Radioen

On air

De Weekend  |  Mystery Jets - Young Love Feat. Laura Marling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Identitéit, Autoritéit a Responsabilitéit

Paul Verhaeghe

Identitéit, Autoritéit a Responsabilitéit

D'Fro no der eegener Identitéit, a wéi den eegenen "Ech" an der Gesellschaft vum 21. Joerhonnert mat Autoritéit an Responsabilitéit ëmgeet. Dat sinn zentral Punkten am flämesche Psycholog a Psychoanalytiker Paul Verhaeghe senge leschten zwee Bicher.

auto_stories

4 min

Wat mécht engem Mënsch seng Identitéit aus? Gëtt se vun de Gene bestëmmt oder gëtt se unerzunn? De Paul Verhaeghe ass ee flämeschen Psycholog a Psychanalytiker an den Auteur vun "Und ich? Identität in einer durchökonomisierten Gesellschaft" an "Autorität und Verfassung". Hien huet eng ganz kloer Äntwert op déi Froen.

"Identitéit ass eng Konstruktioun, déi vu bausse kënnt, a sech d’ganzt Liewe laang weiderentwéckelt", erkläert hien. Dat kéint ee ganz einfach duerch d'Adoptioun illustréieren: Ee Meedchen,wat zum Beispill am Norde vun Indien gebuer gouf, an zu Frankfurt vun Elteren adoptéiert gëtt, deenen hier Famill zanter e puer Generatiounen an Däitschland lieft, géif eng erwuessen, däitsch Fra ginn. Wann deen nämmlechte Puppelche vun enger amerikanescher Famill adoptéiert gi wier, géif e sech zu enger amerikanescher Fra entwéckelen, sou de Paul Verhaeghe weider.

De Prozess vun der Identitéitsbildung

Dat klengt logesch. De Paul Verhaeghe geséich awer a sengem Alldag vill Mënschen, déi Problemer mat hirer Identitéit hunn. Fir dat ze verstoe misst ee fir d'éischt de Prozess vun der Identitéitsbildung verstoen. Vereinfacht géifen et dofir zwee Piliere ginn: Dat wat d'Kand gesäit an iwwerhëlt, de sougenannte Mirroring, an dat vun deem Spigelbild wat d'Kand refuséiert.

Opgrond vun dësen zwou Basisse wier et einfach ze verstoen, datt ee stabilt Ëmfeld zu enger stabiller Identitéit géif féieren. "Meeschtens e bësse langweileg, well näischt sech verännert", sou de Psychanalyst. "Wann een awer an enger Gesellschaft ass, déi sech séier an déifgräifend verännert, gesi mir, datt dat kloer een Afloss op d'Konstruktioun vun der Identitéit huet." Genee dat géif een déi lescht 20 Joer erliewen.

Individualismus an Egoismus

Et wier manner eng Fro vun der Schnellliewegkeet vun der Zäit, mee vill méi dat Spigelbild, wat mir am Westen déi lescht 25 Joer ofginn hätten. Dat géif ganz negativ weisen wie mir sinn oder sollte sinn. De Paul Verhaeghe gesäit an deem Spigelbild scho bal eng Pathologie.

Et géif eis obligéieren, permanent hyper kompetitiv ze sinn. Deen eenzege Critère wier Succès. Mir géifen eis eis iwwerzeege loossen, datt alles méiglech ass wa mir nëmmen haart genuch schaffen. "An dat ass net richteg. Deen schlëmmsten Effet dovun op eis Identitéit ass, datt dëst Spigelbild eis Ee géint deen Anere stellt. Dat huet eis zu Individualiste gemaach. An zu Egoisten."

Eng individuell, egoistesch Identitéit, déi op eng ambivalent Notioun vun Autoritéit stéisst. Engersäits dem Refus vun der strenger Autoritéit, an anerersäits de gemëschte Gefiller vis-à-vis vun der Autoritéit. Dat ass ee Grond firwat de Paul Verhaeghe sech fir dee Begrëff interesséiert an e studéiert huet.

D'Hannah Arendt iwwer Autoritéit

Ee Schrëftstéck vun der Hannah Arendt vun 1954 hätt hie remarkabel fonnt. Virun allem, well si Autoritéit net als negativ Valeur géif ugesinn. "Fir d'Hannah Arendt ass Autoritéit noutwenneg, well se eng Funktioun erfëllt: Wann Autoritéit an enger Gemeinschaft, enger Organisatioun, enger Gesellschaft ass, follegen d'Mënsche fräiwëlleg enger Rei vun Reegelen an Ofmaachungen. Si ënnersträicht hei d’Tatsaach vun der Fräiwellegkeet."

Sozial Bezéiunge géifen duerch dës Form vun Autoritéit also op fräiwëlleger Basis reguléiert. D'Hannah Arendt hätt sech och gefrot, ob et eng aner Manéier géif ginn, fir d'Gesellschaft ze reguléieren. Deen anere Wee wier hirer Meenung no d'Muecht. Erzwongen Autoritéit geséich d'Hannah Arendt als negativ, iwwerdeems op fräiwëlleg Decisioun baséiert Autoritéit an hiren Aen néideg wier.

Eng nei Form vun Autoritéit

Well d'Notioun vum Patriarchat an der zweeter Halschent vum leschte Joerhonnert ëmmer méi verschwonne wier, bräichte mir eng nei Form vun Autoritéit, sou de Paul Verhaeghe. Déi misst een an der Struktur gesinn: "Déi Struktur ass genau de Contraire vun der traditioneller Notioun vun Autoritéit, déi vun uewen no ënne geet. Déi nei Form vun Autoritéit ass horizontal, a geet vun ënnen no uewen. Si huet verschidde Verflechtungspunkten, zwëschen deenen d'Autoritéit an enger flaacher Struktur hin an hier wiesselt."

An der Educatioun vun haut geséich een dat schonn. "Waart nëmme bis däi Papp heemkënnt", wier fréier, staark stiliséiert, de Motto an der Erzéiung gewiescht. Haut géife Kanner vu ville verschiddenen Persounen erzunn. Si kéinte gutt mat där diversifizéierter Struktur vun Autoritéit ëmgoen.

Och an der Aarbechtswelt géif dës Form vun horizontaler Struktur schonn zum Deel praktizéiert ginn. Am Paul Verhaeghe sengen Aen eng positive Entwécklung. Awer wann een d'Differenz zwëschen Muecht an Autoritéit géif verstoen, da geséich een, datt mir an enger ganz kruzialer Zäit wieren. "Entweder entwéckelt eis Gesellschaft sech a Richtung vu Muecht, wat eng nei Form vu Faschismus géif bedeiten. Oder d'Gesellschaft evoluéiert an d'Richtung vun enger neier Autoritéit, déi méi horizontal organiséiert ass. Ech mengen net, datt et eng aner Léisung gëtt. Et ass dat Eent oder dat Anert."