Dout geschriwwen an nach u sengem Wierk geschafft, wéi hie schonn am Stierwe louch. "Wann een da bei säi Graf kënnt, kann een net anescht ewéi doriwwer nodenken." Natierlech géif een den Auteur net am Graf, mee a senge Bicher an a sengem Gesamtwierk fannen. "An trotzdem huet een d'Gefill, si sinn an der Géigend,"

Zigaretten, Parfum an eng Bréifkëscht

Wéi hien d'Kierfechter vu Paräis besicht huet, war de Cees Nooteboom faszinéiert dovun, wat d'Leit op déi bekannte Griewer geluecht haten. Beim latäinamerikaneschen Dichter César Vallejo hätten zum Beispill Zigaretten, Parfum a Postkaarte geleeën. Um Graf vum iresche Schrëftsteller Samuel Beckett awer hätt een Thriller geleën. A beim argentinesche Schrëftsteller Julio Cortázar hätt eng Fläsch Absinth gestanen. "Drénkt hien Nuets eng Schlupp?", freet de Cees Nooteboom. Hien interesséiert, firwat d'Leit dës Objeten op de Griewer hannerloossen.

De Cees Nooteboom huet mat senger Fra iwwer 90 Schrëftstellergriewer besicht an dokumentéiert. Dobäi wieren si iwwer déi eng oder aner Iwwerraschung gestolpert, erzielt den Hollänner. Beim Graf vum supueneschen Dichter Antonio Machado stéing zum Beispill eng Bréifkëscht. 13 Bréiwer wieren do dra gewiescht, erënnert sech de Cees Nooteboom. "Liest hien déi Nuets?"

Am Léifsten hätt de Clees Nooteboom nach vill méi ewéi déi 90 Griewer besicht, déi an "Tumbas – Gräber von Dichtern und Denkern" dokumentéiert sinn. Säin Editeur hätt awer gesot: "elo geet et duer. Et si genuch Doudeger." Och deen een oder aneren hollänneschen Auteur huet et ënnert dës "Doudeger" gepackt, déi am Buch beschriwwe ginn, zum Beispill den Nokrichsdichter Lucebert. "An och op sengem Graf steet ee Konschtwierk."