Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Tja (feat. Nené Vásquez)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pina Bausch am groussen Theater

Danztheater

Pina Bausch am groussen Theater

De Besuch vum Tanztheater Wuppertal zu Lëtzebuerg, mat enger Choreographie vum Pina Bausch – "Masurca Fogo" – ass keng Selbstverständlechkeet. Den aktuellen Direkter vum groussen Theater, Tom Leick, huet dat ënner anerem nach sengem Virgänger, Fränk Feitler, ze verdanken. Kerstin Thalau/ ckl

auto_stories

3 min

"Masurca Fogo" vum Pina Bausch gëtt als Hommage un d’Liewe bezeechent (© Zerrin Aydin Herwegh)

"Mech interesséiert net esou staark, wéi d’Mënschen sech bewegen, mee wat se beweegt", ass wuel eent vun de bekanntsten Zitater vun der Philippine, Pina, Bausch. D’Kënschtlerin huet als éischt den Danz mat Gesang, Pantomim, Konscht a Schauspill verbonnen, an doduerch eng komplett nei Danzrichtung, den ‘Tanztheater’, entwéckelt. Déi gewinnt Danzstruktur huet d’Choreographin dacks an eenzel Zeenen opgeléist an se duerno no Themen nei zesumme montéiert. "Danzen ass eng Ausernanersetzung mam Kierper, op verschidden Aart a Weisen", seet den Direkter vum Groussen Theater, Tom Leick, deen zougëtt datt d'Kommunikatioun vun Theaterhaiser an deem Beräich besonnesch wichteg ass. "Doduerch kann een dem Publikum am Virfeld erklären op wat een sech aléisst". 

"Mol méi, mol manner zougänglech"

Mat Choreographië vum Pina Bausch léist een sech op d’Ausdrécke vu Gefiller an. Ausgangspunkt fir d’Choreographië waren dacks eenzel Gesten, Improvisatioune vun hiren Dänzer, während de Prouwen. Si huet fir gewéinlech hire Kënschtler Froen zu verschiddene Sujeten oder Situatioune gestallt, si danze gelooss, an hinnen Indikatioune ginn, wéi si eng éischt Bewegung veränneren an eenzegaarteg maachen kéinten.

Op Basis vun dëse Sammlungen vu Mouvementer sinn dann hier Stécker kreéiert ginn. An och den Tom Leick huet sech domat schonn vum Pina Bausch iwwerrasche gelooss. "Ech hunn an der läschter Zäit nach eng Rei Stécker gesinn, déi ech virdrun net gesinn hat. An réischt elo verstinn ech, wat fir een Esprit do derhannert stécht", seet den Tom Leick, deen och zougëtt datt Pina-Bausch-Stécker "mol méi mol manner zougänglech" sinn. 

"Eng vun de läschten groussen Dammen"

"Masurca Fogo" wier awer bewosst ausgesicht ginn , well et ebe grad eng Aféierung an d'Aarbecht vum Pina Bausch ass. "Masurca Fogo" ass eng Pina-Bausch-Choreographie aus dem Joer 1998, si gëtt als Hommage un d’Liewe bezeechent.

Datt d'Stéck elo zu Lëtzebuerg ze gesinn ass, ass och dem fréieren Direkter vum Theater, Fränk Feitler, säi Verdéngscht. Säi Nofolger, Tom Leick, freet sech doriwwer – fir hien ass d'Pina Bausch "eng vun de läschten groussen Dammen". "De Fränk huet schonn wéi d'Pina nach geliewt huet, versicht d'Compagnie heihinn ze kréien. Si haten sech souguer eng Kéier gesinn, mee et huet ni geklappt. T'ass et lo souwäit ass, ass super, a natierlech eng Highlight vun der Danzsaison", sou den Tom Leick.
 
"Masurca Fogo" leeft vum 2. bis de 5 Dezember 2015 am groussen Theater, all Kéier Owes um 20 Auer.