Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ouverture vum neie Kino zu Dikrech

Scala

Ouverture vum neie Kino zu Dikrech

Den 20. Juni soll deen neie Kino zu Dikrech seng Dieren opmaachen. D'Gemeng kéint de Komplex mat fënnef Säll selwer bedreiwen. Et sollen ëmmer déi neiste Filmer gewise ginn, seet de Buergermeeschter Claude Haagen.

auto_stories

2 min

Den neie Kinokomplex zu Dikrech soll den 20. Juni fir de Public opgoen. Dat seet de Buergermeeschter Claude Haagen (LSAP) am 100,7-Interview. Deen neie "Scala" huet fënnef Kinossäll. De Kino ass um Site vun der aler Seeërei.

Wat d'Distributioun ugeet géif een dofir suergen, datt déi neiste Filmer géifen zu Dikrech lafen, sou de Claude Haagen. De Moment wieren d'Woch iwwer dräi Seance pro Sall geplangt an d'Weekender véier Seancen.

De Gemengerot zu Dikrech soll den 13. Juni decidéieren, ob d'Gebai vum neie Kinoskomplex fir 20 Joer vun der Gemeng gelount gëtt oder ob et vun der Gemeng kaaft gëtt. Virun dräi Joer wier am Gemengerot e Contrat de bail mat Option d'achat gestëmmt ginn. Den Terrain, op deem de Kinoskomplex steet, gehéiert der Dikrecher Gemeng. D'Gebai selwer gehéiert der Sàrl "Dikrecher Kino", déi och Bauhär vum Komplex ass.

D'Gemeng als Kinosbedreiwer?

Den Dikrecher Gemengerot muss och decidéieren, ob d'Gemeng selwer d'Gestioun vum neie Kino iwwerhëlt. D'Gemeng hätt deen néidegen Know-How fir de Kino ze bedreiwen, seet de Claude Haagen. Deen aktuelle Kino "Scala" mat engem Sall géif och vun der Gemeng bedriwwe ginn.

Fir deen neie Kinoskomplex géifen zéng bis zwielef Leit Personal gebraucht ginn. Wann d'Gemeng d'Gestioun vum Kino géif iwwerhuelen, géif een op d'Personal zeréckgräifen, dat schonn am Service culturel schafft. Donieft wéilt een och mat Studente schaffen.

Dem Claude Haagen no sollen den 21. Juni déi normal Seancen am neie Kino zu Dikrech ulafen.


D'Carole Schimmer am Gespréich mam Buergermeeschter vun Dikrech:

Claude Haagenplay_arrow

Den Entréesberäch mat de Keesen