Radioen

On air

Kultur um 5  |  Them Lights – Residenz-Ofschloss an der Escher Kufa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oppent Spill fir d'Damm

Netflix

Oppent Spill fir d'Damm

E jonkt Meedchen entwéckelt sech zu engem Schachgenie a rivaliséiert mat der Weltelite. D'Miniserie "The Queen's Gambit" ass kuckenswäert, net nëmme wéinst der plausibeler Duerstellung vu Schach.

auto_stories

4 min

Schach ass a Filmer oder Serien dacks net vill méi wéi en Alibi, fir d'Verrécktheet vun engem Personnage ze ënnersträichen oder fir plus ou moins subtil psychologesch Konfrontatiounen ze suggeréieren. Dofir ass meeschtens dat wat um Schachbriet passéiert kompletten Onsënn.

An der Netflix-Miniserie ''The Queen's Gambit'' ass dat zum Gléck net de Fall. Alles wat d'Spill ausmécht gëtt plausibel duergestallt, ugefaange mat Taktik a Strategie. Mee d'Serie behandelt och dat, wourop et wierklech ukënnt, fir sech um héchsten Niveau duerchzesetzen, eng Mëschung aus Talent, Intuitioun a gedëlleger Aarbecht - d'Produzenten hunn ëmmerhin de fréiere Weltmeeschter Gary Kasparow ëm Rot gefrot. Schach ass doriwwer eraus e feste Bestanddeel vun der Handlung, och wann een d'Serie mat Genoss ka kucken ouni eppes vun deem Brietspill ze verstoen.

Ambivalent Success-Story

Iwwer siwen Episode suivéiere mer déi fiktiv Geschicht vum néng Joer jonke Weesekand Elizabeth Harmon, dat sech lues a lues zu engem Schachgenie entwéckelt, fir sech als jonk Fra Enn den 1960ere Jore mam beschte Spiller vun der Welt, dem Vasily Borgov aus der Sowjetunioun ze moossen.

Eng Success-Story, wann een esou wëllt, mee eng ambivalent. Esou bitt de Schach dem Meedchen zwar d'Geleeënheet, fir et no engem schwéiere Start am Liewen dach nach zu eppes ze bréngen, zemools als Fra an enger vu Männer dominéierter Disziplin. Mee genee dat huet och säi Präis.

Wéi d'Damm um Schachbriet

Hannert dëser Mini-Serie stécht den Duo Scott Frank an Allan Scott, déi e Roman vun 1983 vum amerikanesche Schrëftsteller Walter Tevis adaptéiert hunn. Den Tevis war schonn den Auteur vun ''The Hustler'' oder nach ''The Color of Money'', zwee Romaner iwwer Pool-Billard, déi mam Paul Newman an der Haaptroll verfilmt gi waren.

Den Titel ''The Queen's Gambit'' verweist op eng Schachouverture, bei där Wäiss dem Géigner am Ufank vun der Partie d'Affer vum Bauer iwwer der Damm ubitt, déi domat fréi an d'Spill kënnt. D'Damm ass déi Figur um Briet, mat där een déi meeschten Zuchméiglechkeeten huet. Esou ginn dem talentéierte Beth d'Dieren eng no där anerer op. Vum Weesenheem, wou e Portier him d'Schachspill bäibréngt, geet et eraus an déi grouss Welt, vu lokalen zu nationalen a vun do aus zu internationalen Turnéieren. D'Meedche verléisst säi relativ bescheident Liewen a schafft sech erop zu enger gefeierter Vedette.

Einsamkeet ass d'Lous vum Genie

Mee de Präis fir de Succès läit am Wiese vum Schach, ëmsou méi am Wiese vum Genie: nämlech Einsamkeet. Datt et dorënner géif leiden, léisst d'Beth sech net umierken. Säi stoesche Gesiichtsausdrock, seng Aen, déi grouss opstinn, signaliséieren eigentlech méi den äiskale Wëllen, fir ze gewannen ...

An esou eleng ass et och erëm net: op der Karriärsleeder begéint et Mënschen, déi him hëllefen ze klammen, ugefaange mat sengem Mentor am Weesenheem iwwer seng Adoptivmamm bis hin zu fréiere Schach-Géigner, déi sech zu Alliéierten entwéckelen.

Sucht

Eleng d'Pëllesucht a spéiderhin den Alkoholismus deiten op en déiwe Malaise hin. Oder ass et net esouguer déi obsessiv Beschäftegung mam Schachsport u sech, eng Aktivitéit, déi eng permanent Konzentratioun ofverlaangt a gläichzäiteg vun anere Gedanken, haaptsächlech Gedanken un déi verstuerwe Mamm, oflenkt?

Mee och normal Hausfraen, déi sech vum Liewen eppes aneschters erwaart haten, falen an den Alkoholismus, wéi dem Beth seng Adoptivmamm oder eng fréier Schoulkomerodin. D'Beth selwer schéngt deem Schicksal ze entkommen. De Schach an eng anti-konformistesch Perséinlechkeet erlaben der jonker Fra eng Existenz a relativer Fräiheet, ënnerstëtzt vum neie Wand, deen Enn den 1960er Jore bléist.

Selektiv Duerstellung vum historesche Kontext

Den historesche Kontext aus där Zäit gëtt an der Serie allgemeng selektiv duergestallt. De Kale Krich ass nëmmen en Theema, well de Schach vun de Supermuechten zu propagandisteschen Zwecker mëssbraucht gi war. Vum Krich am Vietnam an anere soziale Konflikter an den USA kritt ee wéineg bis guer näischt mat.

Iergendwéi passt dat och bei déi gesellschaftlech Isolatioun, déi d'Beth duerch seng Fixatioun op de Schach erlieft. D'Gefill vun der Zäit, déi vergeet, kritt de Spectateur haaptsächlech iwwer d'Musek an dem Beth seng Virléift fir moudesch Kleedung vermëttelt, virum Hannergrond vun Dekoren, Hotellen, Wunnengen an aner Raim, där hir Eleganz duerch harmonesch Kamerabeweegungen agefaange ginn.

Eleganz an Zréckhalung bestëmmen de Stil vun der Serie am grousse Ganzen. Déi sëlleg Schachpartië ginn interessant an dynamesch duergestallt mat enger Variatioun vu Formen: mol gëtt mat der Vitess vun den Zich gespillt, mol suggeréiere Split-Screenen d'Muster vun engem Schachbriet, a wéi e Leitmotiv zéie sech dem Beth seng op Plaffongen halluzinéiert Partien duerch d'Serie, esou visualiséiert hatt seng Spilloptiounen.

''The Queen's Gambit'' ass eng ganz gelonge Mini-Serie, där hir Qualitéit net zulescht der schauspillerescher Leeschtung vun der jonker Anya Taylor-Joy ze verdanken ass.