Radioen

On air

Notturno  |  Ben Sloan - Philistine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Parterre" am TNL

Theater

"Parterre" am TNL

Nodeems d'Opféierung vum Michel Clees sengem Stéck "Parterre" zweemol huet missen ofgesot gi wéinst den Covid-Sécherheetsmesuren, konnt d'Inzenéierung den 20. Januar seng Première am TNL feieren.

auto_stories

4 min

Dräi Stänner mat Mikroen, zwee Bensinskanisteren, eng gro Mauer mat enger groer Dier, déi an e Keller féiert, maachen d'Bünebild aus a grad esou asketesch d'Kleeder vun den dräi Figuren, d'Nora König ganz a beige, de Robert Atzlinger ganz a gro a grad esou bescheiden de Fabio Godinho.

Dräi ënnerschiddlech Charakteren a Geschichten

Déi dräi Personnagen an de Rolle vun der Valérie, Paul a Mahmud deele sech eng Wunneng, eng Wunngemeinschaft um Parterre vun engem Appartementshaus. De Paul, gespillt vum Robert Atzlinger, ass en eelere Beamten, deen eng staark Relatioun mat senger Mamm huet, seng Fräizäit hanner dem Computer verbréngt an eng kal a grausam Vue op d'Welt huet.

D'Nora König als Valérie, verwinnte Kand aus dem Mëttelstand, mëttlerweil 41 Joer al, huet grad hire Bachelor an Ëmweltwëssenschafte krit an hire But ass d'Welt besser ze maachen. De Mahmud, verkierpert vum Fabio Godhino, e Flüchtling, dee vum Staat bei hinne placéiert gouf, dankbar, de Krich an de ganze Misär hanner sech ze hunn, probéiert aus der Erfarung eraus seng Ëmwelt positiv ze gesinn.

Dräi Mënschen, dräi ënnerschiddlech Charakteren, dräi stellvertriedend Liewensgeschichten.

Dem Paul seng emotional Destabiliséierung gëtt schonn am Ufank däitlech. Wärend hie probéiert sech virzestellen, sech ze erklären, stinn déi aner zwee am Hannergrond, knabbere Pistaschen oder Sonneblummekären op, wat de Paul verréckt mécht, stéiert, ënnerbrécht ... Dës Nervositéit gräift natierlech direkt eriwwer op de Publik a weist, déi gestéiert Wiesenszich vun de Figuren.

Wéi Magnéiter, déi sech un- an ofstoussen

A méi laange Monologe stelle sech déi dräi Protagoniste vir, wéi si ticken, wéi si d'Mënschen an d'Mënschheet gesinn. Dräi differenzéiert Figuren, déi absolut net compatibel sinn, an awer eng Unzéiungskraaft besteet.

A wéi Magnéiter, wéi een d'Polen openee riicht, zéie si sech un a stousse si sech of, an do muss ee wierklech soen, datt déi dräi einfach perfekt an hire Rollen opginn. Datt d'Nora König eng exzellent Schauspillerin ass, huet si spéitstens an der Roll vun der Valérie beweise kënnen.

De permanente Wiessel vun enger staarker Perséinlechkeet eriwwer an eng onsécher Arroganz bis zu der verzweiwelter iwwergrëffeger Fra geléngt hir mat eleganter Liichtegkeet, dës Alternatioune si mol d'Aktioun, mol Reaktioun op déi aner zwee, méi konsequent Charakteren.

Konsequent ass dann och d'Spill vum Robert Atzlinger, de geheimnisvollen an dach séier duerchsichtegen an demagogesche Paul, dee seng Frustratiounen hanner sengem groussen Optrag probéiert ze verstoppen, den iwwerflëssege Mënsch, deen zu méi Héijem strieft. Eklatant gëtt säi Wiese verdäitlecht, wou hie mat erofgeloossener Box op der Bün steet.

An dann den drëtten am Bond, de Fabio Godhino an der Roll vum Flüchtling Mahmud, deen hei, anescht wéi am Text vum Michel Clees, vun Däitsch op Franséisch wiesselt, u sech den ausgeglachenste Charakter huet an awer duerch d'Psychose vun deenen aneren zwee permanent u seng Grenze gestouss an zu Handlunge forcéiert gëtt. Do awer e klenge Bemol, et huet een den Androck, datt d'Roll vum Mahmud e bëssen ze kuerz kënnt.

En exigenten Text

Wéi gewinnt vum Michel Clees ass d'Stéck "Parterre" e gesellschaftskriteschen an engagéierten Text. Wéi gewinnt ass et d'Spill mat der Sprooch, déi den Toun ugëtt. Dialoger, déi op den éischte Bléck an d'Absurd féieren, Wierder a Sätz, déi nei Konstrukter entstoe loossen, neie Sënn erginn, en Tac au tac, deen engem d'Schudderen de Réck eroflafe léisst

Dës Komplexitéit fuerdert de Public absolut, well schonn dat geschriwwent Wuert grouss Opmierksamkeet verlaangt, gespillt natierlech nach vill méi séier - wuertwiertlech - iwwer d'Bün geet.

En exigenten Text, dee vläicht mol mat Momenter ënnergeet. Ech hat och den Androck, datt verschidde Passagë gekierzt oder ewechgelooss goufen, mee do soll een einfach virum oder nom Stéck dem Michel Clees säin Text selwer liesen, dee bei Editions Binsfeld erauskomm ass.

Op alle Fall ass de Schauspiller an der Schauspillerin, dem Andreas Wagner als Dramaturg an dem Bernhard Eusterschulte, deen net just fir d'Regie, mee sech och fir d'Bün responsabel schreift, en dynamescht Spill gelongen an et kann ee wierklech vun enger gestalterescher Meeschterleeschtung schwätzen.

An datt d'Bünebild esou bescheide gehale gëtt, ass dem ambitionéierten Text absolut gerecht, well dee brauch keen Oflenken a keng Dekoratioun. Dofir ass de Schluss ëmsou méi knalleg.


Regie a Bün: Bernhard M. Eusterschulte

Kostümer: Leah Lichtwitz

Musek: Roderik Vanderstraeten

Dramaturgie: Andreas Wagner

Liicht: Daniel Sestak

Assistenz: Patrick Gafron

Mam Robert Atzlinger, Nora Koenig a Fabio Godinho