Radioen

On air

Espresso Beats  |  Dumbo Tracks, Smile & Julian Stetter - Daughter Of Flood Feat. Rubee Fegan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Online-Plattform fir jonk literaresch Talenter

Literatur

Online-Plattform fir jonk literaresch Talenter

Fir jonk Lëtzebuerger Auteuren dem breede Publique méi no ze bréngen, huet de Literaturkritiker Jerôme Jaminet eng Initiativ um Internet an d'Liewe geruff. Um Youtube-Kanal #LiteraturLiwwererOnline kann een d'Liesunge vun néng Talenter kucken a lauschteren - an et kéinten der nach nokommen.

auto_stories

3 min

#LiteraturLiwwererOnline ass de virtuelle Pendant vun enger Aktioun, déi de Jerôme Jaminet viru Kuerzem lancéiert huet. De Kritiker proposéiert Mënschen, déi wéinst der Corona-Kris doheem isoléiert sinn, mat Bicher ze versuergen. Et sinn ënner anerem Bicher vu Lëtzebuerger Auteuren, déi hir Wierker fir deen Zweck zur Verfügung stellen. Wéinst der Angscht sech mam Virus unzestiechen, wiere vill Leit awer retizent fir op deen Déngscht zeréckzegräifen.

Dofir hätt de Jerôme Jaminet eng nei Initiativ an d'Liewe geruff, dës Kéier iwwer Internet. De #LiteraturLiwwererOnline, deen op Youtube ze fannen ass, wier komplementär zu änlechen Offeren, zum Beispill zu där vum CNL.'"De Centre National de Littérature proposéiert den Ament Liesunge vun etabléierten Auteure fir Jonker. An ech proposéiere Liesunge vu Jonken - tëschent 17 a 25 Joer - fir jiddwereen."

Plattform fir emergent SchrëftstellerInnen

Néng jonk Auteuren droe wärend hire Liesungen - all kéiers ëm déi siwe Minutten - hir Texter vir, Kuerzgeschichten, Gedichter, op Däitsch, Franséisch, Englesch respektiv Lëtzebuergesch. Verschiddener goufe bis dohin duerchaus ëffentlech wouergeholl, sief et, datt si - wéi de Jean Bürlesk oder den Antoine Pohu - beim Servais Präis oder dem Nationale Literaturconcours ausgezeechent goufen, sief et, datt hir Wierker scho publizéiert goufen, wéi dat bei enger Anouk Mahr de Fall ass, a bei deem engen oder aneren an nächster Zäit de Fall wäert sinn:

'"Ech verstinn de #LiteraturLiwwererOnline an éischter Linn als eng Plattform fir emergent SchrëftstellerInnen, vun deenen ech denken, datt si eng grouss Zukunft an der Literatur wäerten hunn. De But ass en änleche wéi dee vun de Finalle vum Prix Laurence oder dem Poetic Voice, déi alle béid leider net wéi geplangt Enn Abrëll wäerte kënne sinn. D'Ëffentlechkeet soll hei drop opmierksam gemaach ginn, wat alles u literareschem Talent bei eis nowiisst, an dat ass vill a villerlee."

Eng gutt Schreif ass natierlech eng Viraussetzung, mee da muss ee sech och bei enger Online Liesung kënne verkafen. Jerôme Jaminet:

"'Ech fanne perséinlech, datt si dat alleguerte gutt gemaach hunn. Natierlech hu si et ënnerschiddlech opgezunn, et si ganz verschidde Charakteren: déi eng si méi selbstironesch, déi aner hunn dat wierklech doutseriö gemaach. Mee et ass immens ze kucken, wéi sech d'Auteuren debrouilléiert hunn. Et gehéiert hautdesdaags eben och dozou, datt e Schrëftsteller iwwer eng Selbstinszenéierungs-Kompetenz verfüügt, oder sech déi e bëssen untrainéiert. Dat heiten ass och eng Geleeënheet, fir dat eng Kéier auszeprobéieren."

Eline Klaassen, een neit Claudine Muno?

Ënner den néng jonken Auteuren, déi bis elo beim #LiteraturLiwwererOnline matgemaach hunn, hieft de Kritiker Jerôme Jaminet besonnesch d'Eline Klaassen ervir:

"Dat ass fir mech perséinlech esou e grousst Talent, datt een - op d'mannst bei mannerjäregen Auteuren - keen Zweeten oder Zweet fënnt, dat do mathale kéint. E vergläichbaart Talent hate mir zu Lëtzebuerg virun 20 Joer an der Persoun vum Claudine Muno, dat och an deem Alter en änlechen Niveau erreecht hat. Vum Eline Klaassen kënne mer eis ganz vill erhoffen an erwaarden. Sécherlech dauert et net laang, bis hatt och verëffentlecht gëtt."

Och wann Online-Liesungen eng interessant Plattform fir jonk Talenter bidden: si ersetze keng Live-Liesungen, déi de Kontakt tëschent Auteur a Lieser erméiglechen, däers ass sech de Jerôme Jaminet bewosst.