Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Sylvain Luc - Giant Steps/Goodbye Marylou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pechschwaarze Western virun Terres Rouges-Hannergrond

Nei am Kino

Pechschwaarze Western virun Terres Rouges-Hannergrond

Déi Lëtzebuerger Co-Productioun "Never Grow Old" ass vum iresche Realisateur Ivan Kavanaugh an Zeen gesat ginn. An deem zolitte Western gëtt et net vill Päerd, dofir awer vill Bulli a vill Blutt!

auto_stories

3 min

1849. De Schräiner an Doudegriewer Patrick Tate (Emile Hirsch) lieft bescheide mat senger jonker Fra (Deborah François) an hiren zwee Meedercher zu Garlow, enger klenger Stad, déi vun engem ultra-rigoristesche Paschtouer an der Gitt gehale gëtt. Dat schwéiert mee alles an allem friddlecht Liewe geréit an d'Kippen, wéi eng Band vu Brigangen an d'Stiedchen afält an d'Awunner terroriséiert. De Chef vun der Band, den Dutch Albert (John Cusack), gedenkt do seng eege Moralvirstellungen ëmzesetzen.

Wild West am Minett

Fir Kenner vum Minett läit et op der Hand, datt iergend een op d'Iddi huet misse kommen, virum Hannergrond vun de roude Fielsen e Western ze dréien. Dem iresche Realisateur Ivan Kavanaugh säi fënnefte Film "Never Grow Old", vun der Lëtzebuerger Firma Iris co-produzéiert, ass zwar - wéinst dem limitéierte Budget - keen opwändege Spektakel (wéineg bis keng Päerd). Dofir awer een intimistesche Western, dee beméit ass, eng Atmosphär opzebauen ouni op Genre-üblech Elementer ze verzichten. Hei ass et den Archetyp vum éierlechen, onopfällege Matbierger, dee géint säi Wëllen, dat heescht duerch d'Ëmstänn, an d'Roll vum Held gezwonge gëtt.

Datt de klengen Doudegriewer Patrick iergendwann eng Kéier zur Waff wäert gräifen, ass vun Ufank u gewosst, an zwar duerch de "flash-forward", deen de Schluss vum Film deelweis virewech hëlt. An Tëschenzäit kritt de Spectateur virun Ae geféiert, wéi den Drock lues a lues zouhëlt, éier et dann explodéiert ...

Klenge Mann tëschent Hummer an Amboss

De Patrick, als iresche Katholik mat enger franséischer Fra souwisou schonn en Outsider a senger Gemeinschaft, geréit tëschent Hummer an Amboss: engersäits de protestantesche Paschtouer, deen allméiglech Sënne gäisselt an e Liewen an Austeritéit priedegt; anerersäits de Bandit Dutch (den John Cusack gläicht hei iwwregens dem Michael Madsen aus "The Hateful Eight"), dee mat enger eisener Hand d'Stiedche mat Alkohol a Prostitutioun wëllt beglécken, an dem Patrick eng "Frëndschaft" opzwéngt, op déi dee gär verzicht hätt ...

Datt déi zwee Männer eigentlech déi zwou Säite vun enger selwechter Medail sinn, ënnersträicht d'Kamera-Aarbecht: alle béid gi si vun ënnen erop gefilmt, vu béide geet eng kloer Menace aus. De Patrick huet keng besonnesch Sympathie, weder fir deen een nach fir deen aneren, och wa sech eng objektiv Allianz mat engem vu béiden ergëtt - op d'mannst eng Zäit laang. Den Doudegriewer pendelt tëschent deenen zwee Polen hin an hier, mat engem eenzegen Hannergedanken: wéi bréngt hien et an där kriddeleger Situatioun fäerdeg, seng Famill esou gutt et geet aus der Schosslinn ze halen?

E Film wéi pechege Goudron

"Never Grow Old" ass vun enger extrem bedréckender Atmosphär gepräägt. D'Awunner vu Garlow musse sech duerch d'Keelt an de quasi knéihéije Bulli schleefen. Virun allem ass de Film vun enger beonrouegender Däischtert dominéiert, déi eleng vum Feier duerchbrach gëtt. Déi wonnerbar "clair-obsur"-Ästhetik spigelt genee dem Haaptpersonnage seng Zerrassenheet erëm.

Dem Ivan Kavanaugh ass een zolitten, gutt gespillte Western gelongen, e Film wéi pechege Goudron, an deem et - bis op dem Dutch säi schwaarzen Humor, dee klaakt wéi säi Colt - net vill ze laache gëtt. "Never Grow Old" ass een ausdréckleche Kommentar op déi haiteg Vereenegt Staate vun Amerika ...