Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ PFH steet am CNA fir "ewechkucken oder handelen"

Kënschtlerduo

PFH steet am CNA fir "ewechkucken oder handelen"

Kennt Dir d'Ofkierzung PFH? Am Québec steet se fir "putain de facteur humain". Gemengt ass domat, datt dem Mënsch seng Capacitéit, bei Schwieregkeeten ewech ze kucken, en negativen Afloss op d'Entwécklung vun eiser Geschicht kann hunn. De kanadeschen Astrophysiker Hubert Reeves huet decidéiert, hinzekucken an esou de PFH an e "précieux facteur humain" ze verwandelen. De Kënschtlerduo Karolina Markiewicz a Pascal Piron huet doropshin am CNA eng Installatioun mam Titel "PFH" kreéiert, déi mat béide Bedeitunge spillt.

auto_stories

3 min

Decisioune muss de Visiteur schonn an der Entrée vum Pomhouse vum CNA huelen: do hänkt e schwaarze schwéiere Rideau wéi ...e schlecht Omen? Wéi eng Protektioun fir e fragilt Konschtwierk? Oder ganz banal: als Kino- oder Theateraccessoire, fir déi richteg Ambiance ze kreéieren? Hannendrun héiert ee Stëmmen, déi duerch de Raum geeschteren, stécht een d'Nues derduerch fält engem eng Bünen- respektiv Filmkuliss op.

Eng ënner Narkos, eng déi vergiess gouf? Alles ass däischter, schwaarz an e bësse wäiss. Vum Plaffong hänke Fändele mat Texter a Fotoen erof, a wat ass dat fir e risegen Tüb queesch duerch de Raum? De Virwëlz wënnt: ech ginn eran. Eemol an de Raum, dann an den - wéi sech erausstellt - Tunnel, an deem an der Mëtt e Virtual-Reality-Casque hänkt. Ech zéien en iwwer de Kapp a stinn op eemol op enger Plage tëschent zwou iwwerdimensionale Gëttinnen, déi mir ëmmer méi no kommen. Casque erof. Da stinn ech nees an engem schwaarzen Tunnel. Viru mir de Kënschtler Pascal Piron.

"Tëschent deenen zwou Gëttinnen ass een an der Konfrontatioun. Du kanns ronderëm dech kucken, gesäis wéi déi zwee - déi eng vun där enger, déi aner vun der anerer Säit - op dech zoulafen. Dat Ganzt ass a Slowmotion, si komme ganz lues op dech duer. Nach keng Konfrontatioun an déi lues Beweegunge sti fir déi mental Preparatioun op all méiglech Zorte vu Konfrontatioun: sech iwwerleeën, wat ee seet, wéi deen anere reagéiere kéint. Déi reell Konfrontatioun ass duerno verhältnisméisseg kuerz! "D'Leit streide vill méi mat mir a mengem Kapp, wéi a Wierklechkeet", hat ech emol um Internet gelies."

Video a Sound

En "théâtre du désordre" nennen d'Kënschtler hir Installatioun, an deem mythesch Konfrontatiounen, soziopolitesch Sujeten op d'Tapéit, respektiv den Tunnel oder d'Fändele kommen. Op enger Mauer flimmert eppes. Ah endlech e bësse Faarf. Videomaterial. Mee d'Biller si mat Programmer traitéiert, zerlafen um Enn zu abstrakter Molerei. Karolina Markiewicz:

"Mir hu Videoe gesammelt, déi lescht puer Méint, awer och Sounddokumentatioun vu verschiddene Konfrontatiounen. Dat heescht: Manifestatioune vun 1979 un am Iran, wou d'Frae manifestéiert hunn, bis d'Gilets jaunes, d'Syrer elo am Moment. Dat benotze mir als konkret Material, konfrontéieren et mat deem neie Mythos, dee mir hei erzielen, iwwer zwou Gëttinnen, déi sech konfrontéieren."

Fir hir Installatioun hunn d'Karolina Markiewicz an de Pascal Piron mat zwou Schauspillerinnen, enger Sängerin, enger Butoh-Dänzerin fir de VR-Clip, engem Museker an enger Rei Computerspezialisten zesummegeschafft. Si alleguer hannerfroen de PFH, gesinn d'Evolutioun vum Mënsch an zwou Richtungen, vijenzeg an hannerzeg. Fir d'Karolina Markiewicz huet dat um Enn vill mat Korporalitéit ze dinn.

"Wat sinn d'Limitte vum Kierper? Ass et well mir eng Limitt hunn, eng Hüls, datt mir net komplett kënne gären hunn; datt mir net komplett empathesch sinn. Datt mir eis iergendwou an eiser Hüls do protegéieren."