Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Bill Frisell - Nocturne Vulgaire (feat. Alexander Hanson, Brussels Philharmonic, Rudy Royston)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pole Dance: "E Konscht-Sport"

Kultur

Pole Dance: "E Konscht-Sport"

Wann ee “Pole Dance” héiert, dann huet een dacks eng falsch Virstellung vun deem wat et iwwerhaapt ass. “Pole Dance” ass am Fong e Konscht-Sport oder en “Art du Spectacle”,dee seng Originen am Zirkus huet. E Samschdeg (11.06.) invitéiert d’ASBL “Pole and Aerial Art” op e “Pole and Friends Gala” an den Artiskuss op Zolwer.

auto_stories

3 min

Pole Dance: e Konscht-Sport

Denkt een u "Pole Dance", da kommen engem Biller an de Kapp vu Cabareten oder soss Etablissementer wou knapp ugedoe Fraen oder Männer ënnert de geierege Blécker vun de Spectateuren un enger Staang erop- an erof rutschen. Dat entsprécht net deem wat d'"Pole and Aerial Art ASBL Déifferdeng" mécht.

D’Daphné Boehles seet déi meescht Leit géinge Pole Dance mat "Etablissementer op der Grenz hei zu Esch oder an der Stad am Garer Quartier" associéieren. D’ASBL gesäit Pole Dance awer vill méi als Sport an als Konschtform.

"Am Pole Dance fënnt een alles zeréck"

Pole Dance ass e Konscht-Sport, eng Denominatioun, déi ganz vill Ausdrockskraaft huet. Vill Genrë verschmëlze mateneen a si komplementar zouenee. Sportlech ass et Gymnastik, Akrobatik, Kraaft an esou weider. Artistesch ass et Musek, Ästhetik, Danz, Choreographie.

Et misst een am Ufank och nach net onbedéngt Sport gemaach hunn, erkläert d’Daphné Boehles: “Déi eng kommen aus dem Fitness, déi aner aus der Gymnastik, anerer aus dem Ballet an anerer, déi hu guer näischt gemaach.”

Keng Federatioun

International gëtt et schonn eng Pole Dance Federatioun. Zu Lëtzebuerg nach net, well d’Aktivitéit nach ze kleng wier. Et ginn dräi Veräiner, net genuch Memberen an net déi masse critique, esou d’Daphné Boehles. "Mir sinn och ëmmer erëm op der Sich no Proffen."

Polce Dance Gala

Dëse Samschdeg (11.06.) ass am Artikuss zu Zolwer mam Pole and Friends Gala 2016, d’Méiglechkeet fir d’Konscht-Sport-Form z’entdecken. D’"Pole and Aerial Art ASBL Déifferdeng" huet Frënn aus dem Ausland invitéiert. Fënnef Pole Dance Schoule maachen Demonstratiounen.