Radioen

On air

De Moien  |  Bryony Jarman-Pinto - Feel Those Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pas ta mère, pas ta muse, pas ta chose

Fraestreik

Pas ta mère, pas ta muse, pas ta chose

Eege Revendicatioune fir spezifesch Beräicher, dofir hate sech déi verschidde Blocs um Fraestreik 2021 agesat. D'Membere vum Kënschtlerkollektiv Richtung 22 hunn, an hire Fuerderungen, de Fokus op de Kultursecteur geluecht.

auto_stories

4 min

"Pas ta mère, pas ta muse, pas ta chose!" war de Motto vum Kënschtlerinnen-Bloc vum Lëtzebuerger Kollektiv Richtung 22 beim Fraestreik. Nieft de grondsätzleche Fuerderunge vun der Demonstratioun wollte si hei spezifesch op d'Problematik vu Fraen am Konscht- a Kultursecteur opmierksam maachen. Well souguer do constatéieren d'Membere vum Kollektiv staark Disparitéiten.

"Mir hu gesinn an deene leschte Jore, datt de Konschtsecteur ee mega männerdominéierte Milieu ass. Well Männer als Genie gëllen an et Fraen net wierklech als kreativ Schafender ginn. An dowéinst wëlle mir éischtens emol weisen, datt mer existéieren. Zweetens mol: mir wëllen Jobs, mir wëlle besser bezuelt ginn, mir wëllen an de Produktioun och kreativ Jobs kréien an net just just Care-Aarbecht-Jobs, a mir wëlle Visibilitéit hu fir all eis Kierperen. Net just déi jonk, kanonschéi Kënschtlerinnen, déi Actricë sinn an sou weider, mee och Leit, déi aner Kierperen hunn."

Wärend der Pandemie, hätten déi tëschegeschlechtlech Ongläichheeten am Konschtsecteur nach zougeholl, esou eng Spriecherin vum Kollektiv.

"FLINT*-Persoune sinn och déi, déi sech ëm d'Kanner këmmeren, et ass och rëm de Choix tëschent Karriär oder Famill. An dat gëtt hei natierlech nach eng Kéier mega verschlëmmert, wann d'Schoulen zou sinn, wann d'Kanner doheem sinn. Einfach déi Cliché Gender-Opdeelung gëtt hei natierlech nach eng Kéier vill méi staark gemaach an der Pandemie: fir jiddwereen, fir alleguerten d'FLINT*-Persounen, mee natierlech och am Konschtsecteur dann."

All Joer drun erënneren

Lokal Kreativer goufen dozou opgeruff sech dem Bloc unzeschléissen a fir d'Gläichberechtegung ze plädéieren. An dësem Kader sinn Musekerinnen, Kënschtlerinnen an aner Persounen aus dem Beräich zesumme vun der Gare op d'Plëss marschéiert. D'Musekerin C'est Karma betount d'Relevanz vun Deeg ewéi dem 8. Mäerz.

"Ech fannen et ass wichteg sou momentan Datumer ze hunn, wou ee sech kollektiv mobiliséiere kann a wou eng Beweegung entsteet, wou ee gesäit, datt wierklech eng Mass hanner der Beweegung steet an et ass halt wichteg all Dag vum Joer dorun ze erënneren, datt Fraen nach ëmmer diskriminéiert ginn, mee grad haut ass et wichteg."

Foto: Tessy Troes

Och fir d'Rapperin Nicool sinn d'Diskrepanzen tëscht Mann a Fra ëmmer nach ze evident. Si war bei der Demo dobäi, "well et de Fraen op der Welt nach net Tipptopp geet, an ech fir d'Egalitéit tëschent Männer a Frae sinn. Well och an der Konscht Egalitéit wichteg ass, a villäicht si mer nach net do."

Sexismus an der Konschtgeschicht

D'Revendicatioune vum Bloc thematiséieren och d'Roll vu sexistesche Kënschtler a Wierker an der Konschtgeschicht. Dës sollen net blann ignoréiert, mee kritesch analyséiert ginn.

"De Konschtkanon baut natierlech openeen op, an insgesamt ass et natierlech sou, wa mer elo soe mir ignoréieren dëse Problem, mir maache sou wéi wann dat ni geschitt wier, wéi wann et dat net géif ginn, da widderhëlt et sech einfach. Mee ech denken, insgesamt kann een zu all sexisteschem Kënschtler iergendwéi ee Korrespondent fannen, dee besser ass. Déi genau dat Gläicht gemaach huet an dowéinst muss een dann net onbedéngt déi kënschtleresch Richtung raus huelen, aus dem kënschtleresche Kanon, mee et kann een halt besser Beispiller fannen."

Trotz der Pandemie, waren iwwer 1.000 Leit beim Fraestreik 2021. De Kënschtlerinne-Bloc huet sech mat Banner a Pyrotechnik bemierkbar gemaach an esou seng Fuerderungen ënnerstrach. De Kollektiv huet och een ausféierlechen Zine mat interessanten Interviewe vu jonke Kënschtlerinnen an iwwerraschende Beiträg zum Theema Ongläichheete verëffentlecht an un Demonstrante verdeelt.