Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Diana Ross - Love Hangover

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nohëllefstonn a Lëtzebuerger Konschtgeschicht

Lëtzebuerger Konscht am MNHA

Nohëllefstonn a Lëtzebuerger Konschtgeschicht

Vill Leit kenne keng Lëtzebuerger Kënschtler. Dat beweist e rezente Sondage. Eng nei Ausstellung am Nationalmusée erlaabt een Abléck an d'Kreatioun zu Lëtzebuerg vun de 60er Jore bis haut.

auto_stories

3 min

Den Nationalmusée stellt net permanent modern an zäitgenëssesch Lëtzebuerger Konscht aus. Awer am eelste Lëtzebuerger Musée ass zanter 1958 konsequent eng ëmfaassend Lëtzebuerger Konscht-Kollektioun opgebaut ginn. Duerch Akaf, Commanden an Donen. Déi aktuell Ausstellung "20 Joer lëtzebuergesch Konscht-Acquisitiounen tëscht 1996 an 2016" presentéiert 34 Wierker vun 20 Lëtzebuerger Kënschtler.

"Mir hunn déi bescht Wierker ausgewielt, déi zesumme gepasst hunn", seet d'Malgorzata Nowara, Conservatrice vum MNHA. Deen eelste Kënschtler op der Ausstellung ass de François Gillen, Joergang 1914. Déi eelst Kënschtlerin ass d'Marie-Therèse Kolbach, Joergang 1918. Déi jéngst Kënschtlerin ass d'Grafikerin an Illustratrice Stina Fisch, gebuer 1977. Dee jéngste Kënschtler de Christian Frantzen, 1975 gebuer.

De Wee an der Konschtgeschicht

De Frantzen gehéiert zu deenen Artisten, déi d'Malgorzata Nowara an enger Galerie entdeckt huet. Anerer kontaktéieren d'Conservatrice direkt am Musée, verschidde Wierker gi kaaft, well se e wichtege Präis kritt hunn. Confirméiert Kënschtler bedeit net noutgedrongen steenalen Akaf. Sou huet den MNHA zum Beispill eng gutt Dose Wierker vun der Anna Recker a senger Sammlung. Vu datt nach näischt vun hiren aktuelle politeschen Aarbechten dobäi war, huet de Musée sech dëst Joer fir sou en Tableau decidéiert. Op déi Manéier kann ee vu verschiddene Kënschtler d'Evolutioun, de Wee an der Konschtgeschicht nozeechnen.

Foto: MNHA / Tom Lucas

Gewise gëtt Abstraktioun, Figuratioun, Expressionismus, feministesch Konscht a Konzeptkonscht. An der Fotografie, der Grafik, der Skulptur an haaptsächlech an der Molerei. Wat verbënnt déi 34 Aarbechten, ausser d'Prädikat "lëtzebuergesch"? Vill Wierker hätten e klore Lien zu Lëtzebuerg, seet d'Malgorzata Nowara. Zum Beispill de Roland Schauls, dee sech mam Joseph Kutter beschäftegt, an d'Stad Lëtzebuerg a senge Wierker opgräift. "Anerer, wéi d'Berthe Lutgen, beschäftege sech mat deem, wat an der Gesellschaft geschitt." Och de Brandy géif zum Beispill Zeitungsartikelen a senge Wierker verschaffen.

Ee "Best of"?

Eng allgemeng Kritik un der Gesellschaft ass quasi an all Konschtwierk eraus ze liesen. Op den architektonesche Peinture vun der Tina Gillen oder der verzerrter hëlzener Dier vum Martine Feipel a Jean Bechameil. Oder um Jean-Marie Biwer sengem "wooden sketchbook". Dat ass säi perséinlecht Tagebuch, lauter kleng Molereien zu enger grousser zesummegesat. Nieft Natur a Virtualitéit dréckt sech ëmmer nees d'Absurditéit an de Virdergrond. Fir dat net just bildlech mee och materiell kloer ze maachen, hat de Guy Michels fir säin Tableau "Lit A.T." Gips benotzt, stellvertriedend fir d'Gesellschaft, déi d'Leit wéi d'Mafia abetonéiert.

E "best of" vun der Lëtzebuerger Konscht, déi tëscht de 60er Joren an haut entstanen ass. Ass esou eng Ausso nach eendeiteg ze maachen? Stinn d'Muséeën duerch hier Acquisitiounen nach ëmmer fir déi gréisste Qualitéit oder musse si sech mat dem zweetwichtegste Wierk, dem zweete Choix, zefridde ginn, well si mam Portemonnaie vu verschiddene Sammler net méi mathale kënnen? Et géif net drëm goen, fir verschidden Artisten zu Nationalkënschtler wëllen ze pushen, seet d'Malgorzata Nowara. "Et geet drëms ze weisen, wat an enger Zäitspan zu Lëtzebuerg an der Konscht geschitt ass. D'Konschtgeshcicht mécht duerno säi Choix."