Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrimoine fir ze kucken an ze schmaachen

Fräie Mikro

Patrimoine fir ze kucken an ze schmaachen

A leschter Zäit gëtt vill vu Patrimoine geschwat. Et ass e Gesetz doriwwer ënnerwee, nees an nees gëtt sech an der Press opgereegt, wann en alt Gebai ofgerappt gëtt. Patrimoine sollt een awer net nëmmen op Gebaier reduzéieren. Dat wier de Begrëff vill ze enk gesinn, fënnt d'Simone Beck am fräie Mikro.

auto_stories

3 min

D'Simone Beck fënnt, de Begrëff vum Patrimoine misst méi wäit gefaasst ginn.

Mir waren alleguer houfreg, wéi 1994 d'Alstad vu Lëtzebuerg an hier Festungswierker op d'Lëscht vum "Patrimoine mondial de l'humanité" vun der UNESCO opgeholl goufen.

Domat gouf festgehalen, datt et an der Stad Lëtzebuerg eppes vun universellem Wäert gëtt, dat esou aussergewéinlech ass, datt et alle Mënschen op der Welt zesumme gehéiert. Wéi Venedeg, Abu Simbel oder d'Baute vum Architekt Le Corbusier uechtert d'ganz Welt. Fir nëmmen e puer vun deenen 814 Beispiller ze nennen, déi am Moment op der Lëscht vum UNESCO-Weltkulturierwe stinn.

"Net nëmme Gebaier"

Lëtzebuerg ass och mat der Iechternacher Sprangprëssessioun op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Patrimoine vertrueden. A mat der Fotoausstellung "Family of Man" am Programm "Memory of the World", dem dokumentaresche Patrimoine.

Ënner dem Begrëff "Patrimoine" versteet een also net nëmme méi oder manner al Steng oder Gebaier. Et kann een och Industriesiten dorënner verstoen, wéi d'Völklinger Hütte un der Saar, spektakulär Zuchlinne wéi d'Rhätische Bahn an der Schwäiz, eng Radiostatioun aus den 1920er Joren a Schweden oder d'Fräiheetsstatu zu New York.

Obschonn dës Beispiller ganz ënnerschiddlech sinn, hu si dach eppes gemeinsam: Si beweisen dem Mënsch seng Kreativitéit a säin Drang, déi gréisste Schwieregkeeten z'iwwerwannen. Si hunn an hire Länner, an dacks och wäit doriwwer eraus, grousse Symbolcharakter.

Wat ass e Patrimoine?

Awer et gëtt och nach aner Patrimoinen. Mir maachen zu Lëtzebuerg heiansdo de Fehler, zevill eng restriktiv Vue vun deem Begrëff ze hunn. Zu eisem Patrimoine gehéiert och eis Literatur a Sprooch, d'Musek, d'Architektur, d'Molerei, d'Skulptur, eis Kichen an eis Gebräicher.

Déi Fraen a Männer, déi virun eis gelieft a geschaaft hunn, hunn duerch hirt Wierken zu deem moderne Lëtzebuerg bäigedroen. D'Texter vum Michel Rodange oder Roger Manderscheid, dem Rosemarie Kieffer oder dem Tony Bourg gehéiere genau esou zu eisem Patrimoine wéi d'Biller vun engem Dominique Lang, Joseph Kutter oder Lily Unden. D'Kompositioune vum Lou Koster, Helène Buchholtz oder Henri Pensis gehéieren dozou. An den Thierry van Werveke iwwregens och.

"Patrimoine ass lieweg"

D'Architekte vu fréier hunn - op schéin oder manner schéin - eis Stied an Dierfer gepräägt. An d'Architekte vun haut sinn am Gaangen, déi Gebaier an Uertschaften ze schafen, déi eng Kéier zum Patrimoine vun deenen nächste Generatioune gehéieren. Dat wat eis Kënschtler - am allerwäiteste Sënn vum Wuert - haut schafen, ass de Patrimoine vu muer.

Ech verstinn, datt ee sech oprege kann, wann en alt Haus, dat an engem Quartier wichteg an emblematesch ass, ofgerappt gëtt. Patrimoine ass awer och eppes Lieweges. Eppes, dat permanent ännert, dat muss geschützt a gefleegt ginn, wann et schützenswäert ass. Mee dat awer och kann hannerfrot ginn.

Virun allem awer misste mer ufänken, de Begrëff "Patrimoine" vill méi wäit ze faassen. An agesinn, datt d'Wierker vun eise Komponisten a Schrëftsteller, Wëssenschaftler, Moler a Sculpteure genau esou schützens- an erhalenswäert si wéi munch al Gebaier. An dat Alles am Interêt vum Patrimoine humain.