Radioen

On air

De Moien  |  Bryony Jarman-Pinto - Moving Forward

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "No dräi Méint scho faillite"

25 Joer Radio ARA

"No dräi Méint scho faillite"

De Robert Garcia ass Gerant a Mann vun der éischter Stonn beim Radio ARA. Hie kuckt zeréck op 25 Joer Héichten an Déiften. Awer virun allem kuckt hien no vir. De klengen, onofhängege Radio emanzipéiert sech.

auto_stories

2 min

Robert Garcia

De 6. Dezember 1992 huet de Radio ARA ugefaange mat senden. "No dräi Méint ware mir scho faillite", erënnert sech de Robert Garcia. Een Appell un d'Nolauschterer hätt sou e Succès gehat, datt ee souguer hätt kéinten zwee Leit astellen. Bis haut géif de Radio ARA virun allem duerch Done finanzéiert ginn.

Fir professionellt Equipement géifen trotzdem d'Moyene feelen. Dat meescht wier recycléiert a géif vun Techniker an hirer Fräizäit reparéiert ginn. "Also et ass scho bësse Scoutismus nach ëmmer." Dofir hätt ee sech och an d'Diskussioun ëm d'Pressehëllef ageschalt, seet de Robert Garcia. "Mir wëllen net einfach iergendwellech Suen. Mir hätte gär, datt et kloer, transparent Critèrë ginn, wéi et se och bei der Pressehëllef fir d'geschriwwe Press gëtt."

25 Joer um Rand vum Ruin

Den ARA wier nach deen eenzege wierklech onofhängege Radio zu Lëtzebuerg, seet de Robert Garcia. Just fir de Jugendprogramm géif et eng Konventioun mam Familljeministère ginn. "De Virdeel ass, datt een net vun uewen erof kann e President vum Verwaltungsrot octroyéiert kréien." Den ARA géif sech seng Leit selwer eraussichen, souwuel wat Mataarbechter ugeet, wéi och d'Invitéen.

Den Nodeel wier, datt den ARA zënter 25 Joer um Rand vum Ruin wier. "Et ass immens schwiereg wann een an enger Nisch ass a keng Moyenen huet fir Kommunikatioun ze maachen, fir och nei Leit ze fannen déi een ënnerstëtzen."

Hoffnung: Campus-Radio

Zu Lëtzebuerg wier et ausserdeem schwéier fir Presentateuren ze fannen, déi bereet wiere fir benevole Radio ze maachen, sou de Robert Garcia. "Ech fannen et schonn e Wonner, datt et no 25 Joer nach klappt."

Et hofft een, datt an Zukunft Studente vun der Uni wäerten op de Goût komme, fir Emissiounen ze produzéieren. Sou wéi dat an den USA bei Campus-Radioen de Fall ass. Den ARA géif sech als eng Zort pädagogesch Institutioun gesinn. Iwwer 20 fréier ARA-Presentateure géife mëttlerweil bei anere Radioe schaffen.

Den ARA wéilt keng communautaire Sendungen, seet de Rober Garcia. Als Beispill nennt hien d'Demande vu syresche Refugiéen, déi eng Emissioun op Arabesch wollte maachen. Et hätt ee sech drop gëeenegt, datt d'Emissioun parallel och op Englesch wier "Dann huet déi Communautéit selwer e Moyen fir ënnerteneen ze kommunizéieren, si kommunizéiert awer och bei d'Lëtzebuerger, beziehungsweis bei d'Residenten. An déi ginn do Saache gewuer, déi se vläicht duerch aner Medien net kënne gewuer ginn."