Radioen

On air

Kultur um 5  |  Them Lights – Residenz-Ofschloss an der Escher Kufa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net grad subtil Gaunerkomedie

Filmkritik

Net grad subtil Gaunerkomedie

Déi amerikanesch Gaunerkomedie "The Hustle" vum Regieufänger Chris Addison, mam Duo Anne Hathaway a Rebel Wilson, ass e schlechten also iwwerflëssege Remake vun "Dirty Rotten Scoundrels". Frank Oz, Michael Caine a Steve Martin waren e puer Nummeren ze grouss...

auto_stories

3 min

Zwou Gaunerinnen - déi elegant Josephin an déi ongehuwwelt Penny - sichen op der Côte d'Azur no räiche Männer, déi domm genuch sinn, fir op si eran ze falen. Potentiell Affer schéngt et genuch ze ginn. Allerdéngs empfënnt d'Josephin, déi scho méi laang am schicke Beaumont-sur-Mer aktiv ass, d'Präsenz vum Penny - grad ukomm - als eng lästeg Konkurrenz. No enger kuerzer Zesummenaarbecht spille béid Fraen da géinteneen: wiem geléngt et, de jonken onbehollefen Internet-Millionär Thomas ëm eng hallef Millioun Dollar ze strëppen?

Remake vum Remake

Dem britesche Komiker a Regie-Ufänger Chris Addison seng amerikanesch Komedie "The Hustle" ass de Remake vun "Dirty Rotten Scoundrels", ee Film vun 1988, dee selwer schonn den deemools 24 Joer ale "Bedtime Story" mam Duo Marlon Brando/David Niven an den Haaptrollen, op en neits op de Leescht geholl hat. Sengersäits hat den deemools scho routinéierte Frank Oz fir säin "Dirty Rotten Scoundrels" de Michael Caine an de Steve Martin an Zeen gesat.

De Motor vun dësen zwou Komedië war all Kéiers d'Ausenanersetzung tëschent zwee ganz géigesätzleche Gauner-Personnagen: engersäits, dee Raffinéierten an Intelligenten, dee sech an der High Society wéi e Fësch am Waasser spiert, gespillt vum David Niven respektiv Michael Caine; anerersäits, de graffe Proletarier, deen awer clever genuch war fir sech och an der besserer Gesellschaft erëmzeklappen, verkierpert vum Marlon Brando an da Steve Martin.

Am Chris Addison sengem neie Remake "The Hustle" gëtt deen ongläiche Männerduo duerch dee grad esou ongläiche Fraenduo Anne Hathaway-Rebel Wilson ersat. Woubäi déi feministesch "plus value" eleng doranner ze bestoe schéngt, datt iwwergewiichteg Fraen iwwerflächleche Männer emol eng kënnen auswëschen, an datt d'Fraen allgemeng hir Superioritéit doduerch ënner Beweis stellen, datt si d'Männer ouni Problem emotional ëm de Fanger kënne wéckelen. Mee souguer dee simplistesche Statement gëtt am Film zerstéiert, spéitstens da wann d'Léift mat an d'Spill kënnt...

Vulgaritéit behält d'Iwwerhand

Bleift also de Kontrast tëschent den zwou weiblechen Haaptrollen, deen - am Géigesaz zu den zwee éischte Filmer - hei onnëtz verschäerft gëtt. Ugefaange mam physeschen Ënnerscheed: der grousser, schlanker a stilvoller Anne Hathaway steet déi méi kleng, adipös a schmuddeleg Rebel Wilson géintiwwer. Op déi scho bal penetrant Manéierlechkeet vun där enger Fra äntwert déi aner mat iwwerdriwwener Vulgaritéit. Déi männlech Affer schéngen an "The Hustle" däitlech méi liichtgleeweg, dat heescht méi domm ze sinn, grad ewéi d'Witzer an d'Komedie-Situatiounen. Psychologesch Credibilitéit ass dem Film egal - richteg gutt Komedië liewen awer vum Decalage, deen se mat der Realitéit kënne produzéieren.

Marlon Brando an David Niven, duerno Michael Caine a Steve Martin: béid Duoe waren ausgeglach. De Schotz Vulgaritéit vun deem enge gouf ëmmer duerch d'Eleganz vun deem anere kompenséiert. An deem Sënn konnt bei béide Virgänger-Filmer och ee vill méi breet gefächerte Publikum op seng Käschte kommen, anescht ewéi dat bei "The Hustle" de Fall ass, an deem de plompe Personnage vum Rebel Wilson - iwwregens Co-Produzentin vun "The Hustle" - géintiwwer der stilvoller mee kalbliddeger Anne Hathaway als de kloere Sympathiedréier ervir geet.

An enger Zeen vum Film proposéiert d'Rebel Wilson engem männleche Niewepersonnage fir mat hir Sex ze hunn. De Mann laacht an äntwert, datt hien aner Standarden hätt. Elo op dem Chris Addison seng Komedie "The Hustle" am grousse Ganze bezunn, kann ech dës Ausso nëmmen deelen...