Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deroubaix: "Mir liewen an enger brutaler Welt"

Nei am Mudam

Deroubaix: "Mir liewen an enger brutaler Welt"

Zu Diddeleng, an der Stater Galerie Reding-Nosbaum, an am Mudam mat “Picasso et moi”. Zu Lëtzebuerg ass den Damien Deroubaix an der leschter Zäit staark present mat senge beandrockenden, mol méi, mol manner, düstere Gravuren a Molereien. Interessant ass dem Damien Deroubaix seng Biographie: alles anescht wéi klassesch.

Kerstin Thalau / ckl

auto_stories

4 min

"Garage Days Re-visited" vum Damien Deroubaix (© Guy Rebmeister)

Dialog oder Konfrontatioun? Am Mudam hänken eng Dose Picasso-Originaler tëscht engen 40 Damien-Deroubaix-Wierker. Nach hu Picasso-Puristen sech net beklot. Mee esouguer wann...dem Damien Deroubaix wier dat egal: "Je m'en fous complètement", seet hien. "Ech wëll keng picassoïd Biller maachen, ech wëll meng Zäit molen".  
 
Seng Zäit molen: am Fall vum Deroubaix bedeit dat, historesch Grujelegkeeten op Pabeier, Holz oder Glas bréngen: Symboler wéi KZ-Wuechttierm zum Beispill, mat aktuellem Sadismus, Verweiser op d'Konschtgeschicht, an apokalyptesch Visiounen. Dat Ganzt gewierzt mat déif schwaarzem Humor, dee kéint aus enger BD kommen, ënnert dem Afloss vu Metalmusek – Grindcore. "Ech sti moies op, maache mir Kaffi, dréinen am Atelier de Radio op, an den Alpdram geet nees lass!", erkläert de Kënschtler. 

"Wousst net wien de Picasso wier" 

Et géife vill Leit ginn, déi säi Wierk aggressiv fannen, a brutal. "Mee ech hu Loscht d'Welt an där mir liewen ze weisen. A mir liewen an enger brutaler Welt", seet den Damien Deroubaix dozou.
 
Deroubaix – Dat kléngt no Adel aus Nordfrankräich. Nord-Pas-de-Calais ass déi richteg Richtung, den Damien ass 1972 zu Lille op d’Welt komm. Mee nobel war säin Alldag net, a Konscht e Friemwuert. "Ech hu schonn ëmmer gezeechent, mee ech hunn net gewosst wat Konscht wier", erkläert den Damien Deroubaix. Am Lycée huet dunn eng Frëndin hie gefrot fir mat an Owescoursen ze goen, fir ze zeechnen. Vun den Organisateuren vum Cours gëtt eng Rees op Arles organiséiert, an eng Picasso-Ausstellung. "Ech wousst net wien de Picasso wier, mee vu datt de Cours super war, sinn ech matgaang", erënnert den Damien Deroubaix sech. 

"Jonken, onkultivéiert, aus dem Aarbechtermilieu"

An der Ausstellung zu Arles ass ee Wierk ze gesinn, dat him et besonnesch undeet. "Et war eng Tapisserei aus der Zäit no Guernica, an et war e Schock!", sou de Kënschtler. De 19 Joer alen Damien Deroubaix freet no, wëll Detailer wëssen. A kritt gesot: wien Konscht wëll maachen, dee geet am Beschten op eng Konschthéichschoul. "Sou ass et gaang, e jonken, onkultivéierten Typ aus dem Aarbechtermilieu, deen eng Welt entdeckt, déi een him net gewisen hat", sou den Deroubaix.

An der Tëschenzäit ass vill geschitt. No Konschtstudium zu Saint-Etienne an zu Karlsruhe, huet den Deroubaix laang Joeren zu Berlin gelieft, ier hien sech an der Lorraine, an der Glasstad Meisenthal, néiergelooss huet. Berlin wier him um Enn ze deier an ze geleckt ginn, sou de franséische Kënschtler. An der 750-Awunner-Gemeng Meisenthal konnt den Damien Deroubaix sech dann och komplett op de Picasso-Projet aloossen. Dobäi huet hien och d'Tapisserei vun deemools op seng Manéier nogemaach. "Ech wollt se net ofmolen, mee eng Technik benotzen, déi ech zanter 2009 vill gebrauchen, nämlech Gravure op Holz, déi herno gefierft an da rëm nei gravéiert ginn". Ze gesinn ass "Garage Days Re-visited", a vill aner Wierker vum Këntschler, aktuell am Mudam, bis den 29. Mee 2016.

Vill Neies am Mudam

"Picasso et moi" ass nëmmen eng vun de fënnef Ausstellungen vun der neier Saison am Mudam. Weider ze gesinn ass Folgendes: 

  • Déi visuell Kënschtlerin Fiona Tan presentéiert am Sous-Sol “Geography of time”: eng beweegend Billerrees zu der klenger, perséinlecher, Geschicht an der grousser Histoire.
  •  D'Sarah Oppenheimer huet am zentralen Hall transparent Strukturen opgeriicht, déi eis Perceptioun vun der Architektur op d’Kopp geheien
  • Den Designer Robert Stadler presentéiert eng Kollektioun vu bizarren, skurillen, Objeten ënnert dem Titel “Quiz”’.
  • D'Beatrice Gibson bréngt an hirer Videoinstallatioun experimentell Musek mat Économie a Pédagogie a Verbindung. 

Eise Bäitrag iwwer den Detail vun der neier Saison: