Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Opportunistesch a feig Bourgeoisie

Offiziell Kompetitioun

Opportunistesch a feig Bourgeoisie

De Benjamín Naishtat hëlt a sengem Film "Rojo" déi lescht Méint virun der Militärdiktatur an Argentinien ënnert d'Lupp. Virun allem d'Bourgeoisie an hir Motivatiounen hëlt hien an d'Viséier.

auto_stories

3 min

1975, Méint virum Militärputsch an Argentinien. De Claudio Morán féiert ee gemittlecht Liewen an der Provënz, mat senger Fra a sengem Meedchen. Duerch een Tëschefall mat engem Onbekannten, deen ëm iwwert de Wee leeft, dreet den alldeeglechen Train-train vum respektéierten Affekot z'entgleisen...

Ee Gespenst geet ëm an Argentinien...

Wat sech 1975 an Argentinien zesummegebraut hat, virum Putsch d'Joer drop, geet am Film nëmmen ugedeit. Eng Villa, déi eidel steet, well hir Bewunner "ewech gefouert" gi sinn; eng Choreographie, bei där eng Dänzerin vun engem Dänzer gepak an aus dem Bild gerappt gëtt; ee Jugendlechen, dee vun aneren Alterskollege mam Auto matgeholl gëtt an ni méi opdaucht: alles Undeitungen un déi anti-kommunistesch Doudesschwadrounen, déi scho virun der Diktatur Lénker gekidnappt an ermord haten.

De Kommunismus, déi grouss Angscht, déi d'Bourgeoisie an Argentinien erëmgedriwwen hat a mat där de Wee an d'Diktatur justifiéiert gouf, gëtt a verschiddenen Zeene metaphoresch mat enger rouder Luucht duergestallt - déi rout Faarf aus dem Filmtitel "Rojo". Am spektakuläerste manifestéiert si sech wärend enger Sonnendäischtert op enger Plage, op där den Affekot a seng Fra spadséieren.

De Videla-Schnurres ass jo schonn do...

A sengem scho véierte Long-métrage setzt sech deen nach relativ jonke Realisateur Benjamín Naishtat (33 Joer) mat der provënzieller Bourgeoisie auserneen, fir déi Politik kee grousst Thema ze si schéngt. "Schaffen a glécklech liewen", faasst den Affekot Morán (gespillt vum Darío Grandinetti) d'Ambitioune vu senger sozialer Klass zesummen. Tant mieux wann een dobäi an engems vun de politeschen Ëmstänn ka profitéieren, fir sech ze beräicheren... Wéi d'Rumeur vun engem Militärputsch zirkuléiert, setzt sech de plakäppegen, Jean-Pierre Marielle-ähnlechen Affekot een Toupet op - de Videla-Schnurres hat hie jo schonn...

Eng Bourgeoisie, déi grad esou opportunistesch ewéi feig ass. Jidderee kritt mat wat geschitt, wéi bei där allegorescher Zaubereinummer, an där eng Fra aus dem Public verschwanne gelooss gëtt. An awer seet keen eppes: manner aus Iwwerzeegung wéi aus Angscht, sech eng sichen ze goen.

An och aus Arroganz, aus der Sécherheet eraus, datt engem näischt geschéie kann. Well e sech an engem Restaurant provozéiert gefillt huet, humiliéiert den Affekot ee jonke Mann virun all de Clienten. Hie weess, datt déi all op senger Säit sinn. Vun der Roserei gepak vernennt de jonke Mann se alleguerten als "Nazien", eng Uspillung un déi deemoleg Nationalsozialisten, déi nom Krich an Argentinien ausgewandert waren, wou si an hir Nokomme floréiert hunn.

Bigotten Inspekter Columbo

Virun deem Hannergrond ass de Wee fräi fir d'Militärdiktatur. Wéi seet de Fernseh-Detektiv a fréiere Polizist, eng Zort anti-kommunisteschen, bigotten Inspekter Columbo, deen de Fall vun engem Vermëssten opkläre soll: "Fir e Polizist gëtt et just schwaarz a wäiss, dertëschent gëtt et näischt". Opkläre bedeit hei: kloer Verhältnisser schafen, respektiv déi moralesch a legal Grenzen nei zéien.

"Rojo" ass ee subtillen an interessante Film, deen sech engem eventuell eréischt erschléisst, nodeems een e gesinn an doriwwer nogeduecht huet. Dem Darío Grandinetti, bekannt aus enger Rei Almodóvar-Filmer, keeft een de Personnage vum opportunisteschen a feigen Affekot absolut of.


"Rojo" leeft eng leschte Kéier haut Mëttwoch um 20.30 am Utopia.