Radioen

On air

Tockcity  |  Nia Archives - Cards On The Table

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grondsätzlech Froen zum Ëmgang mat der Technik

"Cam" vum Daniel Goldhaber

Grondsätzlech Froen zum Ëmgang mat der Technik

Aus dem Produktiounshaus Blumhouse - der Produktiounsboîte vun esou Filmer wéi d'"Paranormal Activity" Serie a "Get Out" - ass elo via Netflix de Film "Cam" ze gesinn. En iwwerraschenden Horrorfilm, net well en ausseruerdentlech Angscht mécht, mee well e mat enger Handvoll Elementen interessant Froen opstellt. Den Tom Dockal huet sech "Cam" ugekuckt.

auto_stories

4 min

Sech no baussen eng Identitéit opbauen - sech selwer inzenéieren, fir bei Persoun x oder y oder engem ganze Grupp vu Mënschen ervirzestiechen. Perséinlechkeetsadaptatioun - wat als dat selbstverständlechst vun der Welt duerf verstane ginn, gëtt am Film Cam net nëmme wuertwiertlech geholl, mee och weidergeduecht. Dësen Thriller spillt sech an der Welt vum Webcam-Porno of. D'Alice ass en ambitionéiert Camgirl, huet eng Rëtsch devouéiert Fans duerch déi hatt mat enger gewësser finanzieller Aisance liewe kann, an dat alles, ouni selwer opgesate Reegelen ze briechen. D'Sue sinn him zwar iergendwéi egal, mee wat hatt wierklech virun dreift, ass, fir iergendwann d'Nummer eent vun der Camgirlsäit ze ginn, op där si dagan dagaus live streamt.

Horror vun all digital native

Enges gudde Moiens geschitt awer, virun deem sech net méi just exklusiv digital natives schudderen: d'Alice ka sech net méi aloggen. Schlëmmer nach - d'Alice, oder d'Lola, ewéi säin Online Avatar heescht, streamt monter weider. Wien oder wat ass déi Kopie, déi sech do breet mécht a virun allem dat mécht, wat d'Alice net wëll maachen?

Techno-Thriller, Filmer also, an deenen Technologie am Virdergrond steet, hunn an der Reegel en ongewollt anticipéierten Oflafdatum. Mol ganz dovunner ofgesinn, ëm wat et an de Filmer selwer geet, d'Technologie mécht déi Filmer op engem ästheteschen Niveau séier obsolet. Hackers, Flatliners, Tron, War Games an an an - et kéint een der honnerten opzielen, déi haut ewéi verstëbste Filmrelikter do leien. An dobäi si se keng 40 Joer al. Cam a Konsorten riskéiert et ähnlech ze ergoen. Mee op dëser Plaz soll elo net méi iwwer d'Temporalitéit vun Ästhetik-Codë geschwat ginn.

Éischte Film vum Realisateur Daniel Goldhaber a virun allem éischte Film vun der Dréibuchauteurin Isa Mazzei ass op enger Rëtsch Niveauen interessant. Dem Mazzei ass eppes gelongen, wat an engem Grand publique Genrefilm net alt ze dacks ze gesinn ass.

D'Haaptprotagonistin, eng Prostituéiert, gëtt iwwer déi längsten Zäit vum Film net victimiséiert. Ganz am Géigendeel hëlt sech de Film d'Zäit, eng onbekannt Welt an Zeen ze setzen. Eng Welt an där déi Bedeelegt op deenen zwou Säite vum Ecran an engem trauregen Elleng-Sinn liewen an an där déi Mënsche virun der Kamera engem permanente "Gaze" ausgesat sinn - meeschtens engem männlechen. Dëse "Gaze" bréngt engersäits d'Suen eran, anerersäits sinn d'Views an d'Suen vun deenen Onbekannten och eng Affirmatioun vum Status, vun der Existenz vun den Aarbechterinnen. D'Auteurin vum Dréibuch war selwer e Camgirl.

Neongetränkte Faarwen a séiere Montage

De Film selwer daucht seng Biller an neongetränkte Faarwen a spillt mam séiere Montage aus Vue op de Computerecran an dat virun der Kamera mat enger Videoclipesthethik, déi mol u Gaspard Noé, soss un e voyeuristesche Brian De Palma erënnert, deen alt nees den Hitchcock kopéiert. Natierlech ass d'Realisatioun bei Cam net esou aboutéiert, se stellt awer formell Akzenter an de Raum vum Spectateur vum Film - deen natierlech och voyeuristesch agéiert am Hibléck op d'Protagonistin vum Film - déi sech op eemol duebel representéiert gesäit. D'Internet-Persona vum Alice mécht sech selbststänneg a geet an d'Richtung vun enger Identitéit, déi sech d'Spectateure vum Chatroom wënschen. Dat alles duerch den Dispositif vum Computerecran, deen erëmgespigelt gëtt duerch den Ecran, op deem de Film gekuckt gëtt.

Fir d'Autonomie iwwert hir Identitéit nees ze kréien, muss d'Alice un alle Strécken zéien. Selbstverstëmmelung inklusiv. Verfält de leschten Akt vum Film eng Grimmel ze vill an den Hänn vu klasseschen Horror-Genre Konventiounen, esou bitt Cam awer eng ganz Rëtsch partis prisen un, déi aus dësem klénge glauquen Genrefilm eng Plattform fir grondsätzlech Froen iwwer den Ëmgang mam 2.0 a mat der Technik maachen.