Radioen

On air

Notturno  |  Young Fathers - Holy Moly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onspektakuläert Testament vun enger Film-Legend

THE OLD MAN AND THE GUN

Onspektakuläert Testament vun enger Film-Legend

D'Gangster-Komedie "The Old Man and the Gun" vum David Lowery ass dem Robert Redford seng - viraussiichtlech - lescht Roll. Een Oftrëtt ouni Glamour.

auto_stories

3 min

Den Tucker Forrest, deen eigentlech scho laang seng Pensioun misst genéissen, verbréngt säi Liewen domat, Banken ze iwwerfalen an aus dem Prisong auszebriechen. No sengem leschten Ausbroch huet den Tucker, zesumme mat zwee eelere Komplizen, eng spektakulär Serie vun Iwwerfäll um Lafen.

De Modus operandi ass ëmsou méi effikass, datt en onspektakulär a culottéiert ass: d'Personal hanner der Théik gëtt héiflech gebieden, d'Sacoche mat Suen ze fëllen, den diskreten Hiwäis op de Revolver, deen an der Paltongstäsch stécht, geet als Menace déck duer. Een apathesche jonke Polizist, deen e Fonke vun Éiergäiz bei sech entdeckt, an eng charmant eeler Damm, schéngen déi eenzeg ze sinn, déi dem Tucker seng Serie kënne stoppen.

Al Hollywood-Gréissten

Am Alter vun 82 Joer verkierpert d'Hollywood-Legend Robert Redford d'Haaptroll an der Gangster-Komedie "The Old Man and the Gun", e Film, deen déi reell Liewensgeschicht vum Bandit Tucker Forrest opgräift. Regie féiert deen nëmmen hallef esou alen David Lowery. Mee den eigentlechen Auteur ass - wéi an den USA üüblech - de Produzent, an deem heite Fall de Robert Redford selwer, deen dem Film seng Handschrëft opsetzt. An déi ass wäit ewech vum Glamour vum Redford senge beschten Zäiten - de Mann huet dat souwisou net méi néideg.

D'Bild ass vun engem graffe Grain gezeechent, net eleng fir de Spectateur an d'Ufank 1980er zeréckzeversetzen, an där d'Handlung spillt. D'Gesiichter gi meeschtens vu ganz no gefilmt, fir datt engem net entgeet, datt d'Acteure richteg al Leit sinn - an och net egal wéi eng: Sissy Spacek, Danny Glover, Tom Waits, Keith Carradine, alles Leit, déi deelweis mol gutt bezuelten Hollywood-Gréisste waren. Deen däitlech méi jonke Casey Affleck, an der Roll vum apathesche Polizist, huet net de Star-Status vu sengem Brudder Ben - hie passt grad och wéinst sengem lethargesche Stil, ouni Problem an de Casting.

Widderhuelungskomik

D'Rentner-Gang, déi keen esou richteg eescht hëlt, mee déi awer, sou onspektakulär se och virgeet, eng Bank no där anerer raumt, produzéiert en Effet vu skurriller Komik, fir net ze soe Widderhuelungskomik. Op Action-Zeene gëtt esou gutt wéi ganz verzicht, d'Handlung gëtt vu gemittlecher Jazz-Musek begleet. Wann déi Schinn bis ausgereizt ass, gëtt de Film op ee méi existenziellen Niveau gehuewen. "The Old Man and the Gun" verweist an deem Sënn op dem Hemingway säin "Old Man and the Sea". Dem Tucker Forrest säi Liewenskampf ass d'Widderhuelung vun engem selwechten Zyklus vu Bankiwwerfall-Gefaange ginn-Ausbriechen: et geet dem Personnage, wéi e selwer seet, net drëms, säi Liewensënnerhalt ze verdéngen, mee einfach nëmmen ëm ze liewen.

D'Liewen als een Uneneereie vu Bankiwwerfäll, oder vu Filmer maachen. "The Old Man and the Gun" ass - eegener Ausso no - dem Robert Redford seng lescht Roll. Et kënnt een deemno net derlaanscht, de Film als ee leschte Clin d'oeil op seng Joerzéngte laang Carrière, als eng Aart Testament ze liesen. Et wimmelt nëmmen esou vu Referenzen, wéi beispillsweis d'Klassiker "Butch Cassidy and the Sundance Kid" vun 1969, "The Electric Horseman", deen zéng Joer drop erauskoum, oder och nach dem Arthur Penn säin "The Chase", 1966, vun deem esouguer en Extrait gewise gëtt: wéi am "Old Man" gouf och do de Prisongsausbroch thematiséiert: de Redford war deemools 30 Joer jonk. Wat Aenzeien am meeschte beim Forrest Tucker markéiert: säi Grinsen. Vläicht ass et och esou, datt de fréiere Fraeschwarm Redford an der Erënnerung wëllt bleiwen.