Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geschichten aus der Zell Nummer 252

Kulturjoer Mons

Geschichten aus der Zell Nummer 252

Och iwwer d'Enn vum Kulturjoer eraus ass am Musée des Beaux Arts zu Mons eng grouss Expo iwwert de Poet Paul Verlaine mam Titel “Verlaine, Cellule 252-Turbulences poétiques” ze gesinn. Et ass en Hommage un de grousse Poet, deen Enn vum 19. Joerhonnert am Fong net wéinst Mord verurteelt ginn ass, mee wéinst sénger Homosexualitéit – an dunn zu Mons am Prisong souz.

Jean-Claude Majerus / ckl

auto_stories

3 min

D'Isabelle Delvaux vun der Organisatioun Mons 2015

D'Joeren déi hien am Prisong am belsche Mons verbruecht huet waren eng wichteg Zäit am Liewe vum Paul Verlaine. Do gelant ass hien no der sougenannter Affaire de Bruxelles. De grousse franséische Poet hat säin Amant Arthur Rimbaud 1873 an der belscher Haaptstad ugeschoss, no engem Sträit.

Doropshinn ass hien zu zwee Joer Prisong veruerteelt ginn, déi hien an der Zell 252 vum Monser Bing verbruecht huet. De Verlaine huet déi 24 Méint dofir genotzt fir ze schreiwen, an dobäi op säi Liewen zeréckzekucken. "Hien huet hei verschidde vu senge bekannteste Wierker geschriwwen", erkläert d’Isabelle Delvaux, vun der Organisatioun vum Kulturjoer Mons 2015.

Homosexualitéit, en Tabu

De Verlaine ass awer net an éischter Linn wéinst Mord veruerteelt ginn. De Poet war homosexuell, an dat war dem erzkonservativen an déif gleewege Riichter deen de Prozess geleet huet, en Dar am A. Bei der Enquête war am Verlaine senger Täsch e Gedicht fonnt ginn, dat ronderëm sexuell Relatiounen tëscht zwee Männer gedréint huet. Sou ass och erausfonnt ginn, datt de Verlaine eng Bezéiung mam Rimbaud hat. "Mee um Enn vum 19. Joerhonnert war dat natierlech total Tabu, an de Riichter huet sech wierklech op deen Detail vun der Affär fokusséiert", seet d'Isabelle Delvaux.

D’Ausstellung am Musée des Beaux Arts zu Mons geet op d'Biographie vum Verlaine an – deen zu Metz op d'Welt komm ass – mee och op déi zentral Personnagen aus sengem Liewen, also de Poet Rimbaud, a seng Fra, d'Mathilde Mauté. Dobäi hëlt de Prozess an duerno dem Verlaine säi Liewen am Prisong eng grouss Plaz an. D'Zell mat der Nummer 252 gouf fir d'Expo rekonstruéiert, ënner anerem unhand vun den Originaldire vum Prisong. An och den Originalrevolver, mat deem de Verlaine op de Rimbaud geschoss huet, ass ze gesinn.

De Verlaine ass Karikaturist

Et kennt een de Verlaine als Poet, mee e groussen Deel vun der Expo weist awer och eng aner Säit vum Paul Verlaine: déi vum Karikaturist. Am Zentrum vu sengen deels ganz humoristeschen Zeechnunge stoung säin direkt Ëmfeld – Famill a Frënn. "Et ass eng méi onbekannte Säit vum Poet, mee eng ganz kuckeswäert", seet d'Isabelle Delvaux.

Am Summer hat d’Ausstellung schonn eng prominent Visite: déi amerikanesch Songwriterin Patti Smith, déi souwuel de Verlaine wéi och de Rimbaud bewonnert, war kucke komm. "Si huet eng Passioun fir déi Leit déi aus de Konventioune vun hirer Zäit ausgebrach sinn, déi anescht geduecht a gelieft hunn, sou wéi de Verlaine an och de Rimbaud". erkläert d'Isabelle Delvaux.

Dës grouss an intressant Expo iwwert de Poet Paul Verlaine, ass, och wann d’Kulturjoer den 12. Dezember op en Enn geet, nach bis de 24. Januar 2016 am Musée des Beaux Arts zu Mons ze gesinn.