Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Noruff op d'Agnès Varda

Noruff

Noruff op d'Agnès Varda

Kuerz virum Weekend koum eng traureg Nouvelle, déi d'Filmwelt an eng déif Trauer gestierzt huet. D'Agnès Varda ass am Alter vun 90 Joer an hirem Haus gestuerwen. Den Tom Dockal mat engem Noruff op déi klengste Grande Dame vum Kino.

auto_stories

4 min

D'Agnès Varda ass net méi. Eegenen Aussoen no "Petite vieille, rondouillarde et bavarde" - déi klengste Grande Dame vum franséischen, nee, vum Kino iwwerhaapt hannerléisst e Lach op der cinematographescher Weltkaart, dat esoubal net ersat oder opgefëllt wäert ginn.

Dat Bild vum Lach, dat hannerlooss gëtt mam Doud vun engem Mënsch, ass am Fong e bizaart Bild. Bei enger Kënschtlerin, enger Produzentin, enger Fotografin, enger Aktivistin, ma virun allem bei enger Realisatrice ewéi dem Agnès Varda ëmsou méi.

Eng Hellewull u Realisatiounen

Um Varda hirem CV si vu Mëtt de 50er un iwwer 50 Realisatiounen op hir Kap ze verzeechnen. Natierlech ass do 1962 Cléo de 5 à 7, dee Film, deen d'Agnès Varda op den éischte Plang vum Weltkino gestallt huet. An enger Zäit, an där de franséischen Auteurekino vun der Nouvelle Vague souwisou dat spannendst war, wat op de groussen Ecranen ze gesi war.

D'Varda, gebierteg Belsch, huet d'Nouvelle Vague awer schonns ëm op mannst véier Joer precurséiert. La pointe courte aus dem Joer 1955, mam Silvie Monfort an engem immens jonke Philippe Noiret - seng éischte Roll - an den Haaptrollen, huet dramaturgesch gesinn, vill virewech geholl. Virop en fragmentéierten Narrativ, an där zwee Handlungssträng komplett onberéiert vunenaner erzielt ginn.

Méi wéi d'Nouvelle Vague

D'Varda op d'Nouvelle Vague ze limitéiere wier e Feeler. Si huet zwar all Mënsch kannt, koum awer aus der Fotografie a guer net aus der Cinéphilie an houng léiwer mat de Leftfield-Nouvelle Vagueler ewéi Chris Marker an Alain Resnais of ewéi mat de Staren Truffaut a Godard of. Kleng parenthèse: d'Varda krut als eenzeg Realisatrice de Godard dozou, säi Sonnebrëll viru lafender Kamera auszedoen an an d'Seine ze geheien. Klammer zou.

D'Varda Fotografin huet si ronderëm de Planéit bruecht an huet d'Liaison gemaach tëscht Varda Realisatrice a Varda Feministin Aktivistin. Hir Relatioun zum Jacques Demy huet si an d'USA bruecht, wou si un den Anti-Vietnam Demonstratiounen Deel geholl huet an d'Black Panthers ofgeliicht a gefilmt huet. Engem Marker ähnlech huet si aus hiren Dausende vu Fotoen aus Kuba 1962 e Fotodocumentaire gemaach Salut les cubains. De Castro inclus.

En neie Wand

1970er waren net déi memorabelst Joer vun der Varda, mee vun deem Extrait aus deem Kuba-Documentaire ass eriwwerzesprangen an d'80er, an deenen dem Varda hire Kino neie Wand krut huet. De feministesche Geste war méi grouss a vill méi konkret deklinéiert ginn, ewéi nach am Cléo oder am Bonheur. Zu där Zäit gehéiert ganz emblematesch Sans toit, ni loi mam Sandrine Bonnaire an der Haaptroll, an deem Film d'Intentioun ënner anerem war, de weibleche Kierper ze defetischiséieren. Gëllene Léif op der Mostra zu Venedeg.

Mam Doud vum Demy a kënschtlereschen Echecen am Fiktiounsfilm huet d'Agnès Varda der Fiktioun de Réck gedréint a sech an de spéide Joren zimlech exklusiv dem Documentaire dediéiert. Net nëmme wuelverstanen. Mat hirer co-gegrënnter Boîte Ciné Tamaris huet si ganz aktiv um Legendestatus vum Jacques Demy matgeschafft an huet sech mat Documentaire journal en Numm gemaach. D'Kamera op sech gedréit.

Fir Visages villages gouf si fir hiren eenzegen Oscar nominéiert. Mee net nëmmen. Les glaneurs et la glaneuse, Quelques veuves de Noirmoutier, ganz ganz rezent Varda par Agnès - deen elo grad an der Mediathéik vun ARTE ze gesinn ass an dann natierlech Les plages d'Agnès an deem si Spiggelen op Plagen opbaut. Spigelen déi natierlech och si weisen, mee déi och nees zeréckversetze bei d'Cléo, wat vun de Spigelen gelieft huet. Also de Blécker an de Spigel. An esou ewéi d'Cléo Angscht virun der Kriibsdiagnos hat, esou huet och d'Agnès Varda d'lutte géint esou e Kriibs verluer. Mee och dat ass just eng Randnotiz am Liewen an dem Schafe vum Agnès Varda. D'Filmer sinn do.