Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Fro mécht eng Dier op, d'Äntwert eng zou"

Kino

"D'Fro mécht eng Dier op, d'Äntwert eng zou"

Am Film "Noces" erwëscht een sech als Spectateur mat ganz onerwaarte Gedankegäng vis-à-vis vun engem Sujet deen et a sech huet: Zwangsbestiednisser. Dem Realisateur seng Rechnung ass opgaangen, seet hien.

auto_stories

4 min

D’Zahira lieft mat senger Famill, déi aus dem Pakistan emigréiert ass, an der Belsch. U sech ass d'Famill gutt integréiert, an d’Meedchen lieft quasi wéi eng jonk Belsch. Wéi hatt sech allerdéngs dem Wëllen vu sengen Eltere widdersetzt, sech mat engem Onbekannten ze bestueden, hëlt de Film eng tragesch Tournure. Souwäit zum Plot vum Film.

Fir d'Avant-Première vun "Noces", dee vun Tarantula co-produzéiert, vum Filmfong ënnerstëtzt, an a groussen Deeler hei zu Lëtzebuerg gedréint gouf, waren de Realisateur, Stephan Streker, an de Schauspiller Sébastien Houbani op Lëtzebuerg op Besuch komm.

U Feeler kann ee schaffen

De Schauspiller spillt de Brudder vun der Haaptfigur, dee sech entscheede muss. Entweder fir seng Schwëster, déi sech net mat deem Mann well bestueden, deen hir Elteren erausgesicht hunn, oder fir seng Elteren, fir déi dem Meedche säi Refus eng Schan bedeit.

De Sébastien Houbani hat bei den Dréiaarbechte besonnesch appreciéiert, datt de Realisateur Stephan Streker domat averstane war, wann d’Schauspiller eegen Dialoge proposéiert hunn – soulaang se gutt waren. De Stephan Streker seet selwer iwwer seng Aarbecht um Set, datt et him wichteg war senge Leit kloer ze maachen, datt se och dierfte Feeler maachen. Un deene kéint ee jo schaffen.

Ganz verschidde Profiller ënnert de Schauspiller

Et wär keen um Tournage jugéiert ginn, seet de Stephan Strecker. Dat war virun allem fir d’Debutanten immens wichteg. Engersäits waren do eng Rei al Huesen um Wierk:

  • den Olivier Gourmet, eminent groussen Acteur vum franséischsproochege Film
  • den Iraner Babak Karimi, deen een aus Filmer wéi "The Salesman" a "La Séparation" kennt
  • d'Neena Kulkarni, eng Star aus dem indesche Film.

An op där anerer Säit stinn déi ganz jonk Haaptactrice Lina El Arabi an de Sébastien Houbani, deen e bëssen Experienz huet, awer bis elo och nach guer net bekannt war. An déi Jonk hunn den Alen souzesoen d’Show geklaut, do si sech d'Kritiker eens. "D'Erausfuerderung war et, fir aus dëse ganz verschiddene Profiller een homogeent Resultat erauszeschaffen", seet de Realisateur Stephan Streker.

Houbani: "Meng éischt grouss Libesgeschicht"

De Sébastien Houbani vergläicht d'Erfahrungen, déi hien um Tournage vu "Noces" – a virdrun – gemaach huet mat der Léift. "Virdrun hunn ech nëmme Geschichte vun engem Owend gemaach, mat Noces hunn ech meng éischt grouss Libesgeschicht erlieft", sou den Acteur. Am Géigesaz zu der Lina El Arabi, déi an dësem Film – hirem éischten – direkt eng grouss Roll assuréiert, huet hie bis elo ëmmer kleng Rolle gespillt.

Fir hien erënneren d'Konditiounen an där säi Personnage sech am Film erëmfënnt un eng klassesch griichesch Tragedie: Egal wat hie mécht, et schéngt, wéi wann et net gutt kéint ausgoen.

Ass vläicht alles guer net sou schlëmm?

Als Publikum hofft een natierlech drop, datt d’Tragedie sech ofhale léisst. Bis zu engem Punkt wou ee bal tentéiert wär, sech d’Fro ze stellen: wär et net besser, d’Meedche géif sech einfach fügen? Vun deenen dräi Kandidaten, tëscht deene seng Elteren et wiele loossen – seet ee sech – wier deen am mannste Schlëmme jo eigentlech vläicht ee gudde Choix. E wierkt éierlech a sympathesch.

An dem Zahira seng Elteren, deenen hiert Bestietnes och arrangéiert war, si jo och frou mateneen. An och seng grouss Schwëster, déi sech hire Mann net selwer erausgesicht huet, ass glécklech. Mee: Wat ass een do am Gaang ze denken?

Méi Froe stellen, wéi Äntwerte ginn

De Realisateur Stephan Strecker gëtt ze verstoen, datt genau dat säin Zil war: "Ech denken, et ass ëmmer besser, wann ee Konschtwierk méi Froe stellt, wéi et Äntwerte gëtt. Och vun engem philosophesche Standpunkt hir fannen ech Froe méi spannend wéi Äntwerten, an et gëtt ee Grond dofir: D'Fro mécht eng Dir op, d'Äntwert mécht eng zou".

Vill Spectateuren hunn dem Stephan Strecker deeselwechte Feedback ginn: Datt de Film si op ganz onbekannten an ondenkbar Iddie bruecht huet.

_______________________________________________________________________________________

"Noces" ass e Coup de coeur vum radio 100,7

"Noces" Gespréich mat Streker an Houbani (Deel 1)play_arrow

"Noces" Filmkritikplay_arrow