Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Brittany Howard - Georgia

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Phaseweis Reouverture vum Resistenzmusée

Geschicht

Phaseweis Reouverture vum Resistenzmusée

"Musée national de la résistence et des droits humains". Neien Numm, neie Logo, deelweis nei Ausriichtung. An Etappe wäert de Resistenzmusée op der Escher Brillplaz seng Diere bis Februar 2023 opmaachen

auto_stories

4 min

Den nationale Resistenzmusée zu Esch

Bal dräi Joer gëtt mëttlerweil schonn um Schantje geschafft, mat deem den nationale Resistenzmusée däitlech vergréissert soll ginn. Mat 870 Quadratmeter ass et bal eng Verdräifachung vun der Fläch. Zënter September ass och de sougenannte Musée transistoire zou.

Déi Responsabel hunn déi lescht Woch iwwer de Verlaf vum Ëmbau informéiert. En neie Fligel kënnt op der Nummer 136 vun der Uelzechtstrooss dobäi. Éischte Stack a Rez-de-chaussée si fir déi permanent Ausstellung geduecht, am Sous-sol ass Plaz fir temporär Expoen. Den zweete bis de véierte Stack ass fir d'Administratioun. D'Architektur kënnt vum Büro Jim Clemes, dat museographescht Konzept vun der Firma Enjoy.

"... et des droits humains"

Net nëmmen d'Gebai op der Escher Brillplaz gëtt frësch gemaach. De Resistenzmusée kritt en neie Logo, en neien Internetsite an och en neien Numm, respektiv ass deen alen erweidert ginn: an Zukunft heescht en "Musée national de la résistance et des droits humains". Der Kulturministerin Sam Tanson no wier dat:

"eng logesch Suite vun der Geschicht en tant que telle an och vun deem, wat de Musée iwwer d'Joer gewisen huet. Wann ee resistéiert, da resistéiert een ëmmer fir d'Mënscherechter ze preservéieren. Esou eng Resistenz ass eigentlech universell. Zemools an deem Kontext, wou mer se hei traitéieren, geet et natierlech drëms, sech anzesetzen, fir d'Rechter, sief et vun engem gewëssen Deel vun der Populatioun, vu Minoritéiten -dat kennen mer och haut nach all ze gutt, leider... An et geet och drëm, datt all Mënsch d'selwecht traitéiert gëtt. An dofir fannen ech dat extreem wichteg a gutt, datt elo deen Zousaz an den Numm kënnt, well deen déi Wäerter, déi hei vermëttelt ginn, ganz gutt ënnersträicht."

Am Februar 2023 ass déi grouss Reouverture vum Musée virgesinn. De Visiteur kritt dann eng nei museographesch Opmaachung ugebueden, déi nach méi Wäert op biografesch an thematesch Duerstellunge leet. D'Resistenz soll an e méi universelle Kontext gesat ginn. Iwwert déi zukünfteg Ausriichtung vum Resistenzmusée, säin Direkter Frank Schroeder:

"Nodeem deen neie Musée opgeet, wäerte sech eis Schwéierpunkten net komplett änneren. Trotzdeem wäerte mer mat eiser Dauerausstellung méi op d'Besoine vum Enseignement agoen. Eis Roll am Enseignement, an der Education à la citoyenneté, ass an eisen Ae grouss. Dat weist sech a gemeinsame Projeten, déi mer mam Zentrum fir politesch Bildung maachen, mat anere Kulturinstitutioune wéi dem Militärmusée vun Dikrech, mat Neimënster... Dat wäerte mer an deenen nächste Wochen, Méint a Joren natierlech nach ausbauen."

Zwou temporär Expoe fir Esch 2022

An Tëschenzäit wäert awer schonn en Deel vum Musée zur Verfügung stoe fir zwou temporär Ausstellungen am Kader vun der Kulturhaaptstad Esch2022 z'ëmfänken: "Qui cherche la paix" (Februar-August) an "Ecce Homo" (September-Januar 2023) Dozou den Escher Buergermeeschter a President vum Verwaltungsrot vum Musée, Georges Mischo:

"Am haitege Sproochgebrauch géif ee soen: dat ass gepimpt ginn. Et ass vill méi flott, wéi dat virdru war. Et ass eng ganz Zeenographie, Museographie gemaach ginn, fir eben och déi Themaen, déi net onbedéngt ëmmer liicht ze verdaue sinn, op eng flott Aart a Weis de Visiteuren no ze bréngen. An datt ee sech och an déi ganz Situatioun an déi Jore vum Zweete Weltkrich eraversetzen."

Georges Mischo, Sam Tanson a Frank Schroeder

Neie Sammelband begleet Reouverture

Déi éischt Wiesselausstellung, déi de Resistenzmusée am Februar 2023 fir d'Reouverture wëll presentéieren, dréint ronderëm vergiessen Affer am Zweete Weltkrich. Frank Schroeder:

"Haut ginn et nach eng Rei Gruppe vu Leit, déi vun den Nationalsozialiste verfollegt gi sinn, iwwer déi bis elo kee geschwat huet: Sinti a Roma, Zeugen Jehovas, beim Thema Homosexueller huet et an de leschte Joren ugefaangen ze wibbelen... Et ass wéineg bekannt iwwer handicapéiert Leit an iwwer schwaarz Leit, déi verfollegt gi sinn. Et goufen der net vill, mee et goufen der."

Dës vergiessen Affergruppe ginn iwwregens och an enger neier Publikatioun thematiséiert, un där sech déi Responsabel vum Musée allgemeng fir hir nei Erugoensweis orientéiert hunn. De Sammelband "Le Luxembourg et le Troisième Reich. Un état des lieux", deen op gutt 950 Säiten Texter op franséisch an op däitsch enthält, soll am Laf vum Mount November disponibel sinn.