Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wéi kann ee sech virum Mainstreamschwachsinn schützen?"

Wicki-Beach an Esch 2022

"Wéi kann ee sech virum Mainstreamschwachsinn schützen?"

De Lëtzebuerger Schrëftsteller Nico Helminger ass am Moment net gutt op seng Stad ze schwätze a kuckt och ganz skeptesch op d'Zukunft vun der Europäescher Kulturhaaptstad am Joer 2022.

auto_stories

3 min

Mat engem ëffentleche Lieserbréif, dee mat ganz vill Humor geschriwwe war, huet sech de Schrëftsteller Nico Helminger un den Escher Buergermeeschter Georges Mischo adresséiert fir de Rot ze kréien, wéi ee sech viru "Mainstreamschwachsinn" protegéiere kann.

Gemengt war domat den Optrëtt vun DJ Lost Frequencies - eng vu sëlleche Veranstaltunge vu Wicki-Beach - eng Attraktioun, déi d'Escher Gemeng vu Wickreng an d'Escher rue de Belval deponéiert huet. Vu mëttwochs bis sonndes sinn de ganze Summer duerch nieft After-work-Owenter, Partyen a Concerte Programm op der Plage matzen an der Stad, wéi e begeeschterte Georges Mischo op der Aweiung vu Wicki-Beach betount huet. Dozou den Nico Helminger:

"Ech mengen all déi Leit, déi deen Owend zu Esch waren, déi hu sech d'Oueren zougehalen. Derbäi wëll ech kloer soen, dat ass elo op Esch komm, déi Wicki-Beach, do ginn et vläicht Argumenter dofir, ech kann déi net all novollzéien, well ech mengen net, datt et Esch esou vill bréngt, wéi gesot gouf."

Esch 2022: Net begeeschtert vun der Prozedur

Op der Pressekonferenz gouf vu Membere vum Escher Schäfferot gesot, datt dës kommerziell Manifestatioun e Module wär op Hibléck op d'Kulturjoer 2022. Mee vun der Prozedur vun Esch 2022, wéi et bis elo gelaf ass, ass den Nico Helminger net grad begeeschtert:

"Leit, déi dat bësse verfollegen, déi wësse jo, datt ech mech scho kritesch geäussert hunn zu deem, wat elo alles am Virfeld vun Esch 2022 gelaf ass, datt ech net begeeschtert war vun der Aart a Weis souwuel wéi déi Leit, déi do ganz villes opgebaut hunn, quasi gaange goufen. An et gouf do gefrot fir nei Projeten anzereechen, an ech hunn och do ëffentlech gesot, datt ech net géif en neie Projet areechen. Also, gewëss Distanzen hunn ech dozou geholl."

Zanter ronn zéng Méint ass d'Nancy Braun Generaldirectrice vum Projet Esch - Europäesch Kulturhaaptstad 2022. Dat nodeem déi zwee Coordinateure Janina Stroetgen an Andreas Wagner, d'Auteure vum Bid Book, hir Kontrakter net méi verlängert kruten. Wéi gesäit den Nico Helminger d'Entwécklung vum Projet ënner der Leedung vun der Nancy Braun an dem artisteschen Direkter Christian Mosar?

"Bis elo huet een nach net ganz vill vun deenen héieren. Dat ass ganz kloer. Ech hat eng Sendung hei um Radio gelauschtert, do war net vill Konkretes ze héieren. Dat muss ech einfach soen. Also, ech wënschen hinnen all dat Bescht. Ech wunnen zu Esch, ech war virdrun zu Esch, et wier schued, wann et just duerch déi Aart a Weis wéi et gelaf ass, näischt géif ginn, mee ech fäerten awer bei esou engem schlechten Depart, dierft et elo enorm schwéier ginn, dee Retard erëm ze huelen an och eppes ze bidden, wat deem entsprécht, wat ursprénglech virgesi war. Also du hunn ech dach eng gewëss Angscht."