Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Liam Bailey - Mercy Tree

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konscht oder Tabu?

Fotografie

Konscht oder Tabu?

D'Fotoe vum Japaner Nobuyoshi Araki splécken d'Gesellschaft. A Japan gëtt de Kënschtler gefeiert wéi e Star. Am Weste gëtt seng Konscht dacks als Pornografie bezeechent. De Paräisser Musée Guimet weist den Ament eng Retrospektiv vum 87 Joer ale Fotograf.

auto_stories

3 min

Foto: Nobuyoshi Araki

Mat senge Fotoe vu gefesselte Fraen huet de Nobuyoshi Araki Uganks de 1990er Joren am Weste fir e Skandal gesuergt. Beim Public huet sech d'Meenung duerchgesat, et wier Pornografie. Den Nobuyoshi Araki huet dat net weider gestéiert. Seng Biller géifen eng al japanesch Fessel-Konscht duerstellen, sou de Kënschtler. Déi hautdesdaags als "Bondage" bekannten Technik hat an der Meiji-Zäit, Enn vum 19. Joerhonnert, zu de Sexualpraktike vun de Japaner gehéiert.

Foto: Nobuyoshi Araki

Tabubroch am Westen

Fir seng Fotoen huet den Araki d'Frae selwer gefesselt. En huet si op Better oder Buedbidden an Zeen gesat oder si vum Plafong oder engem Bam hänke gelooss. Dobäi sinn d'Fraen op ville Fotoe plakeg. Am Westen en Tabubroch. D'Erotik ass ee vun de grousse Sujete vum Nobuyoshi Araki. Seng Blummebiller gläiche Geschlechtsorganer an de Fotograf huet och schonns Genital- an Aktfotoe gemaach.

A Japan ass den Ëmgang mat der Sexualitéit traditionell méi labber wéi am Westen. Eréischt zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich ginn et méi streng Regelen. Den Araki gëtt a Japan wéi e Star gefeiert. En huet awer och mat der Zensur ze kämpfen. Zenséiert gi seng Wierker awer net well se gefesselt Frae weisen. Dat ass a Japan e gängegt Motiv. En Tabu ass et awer a Japan, wann d'Hoer vum Intimberäich ze gesi sinn.

E villsäitege Kënschtler

Zënter 1971 huet den Abayoshi Araki 460 Fotobänn verëffentlecht. Niefteneen an enger Rei maache si den Optakt vun der Paräisser Araki-Ausstellung.

Dem Araki seng Konscht léisst sech awer net op erotesch Fotoe reduzéieren. Dat geet ganz gutt aus der Retrospektiv am Musée Guimet ervir. De Kënschtler ass Fotograf, mat Leif a Séil. Hie mécht ëmmer an iwwerall Fotoen: Zeenen aus dem Alldag, dem Nuetsliewen, Friemer, Frënn, den Himmel ... all dës Motiver sinn op dem Araki senge Fotoen ze gesinn. Fotograféieren ass fir hien "esou selbstverständlech ewéi Ootmen".

Wéi enk Liewen a Schaffe beim Araki matenee verbonne sinn, dat weist "Winter's Tale". D'Serie dokumentéiert de luesen Dout vu senger kriibskranker Fra. D'Fotoen imponéieren duerch hir Rou, hir Simplicitéit an hir Intimitéit. Den Araki kämpft géint d'Vergänglechkeet, mat senge Biller hält hien d'Zäit fest. D'Kaz ouni Meeschter, den eidele Futon, de Sarg ënnert engem Mier vun Orchideeën.

Dem Araki seng Fotoe reflektéiere seng Perséinlechkeet: mol si se sensibel, mol verspillt. Fir e Selbstportrait mat der Kënschtlerin Yayoi Kusuma huet en sech falsch Pupillen op säi Brëll gepecht. Am Hannergrond sinn Dinosaurier a Plastiksschlaangen ze gesinn.

Foto: Nobuyoshi Araki

Eng Bréck tëschent Japan an dem Westen

Mat der Retrospektiv wëll de Musée Guimet e villsäitegt Bild vum Nobuyoshi Araki presentéieren. Dem Kënschtler säi Wierk soll net nëmme kontextualiséiert, mee och kulturell verankert ginn. Parallel zu der Retrospektiv leeft zum Beispill d'Ausstellung "Miroir du désir - Images de femmes dans l'estampe japonaise". Si setzt sech mam Ëmgang mat Sexualitéit an Erotik a Japan auserneen.

D'Araki-Ausstellung ass net nëmmen en Abléck am Araki seng Konscht. Et gëtt och versicht, dem Public déi Japanesch Kultur méi no ze bréngen.

Foto: Nobuyoshi Araki