Radioen

On air

Notturno  |  Mark Renner - Half A Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ On The Road

LiteraturLabo

On The Road

Wat ass Reesliteratur iwwerhaapt? A gëtt et genuch Fuerschung doriwwer? Leit dës Literaturform ëmmer nach um Stigma vun enger ze grousser Popularitéit? Déi Froe stoungen am Mëttelpunkt vun der sechster Editioun vum LiteraturLabo.

auto_stories

2 min

Fir de Ian De Toffoli kann een d'"Odyssee" vum Homer als Literatur iwwer eng Rees gesinn. Et wier awer och en "Abenteurroman". Och d'Schrëfte vum Christophe Kolumbus no senger Entdeckung vun Amerika oder dem Jules Verne seng Rees ronderëm d'Äerd kéinten deemno Reesliteratur genannt ginn.

All dës Beispiller weisen awer och d'Hybriditéit vun der Reesliteratur, an dës hybrid Form ass eng vun de Charakteristike vum Genre.

Fuerschungs-, Bildung- a Schrëftstellerreesen

Ursaache fir ze reesen, géif et vill verschiddener, sou d'Valerija Berdi. Bis an d'18.Joerhonnert war d'Entdecken an d'Erfuersche vun der Friemt eng Haaptursaach vum Reesen. Eréischt um Ënn vum 18. Joerhonnert koum d'Bildungsrees op an huet de Goethe zu senger italienescher Rees bruecht. E weidert Beispill ass de Johann Gottfried Seume, deen zu Fouss an Italien goung an doriwwer "Spaziergang nach Syrakus" verfaasst huet.

"Ich halte den Gang für das Ehrenvollste und Selbständigste in dem Manne und bin der Meinung, daß alles besser gehen würde, wenn man mehr ginge. Sowie man im Wagen sitzt, hat man sich sogleich einige Grade von der ursprünglichen Humanität entfernt. Man kann niemandem mehr fest und rein ins Angesicht sehen, wie man soll. Fahren zeigt Ohnmacht, Gehen Kraft." - Johann Gottfried Seume

Italien gouf eng grouss Inspiratiounsquell fir Auteuren. E rezent Beispill ass "Tod in Turin" vum jonken däitschen Auteur Jan Brandt. An deem Wierk fënnt sech e ganzt Kapitel mat Zitater vun Auteuren, déi iwwert Italien geschriwwen hunn.

Eng wierklech kohärent Fuerschung iwwert Reesliteratur gëtt et awer net. Bis haut gëtt de Genre als ze populär an ze trivial ugesinn. Méisproochegkeet, Intertextualitéit an d'Grenz tëscht authenteschem Schreiwen a Fiktioun si Charakteristiken, déi dozou bäidroen datt Reesliteratur schwéier z'erfuerschen ass.

Reesliteratur zu Lëtzebuerg?

Am Lëtzebuerger Autorenlexikon sinn 224 Wierker als Reesliteratur aklasséiert. Hei muss een d'Grenz maachen tëscht Rees-, Fuerschungs- an Entdeckungsliteratur, sou d'Valerija Berdi: "De Broch kënnt am däitsche Sproochraum mat Goethe, Seume, von Eichendorff, déi bewosst gereest sinn, fir driwwer ze schreiwen."

Thematiséiert goufen d'Wierker "Der Schüttler von Isfahan" an "Con Dao" vum Georges Hausemer, mä och de Guy Helminger, dee vill a gär reest an doriwwer och online schreift.

Dem Ilja Trojanow säin Opus "Der Weltensammler" ass fir de Ian De Toffoli iwwerdeems keng Reesliteratur "mä Fiktioun". Wei ënnerschiddlech haut iwwert Reese geschriwwe gëtt, weisen d'Wierker "A Supposedly Fun Thing I'll Never Do Again" vum David Foster Wallace, "Boussole" vum Mathias Enard oder och dem Nicolas Bouvier säi "L'usage du monde", sou d'Conclusioun vum LiteraturLabo.


Lauschtert dat integraalt Gespréich:

LiteraturLabo 6