Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manifesta 11: Mënschepiff am Musée

Zäitgenëssesch Konscht

Manifesta 11: Mënschepiff am Musée

Vun elo un 100 Deeg Manifesta - dat ass déi 11. Editioun vun der europäescher Géigewaartskonschtbiennale, déi dës Kéier zu Zürech organiséiert ass. D'Konzept dréint ronderëm d'Fro, wat Mënsche fir Sue maachen.

auto_stories

5 min

Een hëlzene Pavillon, geplangt vu Studente vun der ETH

"What people do for money" ass eng Gruppenaustellung, déi d'Thema vun der Aarbecht an eng nei Form bréngt. Nei, well dës Kéier eng Zesummenaarbecht vun Zürecher Leit aus ganz verschidde Beruffskategorië mat selektionéierte Kënschtler sollt entstoen. Esou fënnt een natierlech Auermécher aus enger Luxusbijouterie, mee zum Beispill och de Chef vun der Kläranlag vun der Stad Zürech als Partner fir Artisten, déi e klore Cahier des charges mat op de Wee kruten.

Och nei ass, datt d’Manifesta dës Kéier fir d’éischte Kéier net vum engem Curateur oder Museesdirekter geleet gëtt, mee vun engem Kënschtler, dem Christian Jankowski. Dësen däitsche Kënschtler ass schonn dofir bekannt, datt hien ëmmer nees Leit a seng Wierker mat abezitt, déi net aus dem Géigewaartskonschtmilieu oder éischter guer net aus dem Kulturmilieu am Allgemenge kommen.

Deiert Iessen als Snack

Am Joer 1999, zum Beispill, hat de Jankowski als Bäitrag fir d'Biennale an Italien e Wahrsager op der Televisioun gefrot, ob hien da wäert Succès mat sengem Ausstellungsprojet hunn. D’Äntwert vum Monsieur Soleil ass op Video opgeholl an dunn an der Expo gewise ginn.

Op der Manifesta 11 ass et genee déi Taktik, déi hëllefe soll, fir erauszefannen op ee Konscht an Aarbechtsalldag wierklech vermësche kann. Den Artist Jack Arnold huet esou eng echt Vermëschung vun high a low Ästhetik produzéiert, andeems hien a verschidde Snacken an der Stad Zürech eng Snack-Versioun vu ganz offiziellen, historeschen an diplomateschen Iessen an Ambassaden nokachen an zerwéiere léisst.

Kompriméiert Mëscht als Konscht

Ee wichtegen Deel vun der Ausstellung ass an dem Löwenbräu-Komplex ënnerbruecht. A Löwenbräukunst ëmbenannt, fënnt een hei net nëmmen eng Kunsthalle, mä och zum Beispill de Migros Géigewaartskonschtmusee an eng ganz Serie vu Privatgalerien an engem rehabilitéierten Industriegebai aus dem 19. Joerhonnert erëm.

Vun de Kënschtler, déi mat de Stater zesummegeschafft hunn, gouf zum Beispill och d’Produktioun vun engem Dag vun der Haaptkläranlag vun der Stad Zürech - also kompriméiert Mëscht - an dem drëtte Stack vum Löwenbräukunst als monolithesch Monumentalskulptur ausstelle gelooss. De Geroch vum Mënschepiff mat abegraff.

D'Francesca Gavin als Curactrice present

Nieft den 130 ageluedene Kënschtler déi extra nei Aarbechte fir d'Manifesta 11 produzéiert hunn, gëtt et am Löwenbräukomplex och eng grouss, sougenannten historesch Ausstellung mat iwwer 100 Wierker, déi vun der Curatrice Francesca Gavin zesummegestallt goufen. D'Gavin, eng ganz renomméiert Figur aus der Londoner Géigewaartskonschtszeen, huet Wierker aus der méi rezenter Géigewaartskonscht zesummegestallt, fir de Sujet vun der Aarbecht an dat wat d’Leit maache fir hiert Geld ze verdéngen, méi komplett ze beliichten.

An dann huet eng Manifesta och dacks eng emblematesch Architektur oder eng Plaz, déi an Erënnerung bleift. 2014 war se an der Eremitage vu St. Petersburg. Dës Kéier ass et zu Zurech en hëlzene Pavillon, deen um Waasser vum Séi schwëmmt, an als Blickfang soll wierken - en ass geplangt gi vun engem Grupp vu Studente vun der renomméierter Zürecher ETH.

Dat nächst Joer wäerten d’Biennale vu Venedeg, d’Documenta 14 an an engems d’Skulptur Projekter vu Münster eigentlech parallel lafe, wat nees e "Grand Tour" vun der Géigewaartskonscht an Europa wäert erlaben. Eng 200 Biennalë ginn et elo weltwäit. Déi nächst Manifesta wäert 2018 op Palermo goen.