"Déi grouss Schéier tëschent aarm a räich, déi dëse Film weist, ass net op Korea limitéiert. Ech mengen, datt ekonomesch Ongläichheet op der ganzer Welt existéiert. Ech mengen net, datt de Film just d'Landschaft vun der koreanescher Societéit beschreift. "Parasite" ass eng Universal Geschicht."
Schonn d'lescht Joer huet en asiatesche Film den Haaptpräis um Filmfestival zu Cannes kritt. Den zweetwichtegste Präis, de Grand Prix, geet un d'Fransousin Mati Diop an hiren éischte Film "Atlantique". Si ass déi éischt schwaarz Fra déi jee an der Kompetitioun mat gemaach huet. Als beschte Schauspiller gouf den Antonio Banderas ausgezeechent. Dat fir seng Roll als Alter Ego vum Realisateur Pedro Almodovar am Film "Douleur et Gloire". D'Britin Emily Beecham krut d'Auszeechnung fir bescht Schauspillerin am Psychothriller "Little Joe". De Präis vum Jury konnte sech "Les misérables" vum Fransous Ladj Ly a "Bacurau" vum Brasilianer Kleber Mendonca Filho deelen. A béide Filmer stinn déi sozial Konflikter am Mëttelpunkt. Als Jurypresident huet dëst Joer de mexikanesche Realisateur Alejandro Iñarritú de Choix gemaach.